Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées ou vendues
sans l’autorisation préalable de l’administration communale de Pétange​​

23.12.2022

Nei Keelebunnen offiziell opgemaach

Péiteng

© Commune de Pétange

Am QT zu Péiteng goufe kierzlech déi erneiert Keelebunnen offiziell opgemaach. Bei dëser Geleeënheet war de Sportminister Georges Engel op d’Plaz komm, wou hien zesumme mat dem Buergermeeschter Pierre Mellina, de Membere vum Schäfferot esouwéi enger ganzer Rei Conseilleren, vum Alex Hoffmann, Präsident vun der FLQ, a Keelespiller- a spillerinnen, déi sech dëse Moment net wollten entgoe loossen. Alleguer waren si sech eens, datt de Keelesport net just esou heescht, ma och ganz sportlech ka sinn an och an de Glidder ze spieren ass. Et sollt een dat net vergiessen, an dëse ganz gesellege Sport och ënnerstëtzen, wou et méiglech ass. Uschléissend huet de Paschtouer Romain Gillen déi nei Pisten ageseent.

Et sief nach gesot, datt déi nei Anzeigetafelen, den neie Belag, an nach esou munch aner Detailer vun der Firma Irle aus Däitschland op Vordermann bruecht goufen. D’Gesamtkäschten hunn sech hei op 585.000 € belaf . De Klaus Irle huet och gemengt, datt dëse Projet him vill ofverlaangt huet an hien elo frou ass, datt alles gutt ofgeschloss gouf, esou datt enger nächster Meeschterschaft näischt méi am Wee steet. Gutt Holz!

17.12.2022

Schüler a Studente goufe geéiert

Péiteng

© Commune de Pétange

Fir déi eng war et d’Enn vun hirer schoulescher Carrière, fir anerer just d’Enn vun enger Etapp an den Ufank vun engem neien Ofschnëtt vum Léieren. Bei der Éierung vun de Schüler a Studenten aus der Péitenger Gemeng goung de Buergermeeschter op déi ganz ënnerschiddlech Studiefächer an och op d’Länner an, wou déi jonk Leit studéieren respektiv studéiert hunn. Vum CAPT bis hin zum Master war d’Panoplie vun den Diplomer nawell zimlech vielfälteg. Jidderee vun hinne gouf fir seng Leeschtung gelueft a krut – niewt enger finanzieller Hëllef, déi och ganz wëllkomm war  –  e klenge Kaddo vun der Péitenger Gemeng offréiert. Gutt léiere lount sech eben!

Fir de musikaleschen Encadrement huet déi Péitenger Musiksschoul gesuergt.

16.12.2022

Les mérites culturel et sportif décernés

Pétange

© Commune de Pétange / Laurent Blum

Lors de la journée des méritants organisée au Centre sportif Bim Diederich à Pétange, de nombreuses personnes furent honorées pour leur appartenance de longue date à une association, pour leurs exploits sportifs, leur engagement dans le don de sang mais également pour leur excellence au sein d’activités à caractère sportif.

Après avoir interprété sa laudatio, l’échevin Romain Mertzig a félicité Jean Noël pour son engagement au plan sportif tandis que l’échevin Jean-Marie Halsorf a détaillé les mérites de Charles Storoni au niveau culturel. Les deux méritants furent honorés par la remise de la médaille Tëtelbierg. 

C’est l’illusioniste Daniel Craven qui a assuré un encadrement magique au cours de cette soirée qui s’est clôturée par un verre d’amitié.

14.12.2022

Rentnerfeier fir d’Leit vu Péiteng

Péiteng

© Commune de Pétange 

Den Dag no de pensionéierte Bierger a Biergerinne vu Rodange a Lamadelaine waren d’Leit vu Péiteng op d’Rentnerfeier an d’Sportshal zu Péiteng vun der Gemeng invitéiert. An et waren ëm déi 300, déi de Wee heihinner fonnt haten. Wat och zu enger gudder Stëmmung bäigedroen huet. Et gouf gepotert, e klenge Maufel giess an och e Patt geholl. Fir e puer Stonne goufen si vum Caro, dem Helene Fischer Double, esouwéi vum Ensembel Erny Delosch mam Sandy Botsch musikalesch ënnerhalen. Nieft dem Jean Ferry senger Trampolinshow, déi esou munch Laachmuskele strapazéiert huet, war et den Daniel Craven, dee mat senger Zaubershow iwwerrascht huet. 

An um Enn vun dësem flotten Nomëtteg krut jiddereen eng schéin Decken als klenge Kaddo mat heem, well et weess ee jo net, wat de Wanter sech nach afale léisst an den nächste Wochen. 

13.12.2022

Stëmmungsvolle Wanterconcert 

Lamadelaine

© Commune de Pétange / Laurent Blum

Et war nees eng ganz stëmmungsvoll Auditioun, déi e bësse méi ewéi eng Woch viru Chrëschtdag vun der Musiksschoul aus der Péitenger Gemeng am LMA organiséiert gouf. D’Musikanten, déi hiirt Kënnen hei eemol méi ënner Bewäis gestallt hunn, krute fir hiren Optrëtt vill Applaus vun den Nolauschterer am Sall. Natierlech hunn och d’Schüler a Schülerinnen aus de Gesangsklassen matgewierkt a fir Chrëschtdaagsstëmmung gesuergt. 

Um Enn vum Owend war et de Paul Origer, Chargé de direction vun der Musiksschoul, deen houfreg war, en Don iwwer 2.000€ un d’Caritas z’iwwerrechen. E schéine Kaddo fir d’Enn vum Joer, an deen och ganz gären ugeholl gouf. 

8.12.2022

Diplomiwwerreechung vun der Musiksschoul

Lamadelaine 

© Commune de Pétange / Laurent Blum

Eng ganz Rei Elteren, Frënn, Gemengevertrieder a jonk Musiker haten sech am LMA zu Lamadelaine afonnt, wou d’Musiksschoul aus der Péitenger Gemeng op hir jährlech Diplomiwwerreechung agelueden hat. 95 Diplomer goufen am Laf vum Owend vum Schäfferot ausgedeelt. Eng Rei Schüler a Schülerinnen haten sech awer schonn am Virfeld ofgemelt. Selbstverständlech war och fir de musikaleschen Encadrement gutt gesuergt ginn. An déi jonk Musiker a Sänger hu gewisen, wat si drop hunn. Den Applaus sollt hinne Recht ginn. 

13.12.2022

Rentnerfeier fir d’Leit vu Rodange a Lamadelaine

Péiteng

© Commune de Pétange

Op e puer flott Stonnen hat déi Péitenger Gemeng déi pensionéiert Leit vu Rodange a Lamadelaine an de Sportzenter Bim Diederich op Péiteng invitéiert. Bei engem gudde Pättchen, enger Taass Kaffi an engem klenge Maufel ass d’Zäit nawell séier vergaangen. 284 Bierger a Biergerinnen haten sech ugemelt a kruten och e schéine Programm presentéiert. Caro, den Helene Fischer Double, huet esou munchereen zum Matsangen animéiert iwwerdeems de Jean Ferry mat senger Trampolinshow d’Laachmuskele strapazéiert huet. Gestaunt hunn d’Leit am Sall uschléissend mam llusionist an Zauberer Daniel Craven senger Show, dee seng „Trickkiste“ presentéiert huet. Fir Gemittlechkeet an der Paus esouwéi um Unfank an um Enn vum Nomëtteg huet dunn den Erny Delosch feat. d’Sandy Botsch gesuergt. Als klenge Kaddo gouf et dëst Joer eng schéin Decken, déi dëse Wanter wahrscheinlech méi wéi eng Kéier wäert hiren Dingscht erfëllen.

5.12.2022

Inauguration de la rue de la Fonderie à Rodange

Rodange

© Commune de Pétange

Après plus de deux ans, un grand projet vient d’être achevé à Rodange: le réaménagement complet de la rue de la Fonderie sur une longueur d’environ 260m. Des travaux de voirie ainsi que le renouvellement de différents réseaux – canalisation, eau potable, éclairage public, antenne collective, gaz, fibre optique et électricité – furent réalisés pour un coût total de  1.530.000 euros. Pour la fin du chantier, le collège échevinal avait invité les habitants à une agape pour les remercier de leur patience pendant la durée de ces travaux nécessaires.

3.12.2022

„Biergleit fréi op, ruffe Gléck op“

Lamadelaine/Rodange

© Commune de Pétange / Laurent Blum

Wann d’Lidd vum Biergmann erkléngt, da wëssen d’Leit aus dem Minett, datt Barbelendag gefeiert gëtt. Dat ass eng Traditioun, déi scho laang Joren hei gefeiert gëtt. An dëst Joer war dat och net anescht. Blumme goufen néiergeluecht zu Rodange op der Fonderie beim Monument vum Hl. Eloi an och beim Monument vun de Schmelz- a Biergaarbechter am Blobierg esouwéi zu Lamadelaine beim Biergaarbechtermonument, wou den Optrëtt vun zwee Duddelsakspiller dëser Zeremonie eng ganz speziell Stëmmung ginn huet.
Zu Rodange goung et méi spéit am Nomëtteg am Cortège vum Park Godefroid an Nidderréideng mat der Statue vun der Hl. Barbara bis an d’Parkierch, wou eng Mass gehale gouf. Uschléissend hat déi Péitenger Gemeng an de Kulturzenter op Rodange invitéiert, wou e Patt zerwéiert gouf.

27.11.2022

De Kleesche kënnt! 

Péiteng

© Commune de Pétange / Laurent Blum

De 27. November war kee gewéinlechen Dag fir d’Kanner aus der Péitenger Gemeng. Nomëttes um 2 Auer hat de Kleeschen hinne Rendez-vous ginn, an et koumen eng sëlleche brav Kanner, déi gespaant waren, ob si da wuel eng Tiitche mat gudde Saache kréichen. Obwuel den Houséker och mat ‘on Tour’ war, hat hie ganz wéineg ze doen, well schéngs ware Kleng a Grouss ganz fäin an esou konnten d’Rutte gréisstendeels am Sak bleiwen. 

De Kleeschen hat iwwerdeems vill ze doen, awer hien huet dat gäre gemaach an et gesouch een esou munch Kanneran, déi geliicht hunn an et net konnten erwaarde fir him d’Hand ze drécken. A jidderee krut dann och e gutt Wuert – dat ass jo selbstverständlech. 

25.11.2022

Den Niklosmaart ass op! 

Péiteng

© Commune de Pétange

Den Doft vum Glühwäin an d’Stëmmung op der Gemengeplaz hat nawell eng ganz Rei Leit ugelackelt, déi bei der offizieller Erëffnung vum Niklosmaart wollten derbäi sinn. De Roland Breyer huet e puer Detailer zu de Stänn an der Organisatioun ginn ier hien dem Buergermeeschter Pierre Mellina d’Wuert ginn huet fir de Niklosmaart offiziell op ze maachen. 

Nieft dem Patt an dem gudde Maufel hunn d’Veräiner sech en net huele gelooss fir Chrëschtdekoratiounen unzebidden, déi natierlech schéi geglänzt hu fir d’Visiteuren. Den Héichpunkt wäert awer e Sonndeg sinn, wann de Kleesche bei d’Kanner kënnt an eng sëllechen Titercher wäert un déi brav Kanner verdeelen. Den Niklosmaart wäert och bis e Sonndeg den Owend op bleiwen.

19.11.2022

Eng Bich fir d’Kanner 

Pétange

© Commune de Pétange / Nathalie Flenghi

Am Kader vun der 31. Editioun vum Dag vum Bam huet d’Gemeng Péiteng eng Bich (Fagus Sylvatica) am Park ënnerem Kierfecht zu Rodange geplanzt, dëst zu Éire vun deenen 223 Kanner, déi tëscht dem 1. November 2021 an dem 3§. Oktober 2022 op d’Welt koumen an der Gemeng. Eng sëllechen Elteren haten sech fir dës Geleeënheet am Park afonnt, wou si och all hir Schëpp bäigeluecht hu beim Planze vun der Bich. A wéi d’Traditioun et bei esou enger Feier wëll, gouf et uschléissend nach e Patt Glühwäin, well kal an naass war et wierklech deen Dag. 

21.11.2022

Infrastructures d’accueil pour enfants et jeunes

Pétange

© Commune de Pétange

Pour la pose de la première pierre et le premier coup de pelle des nouvelles infrastructure d’accueil pour enfants et jeunes de l’Etat, les ministres François Bausch, Claude Meisch, Corinne Cahen et Paulette Lenert avait invité sur les lieux de ce chantier qui s’étend sur une surface de plus de 2 hectares. Le projet sera réalisé en quatre phases et comprendra les installastions suivantes: 

une pouponnière nationale pour 54 enfants
des infrastructures communes (sport, centre médical, cuisine)
un parking souterrain 
un internat psychothérapeutique pour 18 enfants
un centre thérapeutique pour 50 enfants
des logements pour personnes autistes et pour personnes handicapées
un centre d’information 
un internat socio-familial pour 60 enfants et adolescents.

Le coût du projet s’élève à 116.800.000€. La mise en service est prévue pour 2025/2026. 

10.11.2022

Fuerpark vun der Gemeng Péiteng zum Deel erneiert 

Péiteng

© Commune de Pétange

Nei Gefierer am Wäert vu ronn 910.000 Euro goufe kierzlech ugeschaaft, fir den aktuelle Fuerpark vun der Gemeng ze erneieren, respektiv ze vergréisseren an esou déi ufalend Aarbechten effizient ze meeschteren an domadder dem Déngscht um Bierger gerecht ze ginn.

Am Kader vun enger klenger Feier goufe folgend Gefierer offiziell deene respektiven Servicer iwwerginn:

  • 1 Klengtransporter mat Kipper a Wanterausrüstung
  • 2 Klengtransporter mat Kippvirriichtung
  • 1 Materialtransporter mat Luedeklapp
  • 1 Camion mat wiesselbarer Benne
  • 1 Müllwon

Och a Saachen Ëmweltschutz an nohalteger Mobilitéit erneiert d’Gemeng Péiteng schrëttweis hire Fuerpark. Esou krut de Regiebetrib och en neien Elektrodéngschtwon, deen en alen Dieselauto ersetzt.

26.10.2022

75. Anniversaire 

Péiteng

© Commune de Pétange /Claude Piscitelli

Viru  75 Joer gouf zu Péiteng e Monument zu Éire vum éischten Amerikaneschen Zaldot, dem Hyman Josefson, a Präsenz vum Prënz Felix ageweit. Et war de Claus Cito, deen den Optrag krut, dëst Monument z’entwerfen. D’Fonge koumen aus ville Quellen, esou och aus engem Gedicht vum Hary Reiter, dat hie verkaf huet. An d’Gemeng huet hiren Deel och bäigesteiert. Jo, zwee Joer nom Enn vum Krich war d’Erënnerung un den 9. September 1944, wéi de 2Lt. Hyman Josefson säi Liewen huet musse loossen, nach ganz frësch. Hien, deem säin Numm bis an déi achtzeger Joren eran net bekannt war, gouf quasi zum Symbol vun der Befreiung vu Péiteng. An d’Gedenken un d’Befreier ass zënterhir erhale bliwwen. 

Fir de 75. Anniversaire vum Monument ze feiere gouf um Square Hyman Josefson eng Zeremonie organiséiert, wou déi deemoleg Evenementer nach eng Kéier an Erënnerung geruff goufen. Käerze sinn néiergesat a Blummen néiergeluecht ginn ier d’Gemeng zesumme mam Comité du Souvenir de la Commune de Pétange op de Patt am WAX agelueden hunn. 

23.10.2022

D’Konscht-Millen huet hiren 10. Anniversaire gefeiert

Péiteng

© Commune de Pétange /Laurent Blum

Esou séier vergeet d’Zäit….schonn e ganzt Jorzingt ass d’Konscht-Millen am WAX aktiv. Hei gi Coursen organiséiert, déi och déi ënnerschiddlechst Interessegebitter vun de Leit uschwätzen. Vu Fotografie iwwer Aquarellmolerei, Keramik, Blummen- a Bitzateliere bis Chrëschtdeko an Aktivitéite fir Kanner. D’Panoplie ass grouss, den Undrang och.

Fir den 10. Anniversaire gouf dann elo op d’Séance académique invitéiert, déi um Späicher stattfonnt huet. D’Präsidentin Josette Conzemius, de Roger Klein, de Buergermeeschter Pierre Mellina an de Kulturschäffe Jean-Marie Halsdorf hunn dach och d’Geschicht vun der Konscht-Millen beliicht ma och déi vill Aarbecht gelueft, déi hei gemaach gëtt.

Am Virfeld, den 21. an 22. Oktober, haten Keen Plang esouwéi d’Mierbaacher mat hirer Musik scho fir eng musikalesch Aleedung gesuergt.

16.10.2022

L’Avant-Garde feiert hiirt Jorhonnert

Rodange

© Commune de Pétange

No dem groussen Erfolleg vun hirem Gala-Wochenenn (Juli 2022) fir hiren 100. Gebuertsdag hat d’Avant-Garde vu Rodange op hir Séance académique an d’Fottosausstellung am Kulturzenter am Blobierg agelueden. Am Cortège goung et vun der Sportshal an d’Parkierch, wou eng Mass gehale gouf. Uschléissend war d’Séance académique am Kulturzenter, wou sech ë.a. de Sportminister Georges Engel esouwéi eng ganz Rei Gäscht afonnt haten. Luef fir de Veräi mat der Presidentin Julie Büchler un der Spëtz gouf et vun de Riedner, déi der Avant-Garde alleguer nach e Jorhonnert Aktivitéiten derbäi gewënscht hunn.

No dem offiziellen Deel, dee vun enger Delegatioun vun der Harmonie Rodange-Lamadelaine musikalesch encadréiert war, huet déi Péitenger Gemeng op den obligate Patt agelueden.

Fir nach esou muncht Gespréich huet esouwuel virun ewéi no der Séance académique d’Fottosausstellung gesuergt, wou deen een oder aneren sech op de Biller erëmkannt huet an d’Erënnerungen u fréier nees ganz präsent goufen.

12.10.2022

Konferenz iwwer Demenz am WAX

Péiteng

© Commune de Pétange / Maria Agostino, José Da Silva

An Zesummenaarbecht mam der Association Luxembourg Alzheimer (ALA) an dem Info-Zenter Demenz hat déi Péitenger Gemeng op eng Konferenz an de Centre WAX agelueden, wou d’Thema Demenz am Mëttelpunkt stoung. Demenz, esou housch et, geet eis all eppes un – leider eng batter Realitéit. Informatiounen zu dëser Krankheet, déi nawell ganz vill Leit an hiirt Ëmfeld betrëfft, goufen et vun den Dammen Dahn, Stefanetti a Marzona. An datt Demenz en Thema ass, wou d’Leit interesséiert, dat huet dee groussen Zoulaf gewisen, esou datt dës Informatiounsversamm- lung virun engem vollen Haus ofgehale konnt ginn.

12.10.2022

Portes ouvertes à la commune de Pétange

Pétange

© Commune de Pétange

En vue des élections communales de juin 2023, la commune de Pétange avait organisé une journée des portes ouvertes.

Lors de cet après-midi, les résidents non luxembourgeois avaient également la possibilité de s’inscrire sur les listes électorales et de découvrir les différents services administratifs de l’Hôtel de ville. Un pot de l’amitié dans la salle de mariage fut offert à la fin de chacune des 4 visites.

12.10.2022

Konventioun mam Inneministère ënnerschriwwen

Péiteng

© Commune de Pétange

D’Inneministesch Taina Bofferding war op déi Péitenger Gemeng koum, wou si zesumme mat dem Schäfferot eng Konventioun fir d’Förderung vun der Gläichstellung tëscht Mann a Fra um lokale Plang ënnerschriwwen huet. D’Ministesch huet och gemengt, datt um kommunalen Niveau scho ganz vill an der Péitenger Gemeng ënnerholl gouf. Uschléissend krut si nach e klenge Film iwwer d’Gemeng gewisen ier dunn nach den obligate Patt ugebuede gouf.

9.10.2022

Journée de la Commémoration Nationale

Rodange

© Commune de Pétange/Milena Markovic

C’est à Rodange que la Journée de la Commémoration Nationale 2022 fut célébrée cette année. Le corps des sapeurs-pompiers a mené le cortège avec les édiles communaux, les musiciens des harmonies de la commune, les membres de diverses associations ainsi que les citoyens et citoyennes vers le Monument aux Morts dans l’avenue Dr Gaasch où des fleurs furent déposées en l’honneur de toutes les victimes de la guerre.

Le service religieux fut ensuite célébré en l’église paroissiale de Rodange.

8.10.2022

Aweiung vun enger Gedenkplaque bei der Fatima-Kapell

Péiteng

© Commune de Pétange

Beim Scoutschalet um Prënzebierg war eng méi lass den 8. Oktober. Am Nomëtteg gouf bei der Kapell am Bësch eng Gedenkplaque ageweit, déi un déi Scouten erënnert, déi hir Heemecht nom Enn vum zweete Weltkrich net méi erëmgesinn hunn. Et waren dat:

Nicolas Hahn (zwangsrekrutéiert)
Marcel Hochstrass (zwangsrekrutéiert)
André Hengen (zwangsrekrutéiert)
Norbert Reiter (zwangsrekrutéiert)
Henri Feller (zwangsrekrutéiert)
Alfred Michels (zwangsrekrutéiert)
Josy Perrard (zwangsrekrutéiert)
Pierre Weiler (Auschwitz)

E puer Erklärungen hunn d’Claire Dording als Gruppecheftaine vun an de Péitenger Guiden a Scouten – Grupp Hl. Franz vun Assisi – esouwéi de Buergermeeschter Pierre Mellina ginn. Nodeems d’Plaque offiziell virgestallt gi war huet de Paschtouer Théo Klein, deen am Virfeld eng Mass ofgehalen hat, si och geseent.

Uschléissend huet d’Gemeng Péiteng op e Patt an e klenge Maufel vum Grill beim Chalet agelueden. Eng Invitatioun, déi vu Scout, Guide an och de Gäscht gären ugeholl gouf.

22.9.2022

150 Joer Rodanger Schmelz

Rodange

© Commune de Pétange / Laurent Blum / ArcelorMittal

Zu Rodange op der Schmelz stoung den 22. September e groussen Dag am Agenda: d’Schmelz gouf 150 Joer al. A fir dëst ze feieren hat sech de Groussherzog Henri op den Site vun der Schmelz deplacéiert, dëst nieft enger ganzer Rei Gäscht aus der nationaler Politik, awer och Memberen aus dem Péitenger Schäfferot mam Buergermeeschter Pierre Mellina un der Spëtz. No der Usprooch vun den Häre Pierre Jacobs an Henri Reding vun ArcelorMittal goung et op en Tour duerch d’Produktionsanlagen, wou et weider Erklärunge goufen.
Um Rondgang gouf och dem Kënschtler Markus Müller säi Fresko virgestallt, dee mat sengem Wierk versicht huet, d’Dynamik vum Rodanger Site duerzestellen. Beim uschléissenden obligate Patt huet de Groussherzog et sech och net huele gelooss, mat de Gäscht e puer Wuert ze tauschen.

16. – 17.9.2022

Internationale Supercross zu Péiteng

Péiteng

© Commune de Pétange / Laurent Blum / Claude Piscitelli / Val Wagner

Et waren zwee Deeg geluede mat vill PS, Spannung, Akrobatie a Geschwindegkeet, déi d’Zuschauer je iwwer e puer Stonnen an Otem gehalen hunn. D’Pist um Péitenger Carena war professionnel ausgeluegt gi vum Organisator an den Undrang war esou grouss, datt d’Billjeeën a kuerzer Zäit ausverkaf waren. Mat ronn 2200 Leit, verdeelt op 2 Deeg, war dës Manifestatioun eenzegaarteg. Eenzeegaarteg waren awer och d’Leeschtunge vun de Motorfuerer, déi hir Erfahrung, hiirt Kënnen hei zur Schau gestallt hunn. Ënner hinnen och de Lëtzebuerger Damien de Muyser. De Supercross ass eng Disziplin, déi op relativ klengem Terrain mat ganz ville „Spréng“ ausgedroe gëtt. Absolut genial ze kucken, an déi meeschte Fans hoffen natierlech, datt dat net déi leschte Kéier wäert sinn. Loosse mer kucken….

11.9.2022

Se souvenir des victimes de la guerre est un devoir

Pétange

© Commune de Pétange / Nathalie Flenghi

Depuis 1996, l’unique Borne du Passeur au Grand-Duché se trouve juste à côté de l’église paroissiale de Pétange. Chaque année, dans le cadre des festivités commémorant la Libération de Pétange par les soldats américains, la commune de Pétange se souvient également des héros qui ont risqué leur vie pendant les années de guerre pour permettre à d’autres de passer la frontière et d’échapper ainsi au régime nazi. Hélas, trop souvent, le courage incroyable et le dévouement à l’indépendance de la patrie leur ont couté la vie. Les générations actuelles et futures ont un devoir de ne jamais oublier les événements historiques, de ne pas oublier les souffrances de toutes les victimes de la guerre et de veiller à ce que de telles atrocités ne se répètent jamais.

10.9.2022

Vun Hot Dogs bis Rock ‘n Roll

Péiteng

© Commune de Pétange / Laurent Blum

De Rockabilly Deluxe 2022 war trotz dem Wiedergott senger schlechter Laun en Erfolleg an et haten sech eng sëlleche Leit op de Wee op Péiteng gemaach, wou si e flotte Programm vu moies bis spéit owes gebuede kruten. Hei koumen d’Amateure vu amerikaneschen Autoen an Harleyen voll op hir Käschten, a bei esou munch engem Auto gouf dann och aktiv gefachsimpelt. Am Park Théophile Kirsch hanner dem Gemengegebai war d’Offer un Aktivitéiten esou vielfälteg ewéi d’Leit. Do goung et vun Hamburger, Popcorn, Fritten an Eisekuche bis hin zu engem Tattoo-Studio, engem Hoertessler an esouguer Elvis Memorabilia, déi de Virwëtz vun de Visiteuren erausgelackelt hunn. An d’Musik huet op 2 Bühne fir gutt Stëmmung gesuergt. Um musikalesche Programm stounge 4 Bands:  The Ferocious Few, Danny B. Harvey & Annie Marie Lewis, Linda Gail Lewis (vun Austin, Texas) an als Headliner Slim Jim Phantom (vu Brooklyn, New York). Alles an allem, e gelongenen Dag, deem och déi eng oder aner Schauer näischt konnt undoen.

9.9.2022

Den 9. September 1944 gouf Péiteng befreit

Péiteng

© Commune de Pétange / Laurent Blum

Den 9. September waren et genee 78 Joer hir, datt déi éischt amerikanesch Zaldoten iwwer d’Athuser Strooss an d’Land amarschéiert sinn. Et ass scho laang hir, awer d’Erënnerung un deen Dag, op deem d’Fräiheet nees gräifbar gouf zu Péiteng, wäert a muss weiderhi bestoe bleiwen. Nodeems Blummen um Kierfecht zu Péiteng op de Griewer vum Jean Jung – deen duerch sougenannt « friendly fire » ëm d’Liewe koum – an dem Charles Schöner – dem Éisträicher, dee beim Versuch, d’Bréck iwwer d’Kor ze sprengen, erschoss gouf – néiergeluecht goufen, war eng Zeremonie um Square Hyman Josefson ugesot. A Präsenz vum amerikanesche Botschafter Thomas Barrett gouf un den 9. September erënnert, besonnesch awer un deen éischten amerikaneschen Zaldot, den Hyman Josefson, deen hei säi Liewe verluer huet. D’Erënnerung, esou housch et, muss weiderliewen an den nächste Generatioune, esou datt sech d’Evenementer vun deemools net méi widderhuelen.

10.8.2022

Iwwernuechten am Wagon Gîte 

Fond-de-Gras

© Commune de Pétange / Nathalie Flenghi

A Präsenz vun enger sëlleche Gäscht, ë.a. de Minister Claude Meisch, gouf de Wagon Gîte offiziell am Laf vun enger klenger Feier ageweit. Et huet laang gedauert, awer et huet sech gelount wann een dëse klenge Bijou gesäit. 3 Schlofzëmmer, 1,5 Buedzëmmer, eng Kiche mat klengem Iessraum an eng Sauna goufen hei ënnerbruecht. Eng Erausfuerderung fir d’Architekten an d’Handwierker, déi dëse Proje ëmgesat hunn. 
Mat dem Zerschloe vun enger Fläsch Crémant um Puffer vum Wagon hunn de Buergermeeschter Pierre Mellina an de Minister Claude Meisch den onkonventionellen Hotel senger Bestëmmung iwwerginn. Uschléissend stoung e klengen Tour u Bord um Programm fir z’entdecken, wou een an Zukunft matten an der Natur schlofen. Avis aux amateurs! An et ginn där ganz vill, déi schonn ugeklappt hunn. 

9.8.2022

„Histoire.s“
Erënnerung un den 9. August 2019

Péiteng

© Commune de Pétange / Nathalie Flenghi

Dräi Joer si vergaangen zënter en Tornado d’Gemenge Péiteng a Käerjeng spéit nomëttes iwwerrascht huet. No e puer Minutte war alles eriwwer. Wat blouf, dat ware Schied vu ronn 100 Milliounen Euro an en Ubléck, deen och haut nach bei all deenen, déi et erlieft hunn, traumatesch Erënnerungen eroprifft.

Nodeems d’Tornado-Statue op der Gemengeplaz zu Péiteng opgeriicht a gutt agepak gouf, war et den 9. August esou wäit: der Kënschtlerin Florence Hoffmann hir Statue ass offiziell ageweit ginn. Et ass e Wierk, an deem een esouwuel d’Beweegung vum Tornado erkennt, soll awer och de Bléck no vir riichten an nei Perspektivë ginn. An de Wierder vun der Kënschtlerin: „E Bléck erop. An no vir.“

Brochure:

5.8.2022

Vakanzaktioun, zwou Woche Spill a Spaass ginn op en Enn 

Rodange

© Commune de Pétange

Zu Rodange nieft der Sportshal koum esou richteg Vakanzestëmmung op ewéi et nees eng Kéier housch: d’Ofschlossfest steet um Programm. No zwou Wochen Aktivitéiten an der grousser Vakanz hunn d’Kanner zesumme mat deene sëlleche Moniteuren a Monitricen dee leschten Dag mat vill Schwong ugaangen. Am Laf vum Nomëtteg sinn d’Elteren och lues a lues nokomm fir matzefeieren. Mat de Zchicas an der Avant-Garde vu Rodange gouf vill gedanzt ier et dann un der Zäit war fir jidderengem eng schéi Vakanz ze wënschen.

Uschléissend krut d’Asbl Enfants de l’Espoir e Scheck iwwer 1360.20€ iwwerreecht. Dës Zomm koum zustanen aus dem Verkaf vun de Bastelaarbechte vun de Kanner a vun de Suen, déi um Ofschlossfest vun de Veräiner verdingt goufen. E lescht Wuert vum Eugène Schauss huet e bëssen erkläert, wéi a wou sech dës Associatioun engagéiert, ier de Buergermeeschter dunn op de Patt invitéiert huet. 

30.07.2022

Super Zoulaf um Péitenger Stroossemaart 

Péiteng

© Commune de Pétange / Claude Piscitelli

Jo, d’Sonn war um Rendez-vous ewéi et zu Péiteng nees eng ganz Rei Leit op de Stroossemaart gezunn huet. Op a ronderëm d’Gemengeplaz grad esou ewéi an der Lëtzebuergerstrooss war et nees un der Zäit fir hei an do e gutt Geschäft ze maachen. Och fir de gudde Maufel, e Pättchen an de musikaleschen Encadrement  war beschtens gesuergt. D’Leit ware frou fir nees op eng „Braderie“ kënnen ze goen esou wéi dat jo schonn zur Traditioun gi war virun der Coronazäit. Organiséiert gouf de Stroossemaart vun der Association des professionnels des foires et marchés asbl.

16.07.2022

Hip Hop Open Air 

Skateboardpist zu Péiteng

© Commune de Pétange / Joyce Felix / Fraenz_tography

D’Jugendkommissioun aus der Péitenger Gemeng an de Läbbel haten op den Hip Hop Open Air zu Péiteng op der Skateboardpist invitéiert, wou Concerten, DJs, Beatbox an e Graffiti Workshop mam Blessi One um Programm stoungen. Iwwerhaapt huet de Line-Up sech wierklech kucke gelooss mat ë.a. Corbi, DJ PC, Maka MC, Ape, a vill méi.

An och wann den Nomëtteg méi gemittlech ugefaangen huet, esou goufen d’Reie géint der Owend ëmmer méi voll. Wat d’Reie méi gefëllt waren, wat d’Stëmmung besser gouf. Och e ganze Koup Visiteure vum Food Festival hat sech op de Wee gemaach fir nach ze feieren, esou datt ee ka soen, et war e „Full House“ op der Skateboardpist. Super! Dat war e genialen Owend fir Jonk a manner Jonk, deen ee roueg nach eng Kéier ka widderhuelen.

16.07.2022

Food Festival am Park 

Pétange, Parc Théophile Kirsch

© Commune de Pétange / Joyce Felix

Et war eng Première am Park zu Péiteng ewéi d’Gemeng, an Zesummenaarbecht mat der Kommissioun fir Wirtschaft a lokale Commerce op de Food Festival invitéiert hunn. Restaurateuren hunn hir Spezialitéiten ugebueden, an donieft gouf ech och nach Gin esouwéi e Pättche Wäin ze schmaachen. A wee gutt defteg ësst, dee brauch bekanntlech och eppes Séisses, an esou ass och de Stand mat de Glacen esou wéi de Bäcker mat senge Crèpen an Taarten op grousst Interesse gestouss. Tje, et war eng Vielfalt, déi immensen Uklang bei de Bierger fonnt huet. A fir de musikaleschen Encadrement war iwwregens och gutt gesuergt.

E gelongenen Dag bei wonnerschéinem Wieder, an déi meescht „fins gourmets“ waarde scho mat Ongedold op déi nächst Editioun.

15.07.2022

Erneierung vun der Bommert-Strooss zu Péiteng ofgeschloss

Pétange, rue Bommert

© Commune de Pétange

Am Hierscht 2020 haten d’Aarbechten ugefaange fir d’Bommert-Strooss zu Péiteng komplett nei ze maachen. Esou goufen nieft de Stroossebauaarbechten och d’Kanalisatioun, d’Drénkwaasserleitungen, d’Beliichtung, an d’Reseaue vun der Gemeinschaftsantenn, dem Gas, der Glasfaser an dem Stroum erneiert. Den Devis heifir louch bei 1,3 Milliounen Euro.

Fir den Awunner aus der Bommert-Strooss Merci ze soe fir hir Gedold wärend den Infrastrukturaarbechten, hat de Péitenger Schäfferot op e Patt an e klenge Maufel invitéiert, fir esou zesummen op déi «nei» Strooss unzestoussen.

Am Hierscht 2020 haten d’Aarbechten ugefaange fir d’Bommert-Strooss zu Péiteng komplett nei ze maachen. Esou goufen nieft de Stroossebauaarbechten och d’Kanalisatioun, d’Drénkwaasserleitungen, d’Beliichtung, an d’Reseaue vun der Gemeinschaftsantenn, dem Gas, der Glasfaser an dem Stroum erneiert. Den Devis heifir louch bei 1,3 Milliounen Euro.

Fir den Awunner aus der Bommert-Strooss Merci ze soe fir hir Gedold wärend den Infrastrukturaarbechten, hat de Péitenger Schäfferot op e Patt an e klenge Maufel invitéiert, fir esou zesummen op déi «nei» Strooss unzestoussen.

Am Hierscht 2020 haten d’Aarbechten ugefaange fir d’Bommert-Strooss zu Péiteng komplett nei ze maachen. Esou goufen nieft de Stroossebauaarbechten och d’Kanalisatioun, d’Drénkwaasserleitungen, d’Beliichtung, an d’Reseaue vun der Gemeinschaftsantenn, dem Gas, der Glasfaser an dem Stroum erneiert. Den Devis heifir louch bei 1,3 Milliounen Euro.

Fir den Awunner aus der Bommert-Strooss Merci ze soe fir hir Gedold wärend den Infrastrukturaarbechten, hat de Péitenger Schäfferot op e Patt an e klenge Maufel invitéiert, fir esou zesummen op déi «nei» Strooss unzestoussen.

Am Hierscht 2020 haten d’Aarbechten ugefaange fir d’Bommert-Strooss zu Péiteng komplett nei ze maachen. Esou goufen nieft de Stroossebauaarbechten och d’Kanalisatioun, d’Drénkwaasserleitungen, d’Beliichtung, an d’Reseaue vun der Gemeinschaftsantenn, dem Gas, der Glasfaser an dem Stroum erneiert. Den Devis heifir louch bei 1,3 Milliounen Euro.

Fir den Awunner aus der Bommert-Strooss Merci ze soe fir hir Gedold wärend den Infrastrukturaarbechten, hat de Péitenger Schäfferot op e Patt an e klenge Maufel invitéiert, fir esou zesummen op déi «nei» Strooss unzestoussen.

Am Hierscht 2020 haten d’Aarbechten ugefaange fir d’Bommert-Strooss zu Péiteng komplett nei ze maachen. Esou goufen nieft de Stroossebauaarbechten och d’Kanalisatioun, d’Drénkwaasserleitungen, d’Beliichtung, an d’Reseaue vun der Gemeinschaftsantenn, dem Gas, der Glasfaser an dem Stroum erneiert. Den Devis heifir louch bei 1,3 Milliounen Euro.

Fir den Awunner aus der Bommert-Strooss Merci ze soe fir hir Gedold wärend den Infrastrukturaarbechten, hat de Péitenger Schäfferot op e Patt an e klenge Maufel invitéiert, fir esou zesummen op déi «nei» Strooss unzestoussen.

14.07.2022

Visite vun der britescher Botschafterin 

Pétange, Hôtel de ville

© Commune de Pétange

Fir e puer Stonnen war d’Madamm Fleur Thomas, britesch Botschafterin zu Lëtzebuerg, op Besuch an der Péitenger Gemeng, wou si vum Buergermeeschter a Memberen aus dem Schäfferot begréisst gouf iert si sech an d’Gëlle Buch agedroen huet. D’Botschafterin huet am Abrëll 2021 hire Posten ugetrueden.

07.07.2022

Afterwork déi Lescht 

Pétange, Site WAX

© Commune de Pétange / Nathalie Flenghi

Et war déi 5. a lescht Editioun vum Afterwork beim WAX fir dëst Joer, a wee geduecht huet, datt e puer Grad manner um Thermometer d’Leit géifen ofschrecken, ma deen hat sech awer gewalteg geiert. Sief et ënnerem Zelt oder baussen op der Wiss, den Uklang war nees eng Kéier immens grouss bis zur leschter Minutt. D’Musik war héchstwahrscheinlech net onschëlleg un dësem Erfolleg, well op der Bühn stoungen deen Owend THE COOKIE JAR COMPLOT / ALL REITZ RESERVED! E gelongenen Owend an aller Hisiicht. Bis geschwënn nees eng Kéier hei zu Péiteng!

02.07.2022

Marche gourmande

Pétange, Rodange, Lamadelaine

© Commune de Pétange et Milena Milenkovic

Après le succès de l’année passée, la commune de Pétange avait décidé d’organiser l’édition 2022 de la Marche gourmande alliant ainsi une activité sportive à la bonne cuisine. 27 groupes s’étaient inscrits afin de pouvoir participer.

Du départ au Doihl à Rodange, le trajet de 11km reliait le Mirador, les étangs de Lamadelaine, le „Café am Home“, le «Hierschtbierg» et les étangs de Pétange. Une entrée, un plat principal ainsi qu’un dessert furent servis sur le parcours que les participants ont tous maîtrisé avec brio. Et par un temps superbe, l’expérience fut encore meilleure.

30.06.2022

Afterwork beim WAX

Péiteng

© Commune de Pétange / Nathalie Flenghi

Trotz Reeschaueren a wiesentlech méi kill Temperaturen war den Afterwork beim WAX nees eng Kéier d’Ulafstell fir esou munch een, deen no der Aarbecht wollt entspanen. Lëtzebuerger Hip Hop stoung um Programm mat dem BC ONE & APE & GUESTS. Si all hu fir Stëmmung gesuergt a weem et kal war, dee war frou, e bësse mat ze sprangen an ze sangen. 

An de 7. Juli steet deen nächste Rendez-vous schonn am Agenda. Dann heescht et nees Afterwork mat THE COOKIE JAR COMPLOT/ALL REITZ RESERVED! Mir freeën eis, Iech nees um Site WAX ze gesinn.  

23.06.2022

Visite d’Arménie

Pétange

© Commune de Pétange / Joël Schadeck

Monsieur Davit Sargsyan, bourgmestre de la ville de Dilijan en Arménie, accompagné par Monsieur Tigran Balayan, Ambassadeur d’Arménie au Luxembourg, ainsi que d’une petite délégation, était en visite à Pétange lors des festivités pour la Fête Nationale Luxembourgeoise. A cette occasion, les membres de cette délégation ont signé le livre d’or de la commune de Pétange. 
Le soir venu, la délégation arménienne en compagnie des membres du collège échevinal a, pour quelques instants, su savourer les moments finaux de la fête à la place John F. Kennedy avant de chercher refuge sous les parapluies. Malgré ce petit contretemps météorologique, la bonne humeur fut toujours au rendez-vous et les visiteurs ont profité de leur séjour pour faire le tour des localités le 24 juin. 

23.06.2022

Volleksfest op Nationalfeierdag

Péiteng

© Commune de Pétange / Joël Schadeck

Groussherzoginsgebuertsdag ass ëmmer eng gutt Geleeënheet fir e grousst Fest z’organiséieren. Dëst Joer war nees vill lass op der Stadhausplaz, an dat vu moies bis owes ewéi en Donnerwieder nawell dofir gesuergt huet, datt d’Plaz méi séier ewéi gewollt eidel gouf. Awer ënner de Prabbelien an op esou munch enger geschützter Plaz wollten dach vill Bierger d’Projektioun mat Evokatiounen aus der Geschicht op d’Fassad vum Stadhaus, live begleet vum André Mergenthaler, gesinn.
Am Nomëtteg hunn The Humphreys schonn den Takt ugi mat hirer Musik ier den Ophänger vum Dag um Programm stoung. God Save the Queen (Queen Tribute Band) housch et knapp zwou Stonnen, wou déi gréissten Hits vu Queen fir Begeeschterung beim Publikum gesuergt hunn. Et war eng Zäitrees an d’Jugend vun esou muncherengem, deen de Wee op Péiteng fonnt hat.
Elo kënne mir eis schonn emol op dat anert Joer freeën!

23.06.2022

Nationalfeierdag an der Péitenger Gemeng

Péiteng

© Commune de Pétange / Joël Schadeck

De Wiedergott hat et op Nationalfeierdag nawell gutt gemengt mat de Bierger vun der Péitenger Gemeng, déi no zwee Joer gezwongener COVID-Paus endlech nees richteg zesumme feiere konnten. Et waren och vill Leit der Invitatioun vum Schäfferot nokomm fir beim offiziellen Deel vun dësem wichtegen Dag derbäi ze sinn. Mat engem Cortège vun der Stadhausplaz aus goung et an d’Parkierch, wou den Te Deum stattfonnt huet.

Am Uschloss huet de Buergermeeschter Pierre Mellina seng Usproch op der Stadhausplaz gehalen, an där hien net nëmmen op de Krich an der Ukrain agaangen ass, ma och ënnerstrach huet, datt mir all zesummen als Gemeinschaft d’Fräiheet an de Fridden sollten héichhalen.

Eng Rei Mataarbechter vun der Gemeng esou wéi Memberen aus dem Pompjeescorps goufen am Laf vun dëser Zeremonie geéiert ier dunn den obligate Patt, offréiert vun der Péitenger Gemeng, um Programm stoung.

18.06.2022

Minett on Tour

Pétange (Site Wax)

© Commune de Pétange / Laurent Blum

Am Sënn vun engem nohaltegen, intergenerationellen an internationale Kulturprojet hat d’Harmonie municipale Differdange am Kader vun Esch2022 de Projet „Minett on Tour“ an d‘Liewe geruff.

Mat 10 klenge Concerten den 18. Juni zu Péiteng um Site WAX, woussten 10 Harmonien aus der Südregioun mat flotter Musek ze begeeschteren. Ugefaangen hunn d’Concerte – déi iwwer dee ganzen Dag verdeelt waren – mat der Harmonie Municipale Pétange. Nach mat dobäi waren d’Harmonie Municipale Differdange, den Orchestre du Pays Haut Val d’Alzette, d’Harmonie Municipale Rumelange, d’Jusik Jugendensembel vun der Harmonie Municipale Bettembourg an der Fanfare Ste Cécile Huncherange, d’Harmonie Municipale Mondercange, d’Harmonie Municipale Schifflange, d’Harmonie Municipale Esch, d’Harmonie Concorde Sanem an d’Harmonie Clemency.

»» Weider informatiounen

18.06.2022

Les nouveaux habitants à la découverte de la commune de Pétange

Pétange, Rodange, Lamadelaine, Fond-de-Gras

© Commune de Pétange

Une quarantaine de nouveaux habitants avaient répondu à l’invitation de la municipalité à participer à un circuit de découverte dans la commune de Pétange. Après les mots de bienvenue et la projection d’un film touristique sur la commune de Pétange, les nouveaux résidents se sont déplacés en Train 1900 vers le site du Fond-de-Gras. De là, la visite s’est poursuivie en bus, à la découverte des centres d’intérêts publics, des lieux historiques et des différents quartiers de la commune de Pétange.

La journée découverte s’est terminée par la remise d’une pochette de documentation touristique et pratique et d’un pot de l’amitié en la maison de la culture ‘A Rousen’ à Pétange.

11.06.2022

Nuit du sport 2022

Péiteng

© Commune de Pétange (Milena Milenkovic, Laurent Blum)

Och bei der Editioun 2022 stoung de Spaass un der Beweegung erëm op 1. Plaz. An enger ganzer Rei vu Sportsateliere konnt ee beim Ausprobéieren eventuell seng Leidenschaft fir déi eng oder eng Sportaart entdecken.

11.06.2022

Portes ouvertes an der Musiksschoul

Péiteng

© Commune de Pétange

Ob Gittar, Gei, Gesang, Eveil, Harf oder Saxophon, d’Musiksschoul bitt eng ganz Panoplie u Coursen zu Péiteng un. A fir de Schüler – awer och den Elteren – eng kleng Iddi ze ginn, wat si alles kënnen hei léieren, goufen d’Dire fir de Public opgemaach. Grouss a Kleng, Jonk a manner Jonk waren invitéiert fir sech op der Plaz emol all déi Instrumenter vun no unzekucken a mat deem engen oder anere Chargé de Cours ze fachsimpelen.

An och dëst Joer war den Uklang nees ganz grouss an esou munch Kanneran hu gefonkelt ewéi déi éischt Kläng um Instrument de Raum gefëllt hunn.

10.06.2022

D’Rodanger a Rollenger Guiden a Scoute feieren 100+2 Joer

Rodange, rue de la Minière

© Commune de Pétange (Nathalie Flenghi)

Am Kader vun der Gebuertsdagsfeier gouf a Presenz vun enger Rei Éieregäscht a Membere vun de Scouten och d’Ausstellung « 100 Joer Guiden a Scouten Rodange a Rolleng » ageweit, ier dann de obligatoresche Gebuertsdagskuch ugeschnidde gouf.

02.06.2022

Afterwork beim WAX

Péiteng

© Commune de Pétange / Nathalie Flenghi

Loscht op e gudde Patt oder e Maufel? Dann huet déi Péitenger Gemeng déi richteg Sortie fir Iech! Während engem Mount ass donneschdes owes eng méi lass um Site vum WAX: Afterwork beim WAX! Vu 17 bis 22 Auer kënnt Dir bei Musik chillen, einfach am Liegestull relaxéieren oder mat Frënn e puer gemittlech Stonne verbréngen.

Déi éischt Editioun war super. Lëschteg Leit, vill Gespréich, gutt Musik, wat wëll ee méi? A wann emol eng Drëps sollt falen, da bleift et awer ganz gemittlech ënner dem Beduinenzelt um Wues.

Kommt kucken, loosst Iech iwwerraschen. Mir géifen eis freeën, Iech den 9. Juni beim WAX begréissen ze kënnen.

10.05.2022

Erënnerung un den 10. Mee 1940

Péiteng, Rodange, Lamadelaine

© Commune de Pétange

Fir un d’Evenementer vum 10. Mee 1940 ze erënneren, goufe Blummen op dëse Plazen néiergeluecht:

  • bei der Gedenkplaque fir d’Famill Hahn am Schoulhaff vun der Park-Schoul zu Péiteng,
  • beim Monument zu Éire vun den Affer vum Nationalsozialismus bei der Gemeng zu Péiteng,
  • beim Monument fir de Lieutnant Jacques Chauvin zu Péiteng,
  • bei der  Gedenkplaque zu Rodange op der Grenz, wou d’Groussherzogin Charlotte an den Exil goung,
  • um Kierfecht zu Lamadelaine, wou dem Sergeant Moat, dem Boudouani Ben Aissa Ben Abd El Kader, dem L.M. Langton, dem R.F. Miller an dem F.S. Laws geduecht gouf.

Fir de musikalesche Kader ware Vertrieder vun der Harmonie vu Péiteng esouwéi vun der Harmonie Rodange/Lamadelaine derbäi. 

22.04.2022

Charity Dinner an der Minière

Fond-de-Gras / Lasauvage

© Claude Piscitelli

Op e ganz besonneschen Dinner hat de Rotary Bascharage Kordall agelueden, en Dinner, deen en Hauch Nostalgie mat sech bruecht huet an do stattfonnt huet, wou viru Jorzingten d’Grouwenaarbechter schwéier geschafft hunn.

No enger Fahrt mat der Minièresbunn vu Lasauvage aus kruten d’Gäscht den Aperitiv an der Galerie zerwéiert ier si sech de Menu vum Owend gutt schmaache gelooss hunn. 

20.04.2022

Pétange passe le flambeau

Pétange, Maison de la Culture «A Rousen»

© Commune de Pétange

Pendant un mois, la commune de Pétange fut au centre de l’attention des événements dans le cadre d’Esch2022. Après le succès fou de la Cavalcade Européenne à la mi-carême, le bourgmestre Pierre Mellina, bien entouré des invités, a remis le sceptre aux communes de Bettembourg, d’Audun-le-Tiche et de Boulange.

A cette occasion, le KaGePe a remis un chèque de 4.000€ à l’association «Médecins sans frontières» afin de soutenir l’aide aux victimes de la guerre en Ukraine.

20.04.2022

D’Kanner aus der Eigent-Schoul vu Péiteng hëllefen de Kanner an der Ukrain

Pétange, Ecole ‘An Eigent’

© Commune de Pétange

Enn Mäerz haten d’Kanner aus dem Cycle 1 aus der Péitenger Eigent-Schoul en Ouschtermaart organiséiert, bei deem 3.333 Euro zesummekoumen.

Den 20. Abrëll, am Kader vun enger klenger Feier, waren d’Kanner méi wéi houfreg, datt se den integralen Erléis vun hirem Ouschtermaart der Unicef Lëtzebuerg, vertrueden duerch d’Madamm Martine Karier, konnten iwwerreechen, fir esou mat hirem Geste den ukrainesche Kanner kënnen ze hëllefen.

Musikalesch ënnermoolt gouf dëse klenge Festakt vu Kanner aus den Cycle 4 aus der Péitenger Park-Schoul, déi dem John Lennon säi Lidd ‘Imagine’ virgedroen hunn.

02.04.2022

Fréijoersbotz an der Péitenger Gemeng

Pétange, Rodange, Lamadelaine

© Commune de Pétange

No 2 Joer Paus haten sech ronn 200 Leit aus 12 Klibb esou wéi aus dem Pompjeescorps gemelt fir bei der Fréijoersbotz 2022 an der Gemeng Péiteng deelzehuelen. Nom Schaffe gouf et déi verdingte Belounung: e waarmen Teller Iertsebulli, preparéiert vun den MVCL Greyhounds Pétange. 

Am Kader vun Esch2022 huet dann och d’Jessica Theis säi Projet „1001 Tonnen“ virgestallt, wou alles sech ëm den Offall dréint, deen einfach an d’Natur gehäit gëtt.

24.03.2022

Carnaval de Venise pour enfants

Pétange, Parc municipal & Place J.F. Kennedy

© Commune de Pétange

C’est avec un défilé dans le style du Carnaval de Venise que les enfants, entourés par des personnages sur échasses et des musiciens aux costumes élégants, ont fêté leur carnaval à Pétange. Musique, danse et bonne humeur étaient au rendez-vous sous le chapiteau à la place J.F. Kennedy! 🎉🎉🎉

30.01.2022

Gedenkzeremonie an Erënnerung un d’Affer vum Massaker vu Sonnenburg

Péiteng, Parkierch

© Commune de Pétange

An der Nuecht vum 30. op den 31. Januar 1945 goufen 823 Gefaangener aus dem „Zuchthaus Sonnenburg” kalbliddeg vun engem SS-Sonderkommando erschoss. Ënnert den Affer waren och 90 Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierter am Alter tëscht 20 a 24 Joer.

An enger feierlecher Gedenkzeremonie an der Péitenger Parkierch gouf hinnen geduecht, dëst a Präsenz vun Gemengepolitiker, Deputéiert, dem Chamberpräsident, enger Rei Memberen aus Veräiner a patrioteschen Associatiounen, esouwéi ville Bierger.

Zeremonie gouf organiséiert vum « Comité du Souvenir de la Commune de Pétange », op Ufro vun der « Fédération des Enrôlés de Force du Grand-Duché de Luxembourg Victimes du Nazisme (FEDEF)  » a mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Péiteng.

07.01.2022

De Péitenger Kannergemengerot ass « en place »

Péiteng, Stadhaus

© Commune de Pétange

E Freideg, 7. Januar 2022, huet sech deen neie Kannergemengerot am Sëtzungssall vun der Péitenger Gemeng zesummefonnt, fir de Kannerbuergermeeschter a säi Remplaçant ze wielen. E setzt sech fir d’Joren 2022 a 2023 folgendermoossen zesummen:

Kanner-Buergermeeschtesch:
Queiroz Luna

Remplaçant:
Moreira Da Silva Léo

Kanner-Gemengeréit:
Carvalho de Jesus William
Domingues Emy Ana
Flanagan Aine
Mainini Ben
Oliveira Campos Iris
Valerio Neves Luna

D’Zil vum Projet “Kannergemengerot” ass et, fir de Kanner  e Gefill vu Verantwortung ze vermëttelen an hinnen och e Matsproocherecht am Alldag ze erméiglechen. Deen neie Kannergemengerot, dee vun de Schoulkanner aus den Zyklen 3 a 4 gewielt goufen, wäert fir 2 Joer d’Intresse vun der Matschüler vertrieden. Dat Ganzt geschitt an Zesummenaarbecht mam Schäfferot, der Jugendkommissioun an edukativem Personal aus de Maisons Relaisen.

Aller au contenu principal