Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées ou vendues
sans l’autorisation préalable de l’administration communale de Pétange
20.12.2025
Élèves méritants
Pétange
© Commune de Pétange / Laurent Blum
Den 20. Dezember goufen déi Schüler a Studente belount, déi eng Demande eragereecht hate fir d’Enn vun hirer Formatioun respektiv fir den erfollegräichen Ofschloss vum Schouljoer.
Fir hiren Erfolleg ze éieren hat déi Péitenger Gemeng op e klengen Empfang an de KORUS op Péiteng agelueden, fir déi sech eng 62 vun de Laureaten ugemellt haten.
18.12.2025
Mérite Culturel et Sportif am KORUS
Pétange
© Commune de Pétange / Laurent Blum
Ewéi all Joer goufen och 2025 Matbierger a Sportler op der Journée des Méritants fir hiren Engagement am Interesse vun eiser Gemeng geéiert. Am Mëttelpunkt stoung natierlech dann och d’Iwwerreechung vum Mérite sportif a vum Mérite culturel.
D’Danièle Kaber, fréier Liichtathletin, krut fir hier sportlech Carrière de „Mérite sportif” iwwerdeems de Chris Reitz, Violonist, de „Mérite culturel“ krut. D’Liewen an den Engagement vun hinne goufe jeeweils an enger Laudatio ervirgehuewen.
Och eng ganz Rei Memberen aus de Lokalveräiner, déi sech am Kader vun hirer Aktivitéit staark asetzen – zum Deel schonn iwwer laang Joren a Joerzingten -, kruten als Merci eng Medaille fir dëse groussen Asaz, deen net esou selbstverständlech ass. Fir déi néideg Ënnerhalung huet de Georges Christen mat senger Powershow gesuergt.
17.12.2025
„Full House” bei der Rentnerfeier
Pétange
© Commune de Pétange
Datt Chrëschtdag no kënnt, huet sech och bei der rezent organiséierter Rentnerfeier an der Péitenger Sportshal gewisen.
Ronn 600 Rentnerinnen a Rentner aus der ganzer Gemeng si bei dëser Geleeënheet zesummekomm, fir e puer agreabel Stonnen an engem festlech dekoréierte Kader ze verbréngen.
Den Nomëtteg gouf duerch eng ënnerhalsam Virstellung vum Zauberer an Illusionist Jan Mattheis beräichert, deen d’Publikum mat sengen Optrëtter begeeschtert huet. E weideren Highlight war den Danzspektakel vun de Queenies vun der Avant-Garde vu Rodange, dee mat vill Applaus belount gouf.
Fir de musikaleschen Encadrement hu Sandy Botsch, Erny Delosch an Änder Hirtt gesuergt. Och fir d’kulinarescht Wuel vun de Gäscht war wärend dem ganzen Nomëtteg beschte gesuergt, esou datt kee Mangel u Gedrénks oder Iessen entstanen ass.
Zum Ofschloss vun dëser gelongener Manifestatioun hu mir de Participanten e klenge Kaddo iwwerreecht, ier si sech – sichtlech zefridden – op den Heemwee gemaach hunn.
16.12.2025
Péitenger Museksschoul begeeschtert am KORUS
Pétange
© Commune de Pétange / Paulo Lobo
Et war nees eng ganz stëmmungsvoll Auditioun, déi e puer Woche viru Chrëschtdag vun der Péitenger Museksschoul am neie Concertssall am KORUS organiséiert gouf.
Grouss a kleng Musekerinnen a Museker hunn hiert Kënnen op der Bün ënner Bewäis gestallt a goufen dofir mat vill Applaus vun de begeeschterten Nolauschterer am Sall belount.
Et war e flotten Owend, deen an enger waarmer a feierlecher Atmosphär mat häerzlechem Applaus op en Enn gaangen ass – an der Iwwerzeegung, datt Musek eng universell Sprooch ass, déi Mënsche vun iwwerall zesummebréngt.
Mat dëser Motivatioun ginn si an dat neit Joer, fest entschloss, nach méi iwwert sech erauszewuessen
12&13.12.2025
✨🎄 Chrëschtstëmmung an der Millen 🎄✨
Lamadelaine
© Commune de Pétange
Liichterglanz, waarm Gedrénks a gemittlech Momenter hu fir eng onvergiesslech Adventsatmosphär gesuergt.
Déi klangvoll Begleedung vun der Péitenger Museksschoul huet d’Mille mat Liewen, Feier a Wäermt gefëllt an de Chrëschtmaart zu engem Treffpunkt fir Grouss a Kleng gemaach.
9.12.2025
Neie Kannergemengerot 2025
Pétange
© Commune de Pétange
Zanter kuerzem huet d’Gemeng Péiteng en nei gewielte Kannergemengerot.
Bei enger éischter Receptioun haten d’Eluen d’Geleeënheet, de Schäfferot kennenzeléieren an sech mat hinnen auszetauschen.
Zesummen hu si ofgestëmmt, wien d’Amt vum Kannerbuergermeeschter soll iwwerhuelen.
Eng inspiréierend a lieweg Renconter, déi den Ufank vun enger neier Mandatsperiod markéiert, an där d’Kanner mat hirer Meenung a hire frëschen Iddien eng wichteg Roll spille wäerten.
29.11.2025
Bärbelendag 2025
Rodange
© Commune de Pétange / Laurent Blum
D’Traditioun vum Bärbelendag huet d’Enn vum Minetteofbau zu Lëtzebuerg iwwerlieft.
Obwuel et haut kaum nach richteg Mineure gëtt, bleift d’Feier vun der Schutzpatréinesch vun de Biergleit weiderhin e wichtegen Datum. Zanter de 1950er Jore stoung bal a jiddfer Minn eng Statue vun der helleger Barbara.
All Joer erënnert de Bärbelendag un déi ronn 1500 Bouwen a Männer tëscht 13 an 78 Joer, déi an de Minne vum Minett hiert Liewe gelooss hunn. Ouni déi geféierlech Aarbecht vun de Mineuren – vum spéiden 19. Joerhonnert bis 1981 – wier d’Fundament vum Lëtzebuerger Wuelstand net méiglech gewiescht.
Och an der Gemeng Péiteng ginn dës Traditiounen héich gehalen. Zu Rolleng an zu Rodange gëtt de Bärbelendag all Joer gefeiert. De Cortège mat de Fakelen zu Rodange ass dobäi eng flott an impressionnant Manifestatioun, un där vill Bierger matmaachen. Et bleift ze hoffen, datt dës schéin Traditioun, déi d’Biergleit an d’Schmelzaarbechter éiert an e Stéck lokal Geschicht erzielt, och an Zukunft weidergedroe gëtt.
27/30.11.2025
🎄 Impressioune vum Traditionellen Niklosmaart zu Péiteng
Péiteng
© Commune de Pétange / Laurent Blum
🎅 Vum 27. bis den 30. November huet zu Péiteng um Place J.-F. Kennedy erëm eisen traditionellen Niklosmaart stattfonnt – organiséiert vum Syndicat d’Initiative et de Tourisme de la Commune de Pétange.
Live-Musek, waarmt Gedrénks, lecker Spezialitéiten an eng gemittlech, wanterlech Atmosphär hunn d’Visiteuren empfaangen. Fein a léif Leit, exzellent Iessen an eng immens häerzlech Stëmmung hunn déi puer Deeg gepräägt – genee esou, wéi een sech d’Adventszäit zu Péiteng virstellt..
🎅 Besuch vum Kleeschen um Niklosmaart
Sonndes, den 30. November, war de Kleeschen um Rendez-Vous um Niklosmaart an huet fir vill stralend Gesiichter gesuergt. Hien hat Tiitecher fir all d’Kanner dobäi – fir déi brav, mee och fir déi e bësse manner brav –, an och den Houseker war als Hëllef mat derbäi. Vun der Maartplaz aus ass de Cortège de kuerze Wee bis op d’ Place J.-F. Kennedy an de grousse, gehëtzte Chalet gezunn, wou de Kleeschen d’Kanner häerzlech empfaangen huet.
26.11.2025
Info-Owend: Demenz – Gut alt werden – Wéi kann ech mäin Demenzrisiko reduzéieren?
Péiteng
© Commune de Pétange
De 26. November 2025 huet d’Gemeng Péiteng an Zesummenaarbecht mam Info-Center Demenz zu engem informativen Owend an d’Kulturhaus “A Rousen” agelueden. Am Mëttelpunkt stoung dobäi d’Fro, wéi mir eis Gesondheet am Alter aktiv kënne fërderen an dat eegent Demenzrisiko reduzéieren. Experten hu praktesch Rotschléi, wëssenschaftlech Hannergrënn a konkret Präventiounsmoossnamen virgestallt, déi am Alldag einfach ëmzesetzen sinn.
D’Participanten hunn en interessanten Abléck an d’Risiko- a Schutzfaktoren am Zesummenhang mat Demenz kritt, genee esou wéi an d’Bedeitung vu kierperlecher a kognitiver Aktivitéit. Weider goufen d’Fréi Zeeche vun enger méiglecher Demenz erkläert, zesumme mat Hiweiser, wou een sech fréi a kompetent Hëllef siche kann. Och regional Offeren an Ënnerstëtzungsservicer goufen duergestallt an diskutéiert.
22/23.11.2025
Eng Péitenger Delegatioun zu Tivat
Tivat / Montenegro
© Commune de Pétange /Commune Tivat
Eng Delegatioun vun der Gemeng Péiteng, ënnert der Leedung vum Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf, wuar fir dräi Deeg op Besuch zu Tivat am Montenegro 🇲🇪.
De President vun der Gemeng Tivat, Željko Komnenović, an eise Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf hunn zesummen en Intentiounsbréif ënnerschriwwen an domat d’Grënnung vun enger Partner- a Jumelagegemeinschaft tëscht béide Stied offiziell an d’Weeër geleet.
D’Ënnerschrëft vum offizielle Partnerschaftsakt wäert am Mäerz bei eis zu Péiteng stattfannen. Eis zukünfteg Zesummenaarbecht gesäit e kulturellen a kommerziellen Austausch souwéi gemeinsam Projete vir.
🎊 Tivat huet eng kulturell Gemeinsamkeit mat Péiteng: den Internationale Carnaval zu Tivat an eis Cavalcade zu Péiteng, déi béid Stied op eng natierlech Aart a Weis zesummebruecht hunn.
22/23.11.2025
Kyotec Open 2025
Péiteng
© Commune de Pétange / Tennis Péiteng
Pendant une semaine, c’est le tennis qui se trouvait au centre de l’attention à Pétange. Quelques unes des meilleures joueuses de tennis s’étaient donné rendez-vous au Centre QT à Pétange pour y disputer le tournoi Kyotec Open.
22/23.11.2025
Mam Zuch bei de Kleeschen
Fond-de-Gras
© Commune de Pétange
Och dëst Joer huet d’AMTF erëm hir beléifte Faarte mam „Niklosdampzuch“ organiséiert – a wéi ëmmer waren déi Ticketen direkt ausverkaaft. Mat grousser Virfreed sinn d’Kanner an hir Elteren an de beheizten Zuch geklommen, deen iwwer Lamadelaine a Rodange gemittlech an de Fond-de-Gras gerattert ass, gezu vun enger imposanter Dampmaschinn.
Um Quai huet de Kleeschen d’Kanner häerzlech begréisst, éier et an de festlech dekoréierte Schapp goung. Tëscht Dännebeem, klenge Luuchten a bekannte Kleesercherslidder hunn de Kleeschen an seng schwaarz Geselle jidder Kand mat enger „Titchen“ empfaangen.
Zum Schluss ass de Train 1900 am Däischteren zréck op Péiteng gefuer – mat vill gléckleche, mee och midd Kanner u Bord.
11.2025
Expo Minetter Tagebaugebidder an der Gemeng
Péiteng
© Commune de Pétange
Les visiteurs ont pu plonger au cœur des paysages remarquables, des habitats naturels et des espèces protégées qui composent la richesse des zones Natura 2000 de notre région.
Une exposition ouverte à toutes et tous, qui a permis de mieux comprendre, protéger et admirer la biodiversité qui nous entoure.
18.11.2025
28.000€ fir déi gutt Saach!
Péiteng
© Commune de Pétange
Am Mee hat d’Gemeng Péiteng an Zesummenaarbecht mam Rotary Club Bascharage Kordall déi 3. Editioun vum „Charity Dinner“ an der Paul Wurth-Hal am Fond-de-Gras organiséiert. Fir dësen Event haten sech ganz vill Leit ugemelt, an esou koum eng ganz stolz Zomm um Enn zesummen, déi gespent sollt ginn.
Am Kader vun enger Receptioun am Hochzäitssall vun der Péitenger Gemeng gouf de Scheck iwwer 28.000€ un zwou Associatiounen iwwereecht: „Ee Kannerlaachen asbl“ a „Fir e gudden Zweck Gemeng Péiteng asbl“, wouriwwer béid Vertrieder natierlech ganz frou waren.
17.11.2025
Remise d’un chèque de 5 000 € à ELA Luxembourg
Péiteng
© Commune de Pétange
Ce 17 novembre, la Commune de Pétange a remis un chèque de 5 000 € à l’Association européenne contre les leucodystrophies (ELA), suite à l’action solidaire du 20 juin 2025 :
👉 “Ensemble pour ELA, faisons bouger notre commune”.
Grâce à l’engagement du personnel — 250 participants et
949 694 pas cumulés — nous avons pu soutenir la lutte contre ces maladies génétiques rares qui touchent le système nerveux central.
Un grand merci à toutes et tous pour cette belle mobilisation !
15.11.2025
Dag vum Bam 2025
Rodange
© Commune de Pétange
Um nationalen Dag vum Bam waren zu Rodange all Kanner, déi tëscht dem 1. November 2024 an dem 30. September 2025 op d’Welt koumen mat hiren Elteren, invitéiert. Hinnen zu Èiere gouf e Bam geplanzt.
14.11.2025
E Stéck Natur bei der Kor
Péiteng
© Commune de Pétange
An der Géigend vum Fitness-Park bei der Kor zu Péiteng waren d’Kanner aus dem Zyklus 4 aus der Péitenger Schoul ganz aktiv. Et gouf gegruewen, vill gelaacht an iwwerdeems och geschafft. Datt et net esou einfach ass, e Lach an de Buedem ze maachen, dat huet deen een oder aneren och erlieft. A wann alles gutt geet, da kënnen déi kleng „Schafferten“ och dat Uebst, wat do eruwiisst, och eng Kéier schmaachen.
Geplanzt goufen dës Kéier Quetschebeem, Äppelbeem, Birebeem a Kréischelsstäck, an dat mat der Hëllef vum Fierschter a senger Equipe grad esou ewéi Leit aus der Gäertnerei vun der Gemeng.
Dës Aktioun ass net nëmmen eng flott Ofwiesselung vum Schoulalldag, mee et gëtt de Schüler a Schülerinnen d’Geleeënheet, d’Natur eng Grimmel besser kennen ze léieren. A wee gutt léiert a schafft, dee kritt och eng Belounung. Dofir hat d’Gemeng mat waarmem Schoki an engem gudde Croissant gesuergt!
30.10.2025
Eng imposant Lann op der Bomecht
Péiteng
© Commune de Pétange
Op der Grenz tëschent de Gemenge Péiteng a Käerjeng, op der Kräizung Bomecht, ass eng imposant Lann geplanzt ginn. De Bam soll déi Trauerweid ersetzen, déi duerch den Tornado vum 9. August 2019 schwéier beschiedegt a komplett zerstéiert gi war.
Déi nei Lann ass ronn 16 Meter héich, ongeféier 10 Tonne schwéier an ëm déi 40 Joer al. Mat dëser Planzaktioun soll net nëmmen un d’Evenementer vum Summer 2019 erënnert ginn, mee och e staarkt Zeeche fir d’Weiderentwécklung vun eiser Regioun gesat ginn.
30.10.2025
Ënnerstëtzung fir d’ALSR
Rodange
© Commune de Pétange
Zu Rodange hunn d’Kanner aus de Maison-Relaisen – „Bei de Bujellien“ an „Dachse vun der Bich“ – en Don un d’„Association Luxembourgeoise du syndrome de Rett asbl” gemaach. 1.100 Euro goufen um Summerfest vun de Maison-Relaisen zesummegedroen an elo am Kader vun enger klenger Receptioun iwwerreecht. E grousse Bravo un d’Kanner, déi sech esou agesat hunn!
25.10.2025
Inauguration de l’exposition « Journée du Timbre 2025 »
Rodange
© Commune de Pétange
Lors de l’inauguration de l’exposition « Journée du Timbre 2025 » au Centre culturel de Rodange, en présence du Bourgmestre Jean-Marie Halsdorf, des échevins et de membres du conseil communal, le Cercle Philatélique Rodange célèbre ses 80 ans avec un timbre spécial dédié à la sculpture Rail Owl de Bettina Scholl-Sabbatini, symbole du lien entre art et mémoire industrielle.
21/22.10.2025
🎶 Déi Péitenger Museksschoul feiert hir Talenter am neie Concertssall vum KORUS! 🎶
Pétange
© Commune de Pétange / Paulo Lobo
Déi Péitenger Museksschoul hat dëst Joer nees zu hirer traditioneller Diplomiwwerreechung agelueden – mee dës Kéier war et eppes Besonnesches: fir d’éischt Kéier huet d’Zeremonie am fuschneie Concertssall vum Centre Culturel et Musical KORUS stattfonnt.
Dëse modern equipéierte Sall mat senger bemierkenswäerter Akustik huet Elteren a Schüler impressionéiert an de musikalesche Leeschtunge vun de Schüler a Schülerinnen e ganz neie Glanz ginn. 🎵
Déi jonk Musekerinnen a Museker konnte weisen, wat si am Laf vum Joer geléiert hunn. Vun delikate Pianosstécker iwwer gefillvoll Stécker vu Gei, Harf oder Bléiser bis zu rhythmesche Prestatioune vun de Solfègeklassen war alles dobäi.
Déi häerzlech Atmosphär an de begeeschterten Applaus hu gewisen, wéi vill Stolz, Leidenschaft an Zesummenhalt an der Museksschoul stiechen. D’Direktioun huet zesumme mat Membere vum Péitenger Schäfferot d’Diplomer iwwerreecht an dobäi de Fläiss, d’Kreativitéit an d’Teamgeescht vun de Schüler gewierdegt.
Am neie KORus, wou Musek a Kultur Hand an Hand ginn, huet dës Feier gewisen, datt d’Péitenger Museksschoul och an Zukunft e klangvolle Bäitrag zur lokaler Kulturzeen leeschte wäert.
19.10.2025
🇱🇺 Journée de la Commémoration Nationale zu Rodange
Rodange
© Commune de Pétange / Paulo Lobo
Et war dëst Joer zu Rodange, wou déi Péitenger Gemeng den nationale Gedenkdag zelebréiert huet. Wéi et schonn Traditioun ass, hunn d’Pompjeeën de Cortège ugefouert, dee vun der Gendarmeriestrooss iwwer d’rue Nic. Biever bis bei d’Monument aux Morts gefouert huet.
Am Cortège matgaange sinn ënner anerem Representante vun der lokaler Politik, d’Museksveräiner vu Péiteng a Rodange/Lamadelaine, Lokalveräiner souwéi vill Biergerinnen a Bierger.
Beim Monument goufe Blummen néiergeluecht fir un d’Affer vum Krich ze erënneren an hirer ze gedenken. Den Encadrement Musical gouf vum Kannerkouer vun der Péitenger Museksschoul a vun de lokale Museksveräiner assuréiert
Uschléissend huet de Cortège iwwert Dr Gaasch Strooss bis bei d’Porkierch Sainte Madeleine gefouert, wou eng Gedenkmass ofgehale gouf.
18.10.2025
🎸🎼 🎶 🎸 Rock the South 2025 mat mega Stëmmung! 🔥
Péiteng
© Commune de Pétange / Laurent Blum
De Samschden, den 18. Oktober, gouf am Home St. Hubert zu Péiteng richteg gerockt!
D’Bands Drained Within, Emily Grogan a Pilot Light hunn alles ginn – a PRAETOR huet als Headliner fir e fette Sound an eng genial Ambiance gesuergt! 🤘
🏆 Gewënner:
🤘 Emily Grogan – Studio Package vun Unison Studios
🎖️ Drained Within – Bong vu Scarlet Anger
🎶 Pilot Light – Präis vun On Stéitsch
E fantasteschen Owend mat gudder Musek, vill Energie an engem begeeschterte Publikum! 💥
12.10.2025
🎸🎼 🎶 Une soirée blues inoubliable au Centre Culturel et Musical KORUS
Péiteng
© Commune de Pétange
🎸 Grand succès pour le concert de Kirris Rivière & The Delta du Bruit, dimanche soir au Centre Culturel et Musical KorUs de Pétange, où la salle affichait complet — il ne restait plus un seul ticket !
🫶 Entre rhythm & blues et swamp blues, le groupe a su transporter le public dans une ambiance envoûtante, portée par une voix moderne et des sonorités venues tout droit du sud des États-Unis.
🎤 Classé parmi les 20 meilleurs groupes de blues du Royaume-Uni et élu meilleur groupe de blues émergent au UK Blues Rhythm and Rock Festival de Blackpool, Kirris Rivière & The Delta du Bruit a offert au public pétangeois une soirée mémorable, placée sous le signe du groove et de la passion.
👏 Ce concert s’inscrivait dans le cadre du festival L’Agglo en Scènes / Nancy Jazz Pulsations, confirmant une fois de plus le dynamisme culturel de la commune et l’engouement du public pour la musique live.
📸 Revivez cette belle soirée en images ci-dessous !
9.10.2025
Journée du Grand Âge an der Seniorie St Joseph
Pétange
Péiteng
© Commune de Pétange
An der Seniorie St. Joseph zu Péiteng stoung nees eng Kéier d’Journée du Grand Âge am Agenda.
Am Restaurant haten sech d’Bewunner vum Haus afonnt, wou si dann och mat flotter Musek ënnerhale goufen a wou och vill ënnerenee gepotert gouf.
Memberen aus dem Schäffen – a Gemengerot waren och op der Plaz, wou si fir jiddereen e flotte Kaddo matbruecht haten, deen och gären ugeholl gouf.
A mat enger gudder Taass Kaffi an engem Stéck Toart goungen dës puer Stonne vill ze séier eriwwer.
4.10.2025
Rollenger Millefest 2025 – Gutt Stëmmung trotz Reen!
Lamadelaine
© Commune de Pétange
🎉🏡
Leschte Samschdeg, de 4. Oktober, hu mir déi zweet Editioun vum Rollenger Millefest gefeiert!
De ganzen Dag iwwer gouf et flott Live-Concerte mat super Musek a gudder Laun.
Wéinst de Wiederkonditiounen hu mir zwar vill Aktivitéiten an d’Millen era verlee missten, mee dat huet der Stëmmung awer net geschuet.
D’Stänn mat Woll, Konscht, Keramik, Holz an Hierschtdekoratioune waren och richteg beléift.
Mir si frou, datt awer eng ganz Partie Leit de Wee bei eis fonnt haten, a soe villmools Merci un all déi, déi dobäi waren!
Bis d’nächst Joer – mir freeën eis schonn op déi drëtt Editioun!
4.10.2025
🌿🍂 Marche Gourmande duerch Rodange a Lamadelaine 🍽️☔
Rodange, Fond-de-Gras, Lamadelaine
© Commune de Pétange
De 4. Oktober 2025 huet d’Marche Gourmande duerch Rodange, Fond-de-Gras a Rolleng de Participanten eng onvergiesslech Erfarung gebueden – och wann den Hierschtreen dës Kéier matgetrëppelt ass.
De Start war zu Rodange, um Parking PIKO 2, mat engem leckere Sandwich – Kéis, Zoossiss oder Ham – éier et weidergaangen ass Richtung Hall Paul Wurth am Fond-de-Gras, wou een déi eenzegaarteg industriell Maschinnen aus der Vergaangenheet vun eiser Regioun konnt bewonneren. An der spezieller Ambiance vun dësem Hall gouf d’Entrée zerwéiert: Vitello tonnato oder vegetaresch Cannelloni.
Duerno ass de Marsch duerch Bëscher a Felder gaangen, laanscht d’Ausgruewunge vum Oppidum Tëtelbierg, bis bei dat aalt Paschtoueschhaus vu Lamadelaine, dat haut „An der Uecht“ heescht. Do gouf et den Haaptplat – Bouchée à la Reine oder eng vegetaresch Variant.
No dëser kulinarescher Paus huet de Wee laanscht d’Géigend “Am Plon” zu Rodange gefouert, mat senge flotten Holzweeër, éier d’Marcheuren bei der Mille vu Rolleng ukoumen, wou grad d’Millefest stattfonnt huet. Do konnt een den Dessert genéissen – Tiramisu oder e frëschen Eisekuch – e séissen Ofschloss vun engem schéine, wann och e bëssen ustrengenden Dag.
Zum Schluss huet d’Bus-Navette fir de Retour op de Parking PIKO 2 gesuergt an esou eng gemittlech, kulinaresch a geselleg Marche ofgeschloss.
27/28.9.2025
Fond-de-Gras am Damp: Steampunk 2025
Fond-de-Gras
© Paulo Lobo
Wéi all Joer war och leschte Weekend erëm déi international bekannte Steampunk-Konventioun um Fond-de-Gras e “Must” fir Gläichgesënnter, Fotographen a Frënn vu Kuriositéiten.
Deemno haten och wärend deenen zwee Deeg erëm vill Leit de Wee bei déi aal Gare a bei d’Hal Paul Würth fonnt an hu sech ronderem de Restaurant “Bei der Giedel” getraff oder si mam Train 1900 gefuer…
.
22.9.2025
Wou d’Beien a d’Pimpampele sech wuelfillen
Lamadelaine
© Commune de Pétange
Ganz uewen a Rolleng, nieft deem ale Paschtoueschhaus, gouf de Bestëbsergaart offiziell opgemaach. Hei sinn d’Insekte wëllkomm a fannen hei de Pollen, deen si esou dréngend brauchen. An och wann elo déi kal Saison méi no kënnt, e Spadséiergang op engem schéinen Hierscht- oder Wanterdag bréngt Rou an den Alldag. Zesumme mat enger ganz Rei Gäscht huet de Schäffen- a Gemengerot, zesumme mat Vertrieder vun der ANF, de Gaart virgestallt. Eng flott Initiativ, déi et sécherlech derwäert ass, op ganz ville Plazen am Land ëmzesetzen.
Fir elo musst de Gaart zur Rou kommen ier et dann am Fréijoer esou richteg geschäfteg gëtt wann déi éischt Beien, Pimpampelen an hir Kolleegen aus der Déierewelt hire Wee heihinner fannen.
20.9.2025
Journée du Grand-Âge 2025
Lamadelaine
© Commune de Pétange
Pour la Journée du grand âge, la commune de Pétange, en collaboration avec la commission communale du 3e âge avait invité à sa fête annuelle au Centre de loisirs à Lamadelaine.
Les seniors âgés de plus de 85 ans ont profité des quelques heures pour passer de bons moments en bonne compagnie. Un cadeau de la part de la commune mais aussi un bel encadrement musical ont contribué à un après-midi plein de bonne humeur et de convivialité.
20.9.2025
Kordall Mobilitéitsdag 2025
Péiteng
© Commune de Pétange
De Kordall Mobilitéitsdag war eng gutt Geleeënheet fir d’Vëlosweeër hei am Süden besser kennenzeléieren. Déi 4 Kordall-Gemenge Péiteng, Käerjeng, Suessen an Zolwer haten dofir e flotte Programm opgestallt, dee moies zu Péiteng um 10 Auer mat engem Velostour vun deen op der J.F.K Plaz lassgoung. Et konnt een e Parkour vun entweder 15 km oder 35 km matfueren.
Zu Péiteng gouf et duerno déi offiziell Zeremonie encadréiert vu flotte Stänn a vegetareschem Gegrills.
19.9.2025
Aweiung vun enger Skulptur um Point Triple
Aubange
© Commune de Pétange
E groussen emotionale Moment dëse Freideg den Owend bei der Aweiung vum Point Triple – dësem eenzegaartegen Treffpunkt wou d’Grenze vun eisen dräi Länner Lëtzebuerg, d’Belsch a Frankräich a vun eise Partnergemenge Péiteng, Aubange a Mont-Saint-Martin zesummekoumen.
E flott Konschtwierk vum Vince Tartarin gouf ageweit – a Presenz vun de Buergermeeschtere François Kinard, Jean-Marie Halsdorf an de Vertriedunge vu Mont-Saint-Martin a vum Groussraum Lonkech. En aussergewéinleche Projet, deen eis Regiounen nach méi no zesummebréngt!
17.9.2025
Ëmweltdiplom 2025
Péiteng
© Commune de Pétange
De 17. September ass um Späicher vum Wax den Ëmweltdiplom iwwerreecht ginn. Belount goufen all déi, déi bei op d’mannst der Hallschent vun den Aktivitéiten dobäi waren.
Um Programm stoungen dëst Joer: eng Visitt vun enger Minière, Mir planzen de Gaart, Mir hëllefen den Insekten, Mir ginn an de Bongert, Eise Bësch: Méi wéi nëmme Beem, Eist Gewässer: Wat lieft hei?, Mir halen eis Gemeng propper a Mir iessen de Gaart.
14.9.2025
Ordre de Chevalerie
Péiteng
© Commune de Pétange / Laurent Blum
De Lucien Huberty, de Marc Stoffel an den Armand Goldschmit goufen am Laf vun enger Feier am Home St. Hubert zu Péiteng an den „Ordre de Chevalerie du 7e Centenaire » fir hiren Engagement fir d’Péitenger Gemeng opgeholl.
Detailer zu hirem Engagement goufen an der jeweileger Laudatio ernimmt.
14.9.2025
Borne du Passeur
Péiteng
© Commune de Pétange / Laurent Blum
Depuis 1996, l’unique Borne du Passeur au Grand-Duché se trouve juste à côté de l’église paroissiale de Pétange.
Chaque année, dans le cadre des festivités commémorant la Libération de Pétange par les soldats américains, la commune de Pétange se souvient également des héros qui ont risqué leur vie pendant les années de guerre pour permettre à d’autres de passer la frontière et d’échapper ainsi au régime nazi.
Hélas, trop souvent, le courage incroyable et le dévouement à l’indépendance de la patrie leur ont couté la vie. Les générations actuelles et futures ont un devoir de ne jamais oublier les événements historiques, de ne pas oublier les souffrances de toutes les victimes de la guerre et de veiller à ce que de telles atrocités ne se répètent jamais.
13.9.2025
Rockabilly Deluxe 2025
Péiteng
© Commune de Pétange / Laurent Blum
Am Kader vun de Liberatiounsfeierlechkeeten an der lëtzebuergesch-amerikanescher Frënndschaft, stoung och dëst Joer nees de Rockabilly Deluxe Festival zu Péiteng um Programm .
E ganzen Dag laang war d’Musek aus de 50er a 60er Joren Tromp am Parc hannert der Gemeng.
Nieft Pettycoat Bitz-Atelier an Elvis-Roll war och d’Restauratioun amerikanesch ugehaucht.
Leider huet dëst Joer d’Wieder net esou gutt matgespillt mee och dat huet vill Leit net dovunner ofgehalen, sech z’ameséieren.
13.9.2025
Wëllkomm Péiteng
Péiteng, Lamadelaine, Rodange
© Commune de Pétange
Les nouveaux arrivants de la commune arrivés ont reçu un courrier les invitant à participer au Tour « Welcome Péiteng 2025 », organisé par la Commission du vivre-ensemble interculturel et la commune de Pétange.
Le tour était limité aux 50 premiers inscrits, en raison de la capacité maximale d’accueil du bus.
L’événement a débuté par une allocution de bienvenue prononcée par le bourgmestre, en présence de deux échevins.
Les participants ont ensuite visionné une vidéo de présentation de la commune de Pétange.
M. Roger Klein a guidé les participants à travers divers sites emblématiques de Pétange, Rodange et Lamadelaine.
13.9.2025
Fit and Fun: Zumba zu Rodange an der Sportshal
Rodange
© Commune de Pétange
Am Kader vum Fit and Fun waren et déi Woch d’Zchicas Luxemburg, déi op hir Zumba Powerstonn agelueden hat!
Bei hëtzeger Latinomusek ass sech ausgepowert ginn. Eng Affär fir jonk an e bëssi manner jonk Leit, bei där jidderee säi Bescht gemaach huet fir am Rhytmus ze bleiwen.
12.9.2025
Aweiung vun der erneierter Spillplaz „Zauberschoul“ zu Rodange 🎠
Präisiwwerreechung Spillplazerallye
Rodange
© Commune de Pétange
Vis-à-vis vun der Neiwiss-Schoul gouf d’Spillplaz festlech ageweit – mat Präisiwwerreechung vum Spillplazerallye, bei deem d’Kanner 5 Spillplazen an der Gemeng entdecke sollten.
D’Gewënner goufen zesumme mat hiren Eltere gefeiert, hunn e flotte Cadeau kritt, d’Jugendhaus huet fir lecker Panecher gesuergt an d’Gemeng huet e Patt ugebueden. Eis Spillplaze bleiwen op alle Fall eng Visitt wäert!
9.9.2025
Zeremonie zur Befreiung vu Péiteng
Péiteng
© Commune de Pétange / Laurent Blum
Virun 81 Joer ass Péiteng als éischt Uertschaft vu Lëtzebuerg vun den amerikaneschen Truppe befreit ginn – e Moment vu grousser Freed an Hoffnung.
Fir dësen Anniversaire huet d’Gemeng Péiteng zesumme mam Comité du Souvenir an dem Syndicat d’Initiative et de Tourisme op eng Zeremonie um Square Hyman Josefson agelueden.
Zu Éiere vum gefalenen Zaldot goufen do Blummen néiergeluecht.
30.8.2025
🎾 Tennis, spilleresch kenneléieren! 🎾
Rodange
© Commune de Pétange
Spilleresch Tennis léieren an dobäi eng gutt Zäit hunn: dat stoung leschte Samschdeg mam Tennis Péiteng am Fokus vun der Fit & Fun-Aktioun zu Rodange bei der Eil.
23.8.2025
Pilates, Übunge fir z’entspanen!🕺
Rodange
© Commune de Pétange
Am Kader vum Fit and Fun wat et L’Avant-Garde Rodange, déi op hir Pilates-Schnupperstonn agelueden hat! Bei doucer Musik am Hannergrond gouf sech gestreckt an dobäi gläichzäiteg entspaant. Eng Affär fir jonk an e bëssi manner jonk Leit, bei där jidderee säi Bescht gemaach huet. An dat an enger bal meditativer Atmosphär.
Maacht eppes fir Är Gesondheet, et lount sech!
16.8.2025
Virum Trëppeltour mat de Kordall Walkers!🕺
Rodange
© Commune de Pétange
Am Kader vum Fit and Fun haten d’Kordall Walkers op e klengen Tour mat Opwiermen invitéiert. Dofir haten sech och e puer Frënn vun der Marche bei der Eil zu Rodange afonnt, déi gäre matgemaach hunn. Schëller rullen, an d’Huppe goen, Äerm strecken, et war e bëssi vun allem derbäi fir de Kierper a Schwong ze bréngen. A mat enger charmanter Leedung ass dat och alles gutt ukomm. A virum Start gouf nach eng Gruppefoto gemaach, well do huet de Schweess nach net vun der Stier gedrëpst! Spaass gemaach huet et jidderengem, dat huet ee scho bei der Eil gemierkt. A bei gudder Laun geet jo bekanntlech alles vill besser!
Fit and Fun – kuckt eran a maacht eppes fir Är Gesondheet!
9.8.2025
Pound zu Rodange bei der Eil!🕺
Rodange
© Commune de Pétange
Vill sportlech a motivéiert Leit hu sech mat der Avant-Garde Rodange beweegt a vill Spaass gehat! 🔥
🥁 Pound® ass e dynamesche Workout inspiréiert vu Batterie-Rhythmen, wou een mat Ripstix® op Musek trommelt a gläichzäiteg Cardio- a Kraaftbeweegunge mécht.
D’Resultat: 1h30 voller Energie, Rhythmus a gudder Laun – perfekt fir sech auszeliewen an de Stress hannert sech ze loossen!
21.7.2025
D’Spillparadäis ass op!
© Commune de Pétange
Ewéi zënter laange Joren huet d’Gemeng Péiteng och dëst Joer nees eng Vakanzaktioun fir Kanner op d’Bee gestallt. Ënner der Leedung vum Service Maison Relais gouf dann och en neit Konzept ausgeschafft a fir d’éischte Kéier ëmgesat. Fir d’Erëffnung vun dem Spillparadäis um Lamadelainer Fussballsterrain huet sech d’Wieder net vu senger schéinster Säit gewisen, an esou gouf emol eng Zäitchen ënner den Zelter „campéiert“ esou laang et gereent huet. Zwou Woche Spaass stinn elo um Programm ier et den 1. August „bis d’nächst Joer“ heescht.
20.7.2025
Bach on Bike
© Commune de Pétange / Péitenger Museksschoul
D’Bach Vereenegung Lëtzebuerg ass net nëmmen een Zesummeschloss vu Frënn vum Johann Sebastian Bach senger Musek, si organiséieren och gäre mol méi ongewéinlech Evenementer wéi elo zur Geleeënheet vum Vëlo-Summer de “Bach on Bike”.
Den 20. Juli waren esou eng ganz Rëtsch Vëloen ënnerwee duerch d’Land wou se a verschiddene Gemengen e Concert mat Musek vum Bach gebuede kruten. Esou och op der finaler Statioun an der Museksschoul zu Péiteng wou een Jazz Trio mam Julia Belova, dem Frank Hemmerlé an dem Max Serra, Enseignant aus der Museksschoul opgetrueden ass.
19.7.2025
Tech N’ Owl – Party time bei der Eil
© Commune de Pétange
Tëscht Laser a Mëschpult war Party ugesot zu Rodange, wou sech d’Frënn vun der Elektromusik getraff hunn. Anya, Flex Orlando B2B Freezy, Lunimé, Rick Horsmans B2B Xio a Samwell hunn dofir gesuergt, datt de Fonken iwwergesprongen ass. Siefen et d’Entertainer op de Bühn oder d’Stelzegänger am Publikum, et war en Owend, deen een net esou séier vergësst. A wéi ee gesäit, léisst och den Nowues net op sech waarden…
A wann et dem Publikum nogeet, da steet enger neier Editioun am nächste Joer näischt am Wee!
18.7.2025
Rock N’ Owl, „there’s no business like show business“
© Commune de Pétange
Wat en Owend! Tëscht 6 Auer nomëttes bis no Mëtternuecht huet d’Plaz bei der Eil zu Rodange esou richteg gerockt. Mat Super Drive, From the Road – A tribute to Lynyrd Skynyrd an zum Schluss nach The Guns’N’Roses Experience – A tribute to Guns’N’Roses op der Bühn goung d’Musek esou richteg ënner d’Haut. E Programm, deen en an sech hat an och deementspriechend vill Leit – jonk a manner jonk – ugezunn huet. A bei summerlechen Temperaturen huet et sech nach besser mat gesongen a mat gedanzt. Super Organisatioun – an et wäert net déi lescht gewiescht sinn! Mir freeën eis op d’2026er Editioun.
12/13.7.2025
Food & Musicfestival – Edition 2025 – E Grand Cru
Péiteng
© Commune de Pétange/Lugdivine Unfer
Zwee Deeg laang stoungen de gudde Kascht a Musik am Mëttelpunkt zu Péiteng am Park. All déi kulinaresch Offerten, awer och den Entertainment hu groussen Uklang fonnt bei de Leit aus der Gemeng an doriwwer eraus.
Fir de perfekte musikalesche Kader hu samschdes den DJ Miles, Zero Point Five a One Last Time gesuergt. Scho beim Apero hu sonndes dʼComboe vun der Musekschoul Stëmmung gemaach, duerno stoung nach d’Candice Fiais, BG & The Rebels, The Nightcallers an den Fred Barreto Trio um Programm, déi mat hirem jeeweilege Repertoire iwwerzeege konnten. Zwee Deeg voller Genoss fir d’Oueren an de Gumm!
7.7.2025
Clôture du Conseil communal des enfants
Péiteng
© Commune de Pétange
Le sept juillet, la Commune de Pétange a mis à l’honneur les jeunes membres du Conseil communal des enfants 👏
Après l’allocution du bourgmestre, chaque enfant a reçu un cadeau 🎁 et un diplôme 📜 pour saluer son engagement citoyen.
La cérémonie s’est terminée autour d’un pot de l’amitié 🥂
5.7.2025
Stroossemaart bei schéinstem Wieder
Péiteng
© Commune de Pétange
D’Haaptstrooss zu Péiteng hat sech an e grousse Maart verwandelt, wou sech nawell vill Leit afonnt hate fir e puer gutt Affären oder sech ganz einfach Pleséier ze maachen. Natierlech gehéiert zu esou engem Event och e gudde Maufel an e Pättchen. A bei esou vill Sonn a schnuckelegen Temperature waren d’Terrassen och gutt gefëllt.
30.06.2025
Kork-Cup 2025🥇 – E flotte Succès!
Lamadelaine
© Commune de Pétange
Déi traditionell Kork-Sammelaktioun ass och dëst Joer erëm mat vill Engagement gelaf an huet eng nei Nues kritt – e Concours tëscht de verschiddene Schoulen.
D’Schoul Beim Tëtelbierg zu Lamadelaine huet de Concours gewonnen – mat bal 50 % vum totalen 236 kg Kork, dat entsprécht ronn 34.000 Stëpp!
Pro Schüler waren et am Duerchschnëtt 471,43 g.
🎁 Als Merci kréien all d’Kanner eng gratis Entrée fir an d’PiKo Schwemm – verdeelt iwwert d’nächst zwou Wochen.
Haut goufen e Wanderpokal an e Zertifikat iwwerreecht.
🐾 Och dobäi: D’Amicale ASA mam Projet „E Stopp fir e Mupp“, déi Plastiks- a Korkestëpp sammelt fir Assistenzhënn ze ënnerstëtzen an d’Ëmwelt ze schützen.
28.06.2025
🎉 HIPHOP’N’AIR 2025 – Wat e Weekend!
Pétange
© Commune de Pétange
Dëse Weekend gouf d’Skatepist zu Péiteng zum Treffpunkt fir Musek, Konscht a Street Culture. D’Wieder war top an d’Stëmmung nach besser.
D’Concerten hunn um 19h00 ugefaangen, mat Don Gio, Evy, Krizla, Don Cee & Anto352, Headmasta, Urban Attitude Unlimited an 8Cee.
D’Show gouf gehost vum BC One a vum APE.
Ab 16h00 gouf et Graffiti-Jams a spannend Workshops fir jiddereen.
Bei de Stänn konnt een 2nd Hand Kleeder bei Sister Sale entdecken, stylisch Streetwear vun Opahk, an natierlech och offiziellen Merchandise.
📸 Kuckt Iech d’Fotoen un a loosst d’Stëmmung nach eng Kéier opliewen!
27.06.2025
EXPOSITION | FROM PASSION TO PURPOSE – CELEBRATING WOMEN IN SPORTS 🏅
Pétange
© Commune de Pétange
📅 30. Juni bis den 11. Juli
📍 Gemeng Péiteng (wärend den normalen Ouvertureszäiten)
Dës Ausstellung setzt Fraen am Sport an de Mëttelpunkt – hir Passioun, hir Erausfuerderungen an hiren Impakt.
Et gëtt d’Kraaft, d’Resilienz an d’Diversitéit vu Sportlerinnen aus verschiddene Beräicher gewisen.
D’Expo gëtt organiséiert an Zesummenaarbecht mam Ministère des Sports a mam Ministère de l’Égalité des genres et de la Diversité.
Kommt laanscht, loosst Iech inspiréieren a setzt e staarke Message fir Gläichberechtegung am Sport.
23.06.2025
🎉 Nationalfeierdag 2025 zu Péiteng – e gemeinsame Moment vu Feierlechkeet a Freed
Pétange
© Commune de Pétange/Joël Schadeck
Den offiziellen Deel vum Nationalfeierdag ass dëst Joer zu Péiteng selwer ofgelaf. No engem feierleche Cortège duerch d’Stroosse vun der Gemeng hunn d’Festlechkeeten an der Porkierch mat engem Tedeum a weider mat der offizieller Usprooch vum Här Buergermeeschter hire laf geholl. Am Kader vun dëser Zeremonie goufen och verdéngschtvoll Beamte fir hiren engagéierte Bäitrag zur Gemeng ausgezeechent – e grousse Merci un si alleguer!
Am Uschloss un den offiziellen Deel huet d’Volleksfest um Festplateau fir déi richteg Ambiance gesuergt: D’Z’chiccas, DJ Miles, d’Noisemakers a Sky Full of Stars, eng Coldplay Tribute Band, hunn de Publikum mat hirer Musek begeeschtert.
An eiser Galerie fannt Dir e puer Andréck vun dësem räiche Festdag – vill Spaass beim Duerchkucke! 📸💥
21.06.2025
Paella-Workshop mam Amaro Garcia – Petange Culinary an der Rollenger Millen
Lamadelaine
© Commune de Pétange
Am Kader vu Petange Culinary gouf de Samschdeg, den 21. Juni 2025, vun 9h30 bis 12h30, an der idyllescher Rollenger Millen e kulinaresche Workshop ugebueden, dee ganz ënner dem Zeeche vun der spuenescher Paella stoung.
Den Amaro Garcia, e passionéierte spueneschen Hobbykach, huet seng Begeeschterung fir d’Mëttelmierkichen an d’Konscht vun der Paella mat de Participante gedeelt. Mat vill Engagement, prakteschen Tipps a gudder Laun huet hien duerch d’Zoubereedung vum traditionelle Plat gefouert – vu frëschen Zutate bis zur perfekter Konsistenz.
Nieft dem Léieren a Matmaache stoung och de kulinaresche Genoss am Mëttelpunkt: Zum Schluss gouf zesumme geschmaacht a gelaacht – e richteg gelongene Moien a flotter Gesellschaft!
An eiser Galerie fannt Dir e puer visuell Andréck vun dësem Workshop 📸👨🍳
14.06.2025
🎉 Nuit du Sport 2025 – Wat eng Stëmmung!
Pétange
© Commune de Pétange/Laurent Blum
Vill Sport, vill Spaass a vill frou Gesiichter – a glécklecherweis kee Reen! 🌤️
Kuckt iech elo d’Fotoen un an erliewt de super Dag nach eng Kéier mat eis! 📸💥
E grousse Merci un all déi, déi dobäi waren – a bis d’nächst Joer! 🙌
13.06.2025
🚂 Night Train – Une soirée inoubliable en images ✨
Fond-de-Gras
© Commune de Pétange/Laurent Blum
Ambiance feutrée, musique live, dégustation de produits locaux et voyage à bord d’un authentique train à vapeur : le Night Train a offert une expérience unique jusqu’au Fond-de-Gras.
Entre wagons éclairés à la lueur tamisée, wagon-fumoir et convivialité, la magie a opéré.
📸 Revivez les meilleurs moments de la soirée à travers notre galerie photo !
8.06.2025
10. Editioun vum Kordall am Dribbel
Pétange
© Commune de Pétange/Laurent Blum
D’Kordall Steelers hunn dëst Joer de 10. Anniversaire vun hirem Basketsturnéier “Kordall am Dribbel” gefeiert – e Weekend voller Energie, Fairplay a Freed um Spill! 🏀🔥
77 Ekippen aus dem In-an Ausland am Asaz. De 7. an 8. Juni war de Centre sportif Bim Diederich zu Péiteng den Treffpunkt fir Basketfans aus der ganzer Regioun. Spannend Matcher, e staarkt Teamgefill an eng super Ambiance hunn dëst Jubiläum onvergiesslech gemaach.
Nieft dem Terrain gouf et Grill, Séisses, Gedrénks an Animatioun fir Grouss a Kleng – ganz no eisem Motto: Sport, Spaass a Gemeinschaft.
7.06.2025
100 Joer Péitenger Scouten
Pétange
© Commune de Pétange/Elysian Entertainment/ Péitenger Museksschoul
De 7. Juni hu mir 100 Joer Péitenger Scouten Hl. Franz von Assisi gefeiert – eng ganz speziell Geleeënheet, déi mir zesumme mat vill Freed a Gemeinschaft gefeiert hunn.
No enger séance académique am Home St. Hubert, huet am Parc Théophile Kirsch e grousst Volleksfest stattfonnt: mat Animatioune fir Kanner, flotte Concerte vu Saxitude, engem Optrëtt vun den Zchiccas, engem Cellosensembel an engem Saxophonduo vun der Péitenger Museksschoul a schliisslech DJ Miles fir e faarwege Schluss.
5.06.2025
SIACH INAUGURATION DE LA STATION D’EPURATION DE PETANGE
AGRANDIE ET MODERNISEE
Pétange
© Commune de Pétange/Siach/ Jérome Neumann
Le jeudi 5 juin 2025, la Commune de Pétange, membre du Syndicat S.I.A.C.H., a eu l’honneur d’inaugurer la station d’épuration de Pétange agrandie et modernisée, en présence de Son Altesse Royale le Grand-Duc Héritier.
Cette cérémonie officielle a rassemblé de nombreux invités issus du monde politique, communal et associatif, venus célébrer ensemble une étape majeure pour l’infrastructure environnementale de la région.
L’encadrement musical de l’événement a été assuré avec brio par les combos de l’École de Musique de Pétange, ajoutant une touche culturelle et chaleureuse à l’ensemble de la manifestation.
20.05.2025
Les langues unissent
Lamadelaine
© Commune de Pétange
Nombreux étaient les étudiants et étudiantes qui ont reçu leur diplôme lors d’une réception au Centre de loisirs à Lamadelaine. La commune de Pétange, organisateur de ces cours, avait invité à cette soirée lors de laquelle les efforts de tous ceux qui ont terminé l’année 2024-2025 avec succès furent bel et bien récompensés. Lors de son allocution, le bourgmestre Jean-Marie Halsdorf, entouré de membres du collège échevinal et du conseil communal a souligné l’importance d’apprendre une langue en tant qu’instrument d’une bonne intégration.
Suite à la remise officielle des diplômes, la commune a invité tout le monde au pot de l’amitié et à une grillade. Une offre appréciée et qui a permis aux diplômé(e)s de passer quelques moments en bonne compagnie.
17.05.2025
Porte Ouverte an der Museksschoul 2025
Pétange
© Commune de Pétange / Péitenger Museksschoul
Vill Frënn vun der Musek hunn d’Porte Ouverte an der Museksschoul Péiteng besicht.
An de moderne Raimlechkeete gouf e spannende Bléck hannert d’Kulisse gebueden.
Ob Piano, Gittar, Harf oder Trompett – jidderee konnt sech an engem Schnuppercours ausprobéieren. Concerten am Préau hu fir musikalesch Highlights gesuergt.
D’Freed war grouss, wéi sech vill Leit direkt op der Plaz ugemellt hunn – d’Interessi un der Musek lieft!
Hei e puer Andréck vum Dag an eiser Fotogalerie.
15.05.2025
Charity Dinner 2025
Fond-de-Gras
© Commune de Pétange
An engem eenzegaartege Kader hat d’Gemeng Péiteng an Zesummenaarbecht mam Rotary Club Bascharage-Kordall eng weider Editioun vum Charity Dinner organiséiert. Dräi Owender an der Paul-Wurth-Hal, fir déi sech nees eng Kéier ganz vill Leit ugemellt haten, hunn sech och dëst Joer als e groussen Erfolleg erwisen.
Ëmgi vun Technik aus vergaangenen Zäite hunn d’Gäscht Plaz geholl un den Dëscher, déi flott arrangéiert waren. Fir déi kulinaresch Leckereie war de Paul Eischen zoustänneg iwwerdeems den David Ianni um Piano fir de musikalesche Kader gesuergt huet.
13.05.2025
Remise officielle d’un don de solidarité
Péiteng
© Commune de Pétange
À la mairie de Pétange, les membres du collège échevinal, accompagnés de conseillers communaux, ont remis un chèque de 2.500 € à Eléonore Vernier, représentante de Médecins Sans Frontières Luxembourg.
Ce geste, approuvé à l’unanimité par le conseil communal, vise à soutenir les victimes du séisme au Myanmar. Un moment empreint d’humanité et d’engagement solidaire.
11.05.2025
Festival de Gin
Fond-de-Gras
© Commune de Pétange / Laurent Blum
Mat Volldamp sinn déi meeschte Visiteuren op d’Gin-Festival an a ronderëm d’Paul-Wurth-Hal um Fond-de-Gras komm, wou d’Wieder sech vu senger schéinster Säit gewisen huet.
Nieft dem Schmaache vu ganz ënnerschiddleche Gin-Zorte stoungen och vill Leckereien a Live-Musek um Programm. E wonnerbaren Dag an engem eenzegaartege Kader, bei deem jidderee op seng Käschte komm ass.
10.05.2025
España Olé!
Fond-de-Gras
© Commune de Pétange / Laurent Blum
Mat Flamenco, Kastagnetten an anere südleche Rhythme stoung d’ibeeresch Hallefinsel am Fond-de-Gras e ganzen Owend laang am Mëttelpunkt.
Vill Gäscht hate sech drop gefreet a goufen och net enttäuscht. Um Menü stoungen ënner anerem Sangria, gudde Wäin, eng riseg Paëlla, Planchas an e spuenescht BBQ.
10.05.2025
De Wee vun der Grande-Duchesse Charlotte an d’Exil
Péiteng
© Commune de Pétange
Am Kader um 10. Anniversaire vum Comité du Souvenir de la commune de Pétange haten sech d’Comitésmemberen eng ganz speziell Busfahrt ausgeduecht: de Wee vun der Grande-Duchesse Charlotte an d’Exil op dem Gebitt vun der Gemeng Péiteng.
Et war e flotten Tour, op deem den Éirebuergermeeschter Roger Klein déi historesch Detailer presentéiert huet. Bei dëser Geleeënheet goufen awer och Blummen néiergeluecht beim Monument Chauvin esouwéi um Kierfecht zu Rolleng, wou och d’Famill vum Sergeant Moat sech afonnt hat.
4.05.2025
Draisinen um Fond-de-Gras
Fond-de-Gras
© Commune de Pétange / Minettpark
Mat vill Elan goung et nees eng Kéier op d’Streck op dem Draisinendag am Fond-de-Gras. Hei housch et virun allem vill strampele fir bis an de Fussbësch ze kommen, wou et zu Fouss bis op d’Grondmille goung, wou de Participanten eng Féierung ugebuede gouf.
An no enger klenger Stäerkung war et nees Zäit fir de Retour unzegoen, deen dann och ouni vill Problemer gemeeschtert gouf.
En Ausfluch matten am Gringen, deen nawell vill Spaass gemaach huet!
26.04.2025
Télévie Rodange 2025 : Zesumme si mir staark!
Rodange
© Commune de Pétange / Laurent Blum
Zu Rodange bei der Eil war de Weekend vum 26. Abrëll eng méi lass. Ewéi zënter laange Joren huet den Télévie och dëst Joer nees Spende gesammelt fir d’Kriibsforschung. Nach ëmmer stierwe vill ze vill Leit un dëser dach onbaarmhäerzeger Krankheet. An dach gëtt et Hoffnung, well de Fortschrëtt aus deene leschte Jorzingten huet gewisen, datt eng Kriibserkrankung ka geheelt ginn.
Och wann et nach dauert, d’Liicht um Enn vum Tunnel gëtt ëmmer méi hell. An datt een zu Rodange un den Erfolleg gleeft, dat huet d’Rekordzomm gewisen, déi zesummekoum: 125425€! Ouni déi vill fräiwëlleg Hänn, déi iwwerall hëllefen, ouni d’Veräiner, déi matmaachen, an ouni déi ganz vill Donateure wier dat net méiglech.
Jidderengem dofir e ganz grousse Merci
16.04.2025
Job Day – E Bléck hanner d’Kulissen
Péiteng
© Commune de Pétange
D’Jugendkommissioun an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an dem Péitenger Jugendhaus huet ronn 50 Jugendlechen d’Chance ginn, hanner d’Kulisse vu verschiddene Betriber ze kucken, déi sech an der Gemeng néiergelooss hunn. Hei konnten si Froe stellen an och e klengen Abléck kréien, wat et mat deene verschiddene Beruffer op sech huet an ob eventuell eppes do fir si derbäi kéint sinn. Et weess ee jo net!
Fir d’Mëttegiesse war och am Kulturhaus A Rousen och gutt gesuergt ginn. Ofschléissend gouf et fir jiddereen nach en Certificat fir d’Matmaachen an, fir deen, dee wollt, e Patt a Presenz vu Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot, vun der Jugendkommissioun an de Betriber, déi hir Dieren opgemaach haten.
05.04.2025
Pétange is Metal
Pétange
© Commune de Pétange / Laurent Blum / Ramona Fusenig
Et goung nees héich hier am Home zu Péiteng, wou d’Frënn vum Metal op hir Käschte koume bei der 3. Oplag vu „Pétange is Metal“. Fir dee richtege „Metal feeling“ hunn de ganzen Owend iwwer Godiva, Exit Fury, Infact, Kill the Drama Queen, Urban Spine a March to the Tomb beschtens gesuergt. D’Fans ware begeeschtert a freeën sech schonn op déi nächst Editiounen….
04.04.2025
Des étudiants de Schio en visite
Pétange
© Commune de Pétange / Laurent Blum
Comme depuis de longues années, des lycéens et lycéennes de la ville jumelée de Pétange, Schio, furent récompensés pour leur participation à Euromaster, un concours qui, par le biais d’un essai sur un thème sur l’Europe, a pour but d’encourager les jeunes à jeter un regard au-delà des frontières de leur pays natal.
Sur le programme du groupe figuraient non seulement la visite d’institutions européennes à Kirchberg, mais également le séjour au foyer de citoyens de la commune ainsi qu’une soirée «fun» au Centre QT et le dîner d’adieu à l’Hôtel-Restaurant Threeland.
05.04.2025
Bienvenus dans la commune de Pétange
Pétange
© Commune de Pétange
Une délégation de Schio avec, à la tête, la nouvelle bourgmestre Cristina Marigo, fut reçue dans la salle de séance du bâtiment administratif de la commune de Pétange. Des membres du Collège échevinal ainsi que du conseil communal ont également pris part à cette réception lors de laquelle les invités ont pu voir un film touristique sur la commune. Des moments entre amis qui ont souligné la bonne entente entre les deux communes.
30.03.2025
🎭🎉 Péitenger Kavalkad 2025 – Wat eng Stëmmung! 🎭🎉
Pétange
© Commune de Pétange / Laurent Blum, PIXXEL
Op Halleffaaschte war Péiteng nees am Ausnamezoustand – a wéi! Déi 68. Editioun vun eiser Kavalkad huet d’Stroosse mat Faarwen, Musek a gudder Laun gefëllt. Iwwerall stralend Gesiichter, Kamellen, Chipsen, Konfetti a Popcorn, déi duerch d’Loft geflu sinn – an natierlech och deen een oder anere Patt, dee mat engem Laachen ugeholl gouf. 🍬🥂
Mat 69 Gruppen a Ween, déi op engem 2,5 Kilometer laange Parcours fir eng onvergiesslech Atmosphär gesuergt hunn, konnt keen nokucken ouni matzefeieren. 🎶💃 D’Leit hunn d’Refrain matgebrëllt: De Péitenger Wand, dee bléist, dee bléist, dee bléist! 🌬️
Plus de photos :
https://petange.lu/cavalcade25/
29.03.2025
Kannerbal op der Place J.F.Kennedy
Pétange
© Commune de Pétange
Wat e grandiosen Dag fir eis kleng (an net sou kleng) Fuesgëcken! 🎈 Am gehëtzten Zelt op der Place J.F. Kennedy war et e Samschdeg, de 29. Mäerz voll mat gléckleche Kanner, déi sech bei flotte Spiller an Animatiounen ameséiert hunn. 🎊
D’Kannerprënzekoppel huet mat hirer Präsenz dem Fest en extra majestäteschen Touch ginn, an d’ZCHICAS an den DJ FANTA hunn d’Stëmmung op den Héichpunkt bruecht! 🎶🥳
Klickt Iech duerch eis Galerie a loosst dës faarweg Momenter nach eng Kéier zum Liewen erwächen! 📸
Plus de photos :
https://petange.lu/kannerbal-2025/
19.03.2025
E Gaart fir eis wëll Bestëbser – Eng Oas fir Natur an Diversitéit
Lamadelaine
© Commune de Pétange
Zu Rolleng, beim ale Paschtoueschhaus – An der Uecht –, entsteet e besonnesche Projet: e Gaart, dee speziell fir wëll Bestëbser ugeuecht gëtt. Hei entsteet en natierlechen Habitat, wou Kraider, Hecken a Beem eng Liewensgrondlag fir vill kleng Déieren a bestëbsend Insekte bidden.
Dës Fotogalerie dokumentéiert de Wuesstem an d’Entwécklung vum Gaart – vu sengen éischte Schrëtt bis zu enger bléiender Landschaft. D’Biller weisen d’Verännerungen am Laf vun de Joreszäiten, d’Planzenaarten, déi sech hei etabléieren, an natierlech d’Insekten a kleng Déieren, déi dëse Raum fir sech entdecke.
Plus de photos :
https://petange.lu/bestebsergaart
03.2025
📸 Kapesëtzunge vum KaGePe – Erënnerungen un en onvergiesslech Owender 🎭🎶
Lamadelaine
© NEUMANN JEROME PHOTOGRAPHY
©LAURENT BLUM / PIXXEL
Taucht an d’Stëmmung vun eisen eenzegaartege Kapesëtzungen an! Hei fannt Dir e puer impressionnant Andréck vun engem Owend voller Humor, Dänz a Musek. 🎉
😂 Sketcher, déi d’Laachmuskelen ureegen, 💃🕺 Dänzer, déi d’Bühn zum Biewe bréngen, 🎤 Musek, déi jiddereen maträisst, a 🥂 Momenter, déi een net vergësst – dat alles mécht d’Kapesëtzunge vum KaGePe zu engem onvergiesslechen Erliefnis! 🎭🎶
13.03.2025
DACQUOISE AUX FRUITS EXOTIQUES🍰✨
Lamadelaine
© Commune de Pétange
D’Pâtisserie-Fans haten e genossvollen Owend beim Cours, wou si geléiert hunn, eng Dacquoise mat exotesche Friichten (glutefräi) ze preparéieren. An enger gemittlecher Atmosphär hunn d’Participanten net nëmme gebak, mee och vill nëtzlech Tipps an Tricks matgeholl.
No der gelongener Soirée an der Rollenger Millen, déi vun der Gemeng Péiteng organiséiert gouf, war och dësen Owend nees en neie kulinaresche Succès! Hei fannt Dir e puer Impressioune vum Event – genéisst d’Fotoen! 📸😊
8&9.03.2025
Buergbrennen 2025
Péiteng, Lamadelaine a Rodange
© Commune de Pétange /ANR Samantha Rabiller, CISP Louis Spautz, Elysian Entertainment
Zu Péiteng, Rolleng a Rodange gouf och dëst Joer nees d’traditionellt Buergbrennen gefeiert – eng Traditioun, mat där de Wanter symbolesch fortgejot gëtt.
Och wann d’Wieder sech net ëmmer drun hält, ass et op alle Fall e festlechen Ufank fir d’Fréijoer!
Zu Péiteng hunn d’Guiden a Scouten d’Organisatioun an d’Opbau vum Feier iwwerholl, während zu Rolleng d’Pompjeeën an zu Rodange d’Amicale Nidderréideng déi mat vill Asaz d’Buergen opgeriicht hunn.
Egal op mat enger Fackel an der Hand oder als Zuschauer am Hannergrond, d’Participanten hunn d’Evenement genoss an zesummen ee flotte Moment verbruecht.
D’Buergbrennen beweist all Joer erëm, wéi wichteg Traditiounen an Zesummenhalt an eiser Gemeng sinn. Mir freeën eis schonn op d’nächst Joer! 🔥🎉
Plus de photos : https://petange.lu/buergbrennen-2025/
8.03.2025
🧹 Fréijoersbotz 2025: Eng Kuer fir d’Natur! 🌿
Rodange
© Commune de Pétange
Ënnert dem Motto „Eng Kuer fir d’Natur“ hunn och dëst Joer ronn 500 engagéiert Bierger un der Fréijoersbotz an der Péitenger Gemeng deelgeholl. Mat vill Asaz hunn si gewisen, datt hinnen d’Propretéit an de Schutz vun der Natur um Häerz leien.
Als kleng Belounung fir hir Beméiunge goufen d’Fräiwëlleger mat gudde Mäifel a grousse Luef vum Buergermeeschter an de Vertrieder aus dem Schäffen- a Gemengerot empfaangen.
🎨 Landart – Konscht mat der Natur! 🍃
De Kannergemengerot hat dëst Joer e kreativen Concours zum Thema „Landart“ organiséiert. D’Kanner hunn d’Natur als Konschtwierk genotzt a mat natierleche Materialien erstaunlech Kreatiounen erstallt. Parallel dozou hunn si kleng Videoe produzéiert, fir op Ëmweltbewosstsinn opmierksam ze maachen a jiddereen ze motivéieren, méi nohalteg ze handelen.
E grousse Merci u jiddereen, dee mat ugepaakt huet – zesumme fir eng méi propper an nohalteg Gemeng! 💚♻️
Plus de photos : https://petange.lu/eng-kuer-fir-d-natur/
1.03.2025
PIKO zeréck am Asaz fir den Télévie! 🤿💪
Rodange
© Commune de Pétange
No enger klenger Paus war d’PIKO erëm mat vollem Engagement dobäi, ënnert dem Zeeche vum Télévie! Esou konnt een sech beweegen, eppes fir seng Gesondheet maachen a gläichzäiteg d’Kriibsfuerschung ze ënnerstëtzen – well all Geste zielt!
Am Moiesprogramm hunn d’ Zchiccas, zesumme mat hire jonke Memberen flott Zumba-Choreografië presentéiert. Rhythmus, Energie an e gudde Flair hunn d’Participanten ugestach a fir eng motivéiert Stëmmung gesuergt!
Am Nomëtteg konnt ee sech dann an eng ganz aner Welt beginn: Beim “Baptême de Plongée” haten Erwuessener a Kanner d’Méiglechkeet, fir d’Gefill vum Tauchen ënner Waasser ze erliewen. Eng spannend a begeeschterend Erfarung fir jiddereen!
🎉 Zesummen hu mir den Ënnerscheed gemaach – Merci un all déi dobäi waren! 🎉
27.02.2025
Gemengestiermung 2025
Péiteng
© Claude Piscitelli
Jo, den 27. Februar war et nees esou wäit: d’Gecke krute ganz offiziell de Schlëssel vun der Péitenger Gemeng aus den Hänn vum Buergermeeschter iwwerreecht. D’Freed war natierlech grouss, a wann et de Fuesfrënn nogeet, da ginn et e puer Reglementer, déi net grad esou eescht solle geholl ginn….
Mat der KaGePe Strëpp koumen si all op d’Gemeng, wou natierlech vill Spaass op der Dagesuerdnung stoung. D’Prënzekoppel Carole II a Claude V, a Begleedung vun der Kannerprënzekoppel waren natierlech net méi ewéi houfreg fir déi nei Regele virzestellen, déi si elo bis um Enn vun der Fueszäit – also den Dag no der Kavalkad – wëllen uwenden.
14.02.2025
Präisiwwerreechung vum Concours „Love Nature“!
Péiteng
© Commune de Pétange
„Love Nature“, esou housch e Concours, deen d’Gemenge Péiteng an Déifferdeng organiséiert haten an bei deem et fir 10 glécklech Gewënner je e Bong am Wäert vu 50€ ze gewanne gouf, deen si an engem vun de Restauranten aléise konnten, déi bei dëser flotter Iddi matgemaach hunn. A Presenz vu Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot vun deenen zwou Gemenge kruten d’Gewënner hir Belounung vun der Ëmweltschäffin Maria Agostino iwwerreecht ier den obligate Patt offréiert gouf.
9.02.2025
🔥 ZUMBA MASTERCLASS – DANZE FIR ENG GUTT SAACH! 🔥
Rodange
© Commune de Pétange/Laurent Blum
Leschte Sonndeg, den 9. Februar, hunn mir zesumme geschweesst, gedanzt a gelacht – alles fir de gudden Zweck! 💖💃🕺
D’Stëmmung am Hall Sportif zu Rodange war explosiv! 🎶💥 Egal ob Profi oder Ufänger, jidderee war mat vill Energie a Léift dobäi fir Télévie z’ënnerstëtzen. 🌟
Plus de photos : Zumba Masterclass
7.02.2025
E mageschen Owend mam David Goldrake zu Lamadelaine
Pétange
© Commune de Pétange
📣Den David Goldrake huet e Freideg de 7. Februar am Kader vu senger Tournée “25 Years of Magic” 🪄 am ausverkaaftene Sall vum Centre de Loisirs Lamadelaine seng Zuschauer mat senger faszinéierender Show verzaubert! 🎩🔥
Plus de photos : https://petange.lu/david-goldrake/
4.02.2025
Péitenger Ëmweltdiplom fir Kanner – Diplomiwwerreechung
Péiteng
© Commune de Pétange
Déi wichtegst Ziler vun dëser Initiativ sinn, d’Kanner drun ze gewinnen, eng respektvoll Haltung géintiwwer der Natur an hirer Ëmwelt unzehuelen, hiert Wëssen a Beräicher wéi Natur, Waasser a Offall ze erweideren an déi Jonk fir Ëmweltproblemer ze sensibiliséieren.
E spannende Programm gouf dofir de Schüler aus de Zyklen 3.2, 4.1 a 4.2 vun der Grondschoul aus der Gemeng Péiteng ugebueden.
D’Kanner, déi tëscht Mäerz an Oktober 2024 op d’mannst fënnef vun den zéng proposéierten Aktivitéiten matgemaach hu krute bei enger klenger Zeremonie e schéine Kaddo vun der Gemeng Péiteng.
24.01.2025
Remise d’un chèque à la salle de mariage
Pétange
© Commune de Pétange
Un chèque de 2500€ a été remis à la Croix-Rouge Luxembourgeoise au profit des victimes des inondations dans la région valencienne en Espagne juste avant Noël. L’aide humanitaire tient particulièrement à coeur aux responsables politiques.
14.01.2025
Neijoerswënsch an der Seniorie St Joseph
Pétange
© Commune de Pétange
Wéi all Joer em dës Zäit, ass de Buergermeeschter mat de Schäffen op Besuch an der Seniorie St Joseph gewiescht fir de Leit do e schéint neit Joer ze wënschen.
Gläichzäiteg ass och op en 90. Gebuertsdag geprost ginn.
Plus de photos : https://petange.lu/neijoerswensch-an-der-seniorie-st-joseph/
1.01.2025
Cyclocross 2025
Pétange
© Commune de Pétange / Val Wagner
Zu Péiteng huet – an dat ass schonn eng laangjähreg Traditioun – de 77. Internationalen Cyclo-Cross stattfonnt. Um Hierschtbierg goung et duerch d’Bëscher, wou de Buedem dann och nawell zimmlech rutscheg war. Deementspriechend hunn d’Coureuren an d’Vëloen ausgesinn.
Vun 1 Auer nomëttes u sinn noeneen d’Juniore vun de Männer, duerno d’Dammen an zum Schluss d’Hären op de Parcours geschéckt ginn. An d’Resultater op Lëtzebuerger Säit hunn sech kucke gelooss.
Bei de Nowuess-Fuerer, den Debutanten, ass de Lëtzebuerger Tunn Sinner, an enger Zäit vun 30 Minutten an 9 Sekonnen, als Éischten iwwer d’Arrivée gefuer.
Bei de Juniore war et de Lëtzebuerger Lennox Papi deen d’Course konnt gewannen, dëst an enger Zäit vun 38 Minutten a 4 Sekonnen. Dat viru sengem Compatriot, dem Jonah Flammang-Lies an dem Miel Oreel aus der Belsch.
Bei den Dammen huet sech Xaydee Van Sinaey aus der Belsch an 42 Minutten an 33 Sekonnen duerchgesat, dat virum Larissa Hartog aus Holland an dem Marlène Petitgirard aus Frankräich.
De Lander Loocks aus der Belsch stoung du bei de Männer ganz uewen um Podium, dëst no enger Course vun enger Stonn, 1 Minutt an 8 Sekonnen, an dat virum Joshua Dubau aus Frankräich an dem Däitsche-Landesmeeschter Marcel Meisen.
Plus de photos : https://petange.lu/cyclocross-2025/
