Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées ou vendues
sans l’autorisation préalable de l’administration communale de Pétange​​

5.12.2023

«Wanterconcert» – prélude aux fêtes de fin d’année

Pétange

© Commune de Pétange/Laurent Blum

C’est à l’auditoire du Lycée Mathias Adam que l’Ecole de Musique de la commune de Pétange avait organisé son «Wanterconcert», une audition quelques semaines avant les fêtes de fin d’année. Devant bon nombre d’amis, de membres de famille et d’invités, les musiciens, musiciennes, chanteurs et chanteuses ont une fois encore prouvé leur talent sur scène.

Voilà une belle soirée qui s’est terminée par de chaleureux applaudissements et la certitude que la musique est une langue universelle qui réunit des gens de tous les coins de la planète. 

2.12.2023

„Biergleit fréi op, ruffe Gléck op“

Pétange

© Commune de Pétange/Laurent Blum

Ufanks Dezember gouf an der Péitenger Gemeng nees de Barbelendag gefeiert.

Beim Monument St. Eloi op der Fonderie zu Rodange ewéi zu Rolleng beim Monument vun de Biergleit a beim Monument fir d’Schmelzenaarbechter an d’Mineuren am Blobierg zu Rodange goufe Blummen néiergeluecht.
Ewéi dat schonn Traditioun zu Rodange huet, hunn d’Pompjeeën d’Barbelsstatue vum Godefroidspark an Nidderréideng am Cortège an d’Parkierch gedroen, wou eng Mass am Gedenken un d’Mineuren an d’Schmelzenaarbechter eng Mass gehale gouf.

Uschléissend goung et nach an de Kulturzenter fir deen offiziellen Empfang, wou d’Gemeng de Patt offréiert huet. Fir de musikalesche Kader waren d’Harmonie Rodange/Lamadelaine an d’Harmonie municipale Péiteng zoustänneg.

3.12.2023

De Kleesche kënnt!

Pétange

© Commune de Pétange / Laurent Blum

Den 3. Dezember war kee gewéinlechen Dag fir d’Kanner aus der Péitenger Gemeng.

Nomëttes um 2 Auer hat de Kleeschen hinne Rendez-vous ginn, an et koumen eng sëlleche brav Kanner, déi gespaant waren, ob si da wuel eng Tiitche mat gudde Saache kréichen. Obwuel den Houséker och mat ‘on Tour’ war, hat hie ganz wéineg ze doen, well schéngs ware Kleng a Grouss ganz fäin an esou konnten d’Rutte gréisstendeels am Sak bleiwen.
De Kleeschen hat iwwerdeems vill ze doen, awer hien huet dat gäre gemaach an et gesouch een esou munch Kanneran, déi geliicht hunn an et net konnten erwaarde fir him d’Hand ze drécken.

30.11.2023

Den Niklosmaart ass op!

Pétange

© Commune de Pétange

Den Doft vum Glühwäin an d’Stëmmung op der Gemengeplaz hat nawell eng ganz Rei Leit ugelackelt, déi bei der offizieller Erëffnung vum Niklosmaart wollten derbäi sinn. Den Yves Goevelinger vum SITP huet e puer Detailer zu de Stänn an der Organisatioun ginn ier hien dem Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf d’Wuert ginn huet fir de Niklosmaart offiziell op ze maachen.
Nieft dem Patt an dem gudde Maufel hunn d’Veräiner sech en net huele gelooss fir Chrëschtdekoratiounen unzebidden, déi natierlech schéi geglänzt hu fir d’Visiteuren.

Den Héichpunkt wäert awer e Sonndeg sinn, wann de Kleesche bei d’Kanner kënnt an eng sëllechen Titercher wäert un déi brav Kanner verdeelen. Den Niklosmaart wäert och bis e Sonndeg den Owend op bleiwen.

30.11.2023

Nei Mataarbechter

Pétange

© Commune de Pétange

De Péitenger Schäfferot hat op d’Virstellung vun den neie Mataarbechter aus deene verschiddenen Servicer vun der Péitenger Gemeng, déi am Laf vum Joer 2023 agestallt goufen, invitéiert. Eng Receptioun am klenge Kader gouf am Kulturhaus ‘A Rousen’ organiséiert, wou d’Leit kuerz virgestallt gi sinn, esou datt och d’Memberen aus dem Gemengerot si konnte kenneléieren.

11.2023

Kyotec Open 2023

Pétange

© Steve Putz

Pendant une semaine, c’est le tennis qui se trouvait au centre de l’attention à Pétange. Quelques unes des meilleures joueuses de tennis s’étaient donné rendez-vous au Centre QT à Pétange pour y disputer le tournoi Kyotec Open doté d’un prize money de $40.000.

A la fin d’une semaine pleine de suspens, Océane Dodin (France) et Alexandra Eala (Philippines) se sont affrontées en finale du tournoi. La Française s’est imposée au terme de deux sets – 6:1 et 7:5 – et a ainsi pu ajouter le titre – pour la deuxième fois déjà – à son palmarès.

18.11.2023

Journée de l’arbre 2023

Péiteng

© Commune de Pétange

A l’occasion de la « Journée de l’arbre » qui a eu lieu ce samedi 18 novembre, l’Administration communale a planté un arbre en l’honneur des enfants nés entre le 1er novembre 2022 et le 31 octobre 2023.
Beaucoup de familles ont été au rendez-vous malgré la pluie et ont assisté à cette rencontre symbolique suivie d’une boisson et d’une grillade offertes par l’Administration communale de Pétange.

26.10.2023

Diplomiwwereechung vun der Museksschoul

Péiteng

© Commune de Pétange

Déi Péitenger Museksschoul hat op hir alljährlech Diplomiwwerreechung an de Festsall vum LMA agelueden. 138 Schüler a Schülerinne goufe fir hir Aarbecht am Laf vum leschte Joer belount. Eng ganz Rei vun hinnen konnten och schonn op der Bühn weisen, wat si an de Course geléiert hunn. Dës Virféierungen vun de Musiker „in spe“ hunn, grad ewéi déi Jore virdrun, och ganz vill Applaus vun de Leit aus dem Sall kritt. 

24.10.2023

Ovatioun vum neie Gemengerot

Péiteng

© Commune de Pétange

De Syndicat d’initiative et du Tourisme de la Commune de Pétange hat op d’Ovatioun vum Gemengerot an d’Kulturhaus A Rousen zu Péiteng agelueden. Hei goufen déi nei an och déi „al“ Memberen aus dem aktuelle Gemengerot geéiert.

Hei sief ze bemierken, datt de Marc Goergen net méi dobäi ass an de Pierre Mellina säi Posten als Buergermeeschter mat engem Sëtz als Conseiller getosch huet.

Dem Yves Goevelinger seng Leit aus dem Comité vum SITP hunn dann och jidderengem eng gutt Fläsch esouwéi e schéine Bouquet Blummen iwwerreecht.

20.10.2023

Hëllef fir d’Äerdbiewenaffer a Marokko

Péiteng

© Commune de Pétange

Fir den Äerdbiewenaffer a Marokko ze hëllefen, hat de Péitenger Gemengerot beschloss, eng finanziell Hëllef iwwer 2.500€ un d’Associatioun Médecins sans frontières ze ginn, esou datt de Leit op der Plaz weidergehollef kéint ginn. Dës Ënnerstëtzung gouf och ganz gären ugeholl an de Scheck an Laf vun enger klenger Receptioun iwwerreecht. 

19.10.2023

Tankus the Henge dans le cadre du festival Nancy Jazz Pulsations

Péiteng

© Commune de Pétange

Le groupe anglais Tankus the Henge fut en visite au Home St Hubert à Pétange invitant dans un univers éclectique, savant mélange de rock, nourri au Rag Time ou encore au Funk.
Emmené sur scène par la fougue et le sens du show de Jaz Delorean, pianiste-chanteur-acrobate du groupe et véritable bête de scène, Tankus the Henge marque les esprits en live avec un véritable cabaret rock bastringue.

18.10.2023

100 Joer Fraewalrecht zu Lëtzebuerg

Péiteng

© Commune de Pétange 

Op Invitatioun vun de Geschichtsfrënn aus der Péitenger Gemeng huet d’Renée Wagener am Péitenger Kulturhaus A Rousen e Virtrag gehalen zum Thema 100 Joer Fraewalrecht zu Lëtzebuerg. Et war eng interessant Konferenz, wou esou much „Antikitéiten“ aus der deemoleger – hei schwätze mir vum 19. a vum Ufank vum 20. Jorhonnert – dach partriarchesch geprägter Gesellschaft ervirbruecht goufen an eng etlech Zitater fir Erstaunen a Kapprësele gesuergt hu bei den Nolauschterer. E léierräichen Owend an en Thema iwwer dat een och nach vill méi hätt wéilten héieren. 

15.10.2023

Cérémonie officielle auprès du monument aux morts

Pétange

© Commune de Pétange / Apart-TV

C’est à Pétange que la Journée de la Commémoration Nationale fut célébrée cette année. Le corps des sapeurs-pompiers a mené le cortège avec les édiles communaux, les musiciens des harmonies de la commune, les membres de diverses associations ainsi que les citoyens et citoyennes vers le Monument aux Morts où des fleurs furent déposées en l’honneur de toutes les victimes de la guerre.

Le service religieux fut ensuite encadré par les trois chorales Sainte Cécile de la Commune de Pétange.

17.10.2023

Aweiung vum Parking ënner der Museksschoul

Pétange

© Commune de Pétange

Zesumme mat Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot huet de Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf den ënnerierdesche Parking an der Museksschoul offiziell fir de Betrib fräiginn. Am 1. an 2. Sous-sol stinn elo am ganzen 93 Plazen, dovunner 9 mat elektresch Bornen, zur Verfügung. D’Entrée vum Parking ass an der rue Batty Weber, erausfuere kann een dann duerch d’Gillardinsstrooss. Och wann de Parking elo scho prett ass, déi nei Museksschoul wäert awer eréischt d’nächst Joer hir Dieren opmaachen.

26.9.2023

Aweiung vun neie Gemengegefierer

Pétange

© Commune de Pétange

Bei de Gemengenatelieren op der Lénger Strooss goufe viru kuerzem eng Rei nei Gefierer a Betrib geholl, ënner anerem fir d’Servicer Bâtiments, Espaces verts an Nettoyage.
Dës Ween sinn ausschliisslech kaf gi fir eeler Modeller, déi tëscht 10 an 13 Joer um Bockel haten, z’ersetzen an esou de Mataarbechter besser a modern Equipementer zur Verfügung ze stellen.
Käschtepunkt fir dës Gefierer: ronn 333.000€. An no der Aweiung gouf et e Patt, wou nach e bëssi gefachsimpelt konnt ginn.

23.9.2023

TDL – le contre-la-montre à Pétange

Pétange

© Commune de Pétange / Anouk Flesch / Serge Waldbillig

C’est à Pétange que les cyclistes du Škoda Tour de Luxembourg sont partis et arrivés lors de la 4e étape: le contre-la-montre. Soutenus par les accros du vélo, les sportifs ont parcouru un tracé de presque 24 km allant de Pétange vers Linger, Clemency, Grass, Kahler, Hivange, Hautcharage et Bascharage pour arriver de nouveau devant l’hôtel de ville à Pétange. 

Une étape pleine de suspens et qui fut remportée par Victor Campenaerts (B). Au classement général, c’est le coureur suisse Marc Hirschi qui a terminé le TDL comme vainqueur devant son coéquipier Brandon McNulty (USA). 

Arthur Kluckers a terminé 11e au classement général du TDL et fut le meilleur coureur luxembourgeois.  

23/24.9.2023

Fond-de-Gras am Damp: Steampunk 2023

Fond-de-Gras

© Commune de Pétange

Wéi all Joer war och dëse Weekend erëm déi international bekannte Steampunk-Konventioun um Fond-de-Gras e « Must » fir Gläichgesënnter, Fotographen a Frënn vu Kuriositéiten.
Deemno haten och wärend deenen zwee Deeg erëm vill Leit de Wee bei déi aal Gare a bei d’Hal Paul Würth fonnt an hu sech ronderem de Restaurant « Bei der Giedel » getraff oder si mam Train 1900 gefuer…

19.9.2023

25 Joer ProActif

Fond-de-Gras

© Commune de Pétange

Am Kader vum 25 Anniversaire hat de ProActif op säi Gebuertsdag an de Fond-de-Gras agelueden. Fir dës Geleeënheet haten sech de Minister Georges Engel, Membere vum Péitenger Schäfferot mam Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf un der Spëtz esouwéi eng ganz Rei Invitéen am Schapp afonnt. Fir dësen Dag war och den Train 1900 am Asaz, deen eng ganz Rei Gäscht bis op d’Plaz gefouert huet.

No der Séance académique goufen , wéi dat Traditioun ass, nach e Patt an e gudde Maufel ugebueden. Fir de musikaleschen Encadrement huet den Ensembel Saxitude gesuergt.

16.9.2023

Journée du Grand Âge zu Lamadelaine

Lamadelaine

© Commune de Pétange

Ronn 75 Senioren, déi 85 oder méi Joer jonk sinn, waren – deelweis mat Begleedung – op Lamadelaine an de Fräizäitzenter komm, wou si e puer Stonnen a gudder Gesellschaft verbruecht hunn. Mat engem beluechte Bréitchen, enger Täertchen an och eppes géint den Duuscht goufen si dann och e bëssi verwinnt. Nodeems si ganz offiziell vum Buergermeeschter begréisst goufen, war d’Zäit fir e wéineg Entertainment ugesot.  Bei bekannte lëtzebuergeschen, däitschen, franséischen an italienesche Lidder, déi vum Duo Lisa Mariotto an Gino Tricarico virgedroe goufen,  hunn och eng ganz Rei vun de Seniore kräfteg matgesongen a geschunkelt, jo, et gouf esouguer matgedanzt bei deem engen oder aneren Dësch. 

An der Paus war et dann un de Vertrieder aus dem Schäfferot fir jidderengem e flotte Kaddo z’iwwereechen. Dëst Joer war et emol eppes méi Besonnesches, an zwar eng parfuméiert Käerz aus der Käerzefabrik Peters. E gelongenen Nomëtteg, dee jidderengem Freed gemaach huet.

 

14.9.2023

1er coupe de pelle d’un immeuble résidentiel

Rodange

© Commune de Pétange

Le Fonds du Logement a donné le jeudi 14 septembre le premier coup de pelle pour la construction d’un immeuble d’habitation à Rodange (44, route de Longwy).

L’événement s’est déroulé en présence de:

  • Monsieur Henri Kox, Ministre du Logement,
  • Monsieur Jean-Marie Halsdorf, Bourgmestre de la commune de Pétange,
  • Madame Diane Dupont, Présidente du Conseil d’administration du Fonds du Logement,
  • Monsieur Jacques Vandivinit, Directeur du Fonds du Logement,
  • et Monsieur Dirk Kintzinger, Directeur-adjoint du Fonds du Logement.

Le projet prévoit la construction d’un immeuble d’habitation pour la création de 6 logements, dont une unité adaptée aux personnes à mobilité réduite. Les appartements, du studio au trois-pièces, auront une superficie comprise entre 45 et 98 m².

Plus de détails (lien externe)

 

11.9.2023

Neie Campus scolaire Rodange

Rodange

© Commune de Pétange

 

Zu Rodange entsteet an nächster Zäit en neie Schoulcampus. An deem Kontext hat de Péitenger Schäfferot op eng Informatiounsversammlung invitéiert, bei där déi Responsabel engersäits de Projet virgestallt hunn an anerersäits den interesséierte Bierger Ried an Äntwert stoungen.

 

 

10.9.2023

Opnam an den Ordre de Chevalerie

Péiteng

© Commune de Pétange/Laurent Blum

 

D’Gaby Bohler, d’Josette Conzemius-Holcher an den Emil Angel goufen am Laf vun enger Feier am Home St. Hubert zu Péiteng an den „Ordre de Chevalerie du 7e Centenaire » fir hiren Engagement fir d’Péitenger Gemeng opgeholl. Detailer zu hirem Engagement goufen an der jeweileger Laudatio ernimmt.

 

 

10.9.2023

Am Gedenken un d’Affer

Péiteng

© Commune de Pétange/Laurent Blum

 

Am Kader vun der Liberatiounsfeier, bei där Péiteng – d’Uertschaft awer och déi ganz Gemeng – un d’Befreiung duerch déi amerikanesch Zaldoten erënnert, gouf och bei der Borne du Passeur nieft der Péitenger Parkierch deene Mënsche geduecht, déi am Krich hiert Liewe riskéiert hu fir anerer iwwer d’Grenz ze féieren an si esou virun dem Nazi-Regime a Sécherheet ze bréngen. Dacks hunn si hire Courage, hir Iwwerzeegung an hiert Verlaangen no Fräiheet mam eegene Liewe bezuele mussen. Wat si geleescht hunn, dat dierf net vergiess gi vun de Generatiounen, déi no eis kommen. Aus deem Grond ass et un eis alleguer dofir ze suergen, datt sech déi grujeleg Doten ni méi widderhuelen.  

 

 

9.9.2023

Rockabilly DELUXE zu Péiteng

Péiteng

© Commune de Pétange/Laurent Blum

 

Et ass jo schonn eng Traditioun, datt all Joer ëm den 9. September de Rockabilly zu Péiteng stattfënnt. Dat sollt och dëst Joer net anescht sinn. Am Park Théophile Kirsch genee esou ewéi op der Gemengeplaz haten sech d’Musiksfrënn afonnt fir e flotten Dag ze genéissen. An d’Wieder huet jo och matgespillt. Esou gouf et bei vill Sonn och fir jiddereen eppes géint den Duuscht. Gutt Mäifelcher kruten d’Visiteuren och zerwéiert.

Donieft gouf et nach eng ganz Rei Attraktiounen, ënner anerem d’Präsenz vu ganz villen Oldtimeren, déi wéi kleng Bijouen erausgebotzt waren.

Um musikalesche Programm stoungen dës Kéier The Rusty Boyz, Wild Deuces, Hot Rod Walt Trio an Trashvillians.

 

 

9.9.2023

La Libération de Pétange il y a déjà 79 ans

Pétange

© Commune de Pétange/Laurent Blum

 

C’est en présence de l’Ambassadeur des Etats-Unis au Luxembourg, son Excellence Thomas M. Barrett, des édiles communaux, des représentants d’associations locales ainsi que des citoyens et citoyennes qu’a eu lieu la cérémonie pour commémorer le 79e anniversaire de la libération de Pétange le 9 septembre 1944. Dans son allocution, le bourgmestre honoraire, Monsieur Roger Klein, a fait revivre par ses mots les événements tragiques de ce jour.

Un nom en particulier restera à jamais lié à Pétange, c’est celui du 2nd Lieutenant Hyman Josefon qui a perdu sa vie ce jour-là au coin de la rue de Linger et de la rue de l’Eglise.

Après le dépôt de fleurs devant le monument au Square Hyman Josefson et les hymnes nationaux des Etats-Unis ainsi que du Grand-Duché, l’Ambassadeur s’est rendu à l’ancien emplacement du M8 où sont installés des panneaux témoignant de l’arrivée des soldats américains sur le sol luxembourgeois.

 

 

 4.8.2023

Ofschloss vun der Vakanzaktioun 

Rodange

© Commune de Pétange

 

Zu Rodange goung d’Vakanzaktioun 2023 offiziell op en Enn. Nodeems nach Spiller gemaach goufen an der Sportshal, stoung dunn ab 16.10 Auer d’Ofschlossfeier op en Enn. D’Plaz nieft dem synthetesche Fussballsterrain ass bal aus allen Néite geplatzt an d’Stëmmung war absolut genial. 

Ugeheizt vum DJ Patrick, dee fir de richtege Rhythmus gesuergt huet, sinn d’Kanner aus deenen eenzelnen Zyklen opgetruede fir deen een oder aneren Zumbadanz virzedroen. 
Uschléissend huet d’Gemeng Péiteng op eng Receptioun agelueden, wou  den Organisatoren, awer och de Moniteuren a Monitricë Merci gesot gouf. Dobäi gouf e Scheck un d’Stëftung Kannerduerf iwwerreecht, Suen, déi vun de Bastelaktivitéiten gesammelt gi sinn esouwéi 500€ vun de Veräiner, déi fir de Catering gesuergt hunn. 

29.7.2023

Festival Louis de Funès à la Maison de la Culture de Pétange

Pétange

© Commune de Pétange et Claude Piscitelli

 

Le Syndicat d’Initiative et de Tourisme de la Commune de Pétange avait organisé un Festival Louis de Funès à Pétange pour honorer les réalisations de ce personnage à caractère qui nous restent dans nos mémoires, même 40 ans après la disparition de l’acteur.

Parmi les activités organisées étaient un marathon Films Louis de Funès, une exposition films Louis de Funès, un„Flashmob“ Dance Rabbi Jacob, la présence d’ acteurs/sozies Louis de Funès, Chris Roode et Daniel Levasseur avec les „Cruchotképis“, plats des films de Louis de Funès, choucroutte, soupe au chou, soufflé de pommes de terre, ailerons/cuisses de poulet, une émission en directe de POA, une exposition de tenues de la Gendarmerie Grand-Ducale…

Une belle rencontre bien fréquentée…

16.7.2023

Visite de la fille d’un GI ayant participé à la Libération de Pétange

Pétange

© Commune de Pétange / Laurent Blum

Dimanche dernier, Mme Joyce Slusher, fille de Frank Slusher et Yvonne Fuesenig, a été reçu par les représentants du collège échevinal prés du square Josefson.

Frank Slusher était un des GI ayant participé à la libération de Pétange le 9 septembre 1944.
Peu après cette libération, il a pris comme épouse la luxembourgeoise Yvonne Fuesenig et le couple s’est installé ensemble au Tennessee (USA).

Après leur rencontre au square Josefson, le groupe a visité l’espace muséoligique 9’44. Pour finir, la Commune de Pétange a offert un vin d’honneur à la salle de mariage de la Commune.

16.7.2023

Zweet Editioun vum Food & Music Festival am Park: Super Stëmmung och um Dag 2

Péiteng

© Gemeng Péiteng / Laurent Blum

Tasty Summer Vibes

Dëst Joer hu mer erëm am Park de Summer gefeiert.
Sonndes war d’Wieder top an et hu vill Leit de Wee bei eis an de Park fonnt.
Als éischt Band huet Stelise gespillt. Den Dj Miles huet opgeluet an duerno hunn nach Thunderroad an Heavy Petrol gespillt.
Stëmmung war ausgelooss an de Kader immens schéin. Kulinaresch gouf et fir all Goût genuch Auswiel an och Gedrénks an Zigare sinn ugebuede ginn.

15.7.2023

Zweet Editioun vum Food & Music Festival am Park: Super Stëmmung

Péiteng

© Gemeng Péiteng / Lugdivine Unfer

Tasty Summer Vibes

Dëst Joer hu mer erëm am Park de Summer gefeiert.
Och wann e Samschden d’Wieder momentweis net esou matgespillt huet, ware permanent genuch Leit du fir an de Genoss vu kulinareschen a musikaleschem Kascht ze kommen.
Den Ufank huet d’Péitenger Museksschoul mat 3 vunn hire Combo’e gemaach.
Duerno goung et weider mat de Bands Ramblin’South a Renegade Dukes éier d’Johanna Red Band den Owend ofgeschloss huet.
Kulinaresch gouf et fir all Goût genuch Auswiel an och Gedrénks an Zigare sinn ugebuede ginn.

1.6.2023 – 13.7.2023

Afterwork beim Wax: E riese Succès

Péiteng

© Gemeng Péiteng / Dividante

Di zweet Editioun vum Afterwork beim Wax huet di virdrunner souguer nach iwertraff.
Stëmmung war mega an et hu wuelbekannen Nimm, wéi zum Beispill Irina, All Reitz Reserved, Chic-Event’s Djs, Bc’one, Ape, Serge Tonnar, Mental, Cookie Jar Complot, Mental, Fred Barreto Band sech de Mikro weiderginn.

No de laangen Deeg op der Aarbecht stoung während 7 Wochen all Donneschdeg Owend e flotten Ausklang vum Dag beim WAX um Programm.

Musik, gutt Mäifelcher, e Patt, an dat alles a gudder Gesellschaft, hunn esou wéi d’lescht Joer vill Leit ugelackelt, déi vun dëse Stonne profitéiert hu fir sech mat Famill, Frënn a Bekannten z’ënnerhalen an den Alldag e bëssi ze vergiessen.

A fir eng besonnesch Editioun huet den Thé dansant gesuergt, wou et e bësse méi traditionell zougaangen ass.

 

8.7.2023

Pétange Culinary : E Viva Paella

Péiteng

© Gemeng Péiteng / Milena Milenkovic

Eng sëllech kulinaresch Spezialitéite konnten all déi Leit entdecken, déi sech an déi verschidde Coursen an der flotte Rollenger Millen ugemelt haten, déi d’Gemeng Péiteng iwwer e puer Wochen organiséiert hat.

De Paella-Cours war bis elo de leschte Cours vunn deser Rei. Bei denen war den Uklang immens grouss, an d’Plazen gounge wuertwiertlech fort ewéi „warme Semmeln“. 

8.7.2023

Péitenger Stroossemoart

Péiteng

© Gemeng Péiteng / Milena Milenkovic

Bei guddem Wieder huet um Samschtemueren den desjährege Stroossemoart stattfonnt.
D’ Stëmmung wor wi emmer gutt.

10.7.2023

Vereedegung vum neie Gemengerot

Péiteng

© Gemeng Péiteng

« Je jure d’observer la Constitution et les lois et de remplir ma fonction avec intégrité, exactitude et impartialité » 

Nodeems am Nomëtteg de Schäfferot vun der Inneministesch Taina Boffering vereedegt gouf, war et owes um Tour vun de neie Conseilleren, fir hiren Eed virum Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf ofzeleeën. Domadder ass de Grondsteen geluegt, fir d’Geschécker vun der Gemeng wärend deenen nächste 6 Joer ze leeden.

De Gemengerot setzt sech folgendermoossen zesummen:

Buergermeeschter: Halsdorf Jean-Marie

Schäffen: Mertzig Romain, Martins Dias André, Brecht Guy, Agostino Maria

Conseilleren: Mellina Pierre, Conter-Klein Raymonde, Becker Romain, Scheuer Romain, Arendt Patrick, Birtz Gaby, Goergen Marc, Bouché-Berens Marie-Louise, Welter Christian, Barnabo Nicolo, Welter Patrick, Ecker Jean-Pierre, Monteiro Teresa, Agostino Barbara

Mir wënschen alle Memberen  aus dem Péitenger Gemengerot eng fair a konstruktiv Zesummenaarbecht, am Intressi vun alle Bierger aus der Gemeng Péiteng.

9.7.2023

Een Dag bei de Péitenger Pompjeen

Pétange

© Commune de Pétange / Louis Spautz

D’Pompjeeën aus der Péitenger Gemeng ware voll motivéiert fir hiirt Kënnen awer och hir Ausstattung bei Geleeënheet vun hirer Porte ouverte ze weisen.

Hei housch et net just kucken a lauschteren, et konnt een och eng Hand mat upaken esou wéi besonnesch déi Jonk dat mam Waasserschlauch probéiert hunn.

A selbstverständlech hat de Pompjeescorps och nees fir déi néideg Erfrëschung an de gudde Maufel gesuergt

8.7.2023

HipHop’N’Air 2023

Pétange

© Commune de Pétange / Konektis Entertainment

Zu Péiteng am Skatepark stoung ufanks Juli nees eng Kéier den Hip Hop ‘N’ Air mat Concerten, DJ-en, Beatboxen an och Graffiti am Mëttelpunkt vum Dag.
Bei fräiem Entrée konnt jidderee vu 14 Auer un an de Graffiti- a Skate-Workshoppe matmaachen.

Eng Offer, déi och gären ugeholl gouf. Och wann d’Räng net ganz gefëllt waren, esou hunn d’Kënschtler op der Bühn bis an den Owend era fir Stëmmung gesuergt.

5.7.2023

„American Music Abroad »

Pétange

© Commune de Pétange

Seit mehr als 4 Jahrzehnten haben mehr als 37000 junge Musiker aus den Vereinigten Staaten an den Touren des „American Music Abroad »- Programms durch Europa teilgenommen.

Dieses Jahr stand wiederum Petingen auf der Reiseroute der jungen Musiker, die mit ihrem Talent gelegentlich eines Konzertes auf dem John F. Kennedy-Platz zu überzeugen wussten. Im Vorfeld hatten sie das Denkmal zu Ehren vom US-Soldaten Hyman Josefson besucht .

1.7.2023

Marche Gourmande

Pétange, Lamadelaine, Rodange

© Commune de Pétange / Milena Milenkovic

Dëse Samschden 1.Juli war RDV fir eng weider Editioun vun eiser « Marche Gourmande » déi lo scho bal Traditioun gin ass. 

De Fait dass de Summer deen Dag eng kleng Paus gemaach hat, huet der gudder Stëmmung net geschuet a sou si Gruppen vun all Alterskategorien di bal 12 Kilometer iwwert den Terrain vun den Uertschaften Péiteng, Rodange a Lamadelaine getrëppelt. 

Etappen waren zum Beispill eis Rollenger Millen, den neien Pavillon »K » bei der Gemeng an de Weier. 

Kulinaresch ass jiddereen op seng Käschte komm a Beweegung deet jo bekanntlech och emol gutt.

23.6.2023

Musikalesch Ënnerhalung um Volleksfest fir Nationalfeierdag

Pétange

© Commune de Pétange / Joël Schadeck

Am Nomëtten vum Nationalfeierdag gouf et super Summerstëmmung.

Den DJ Miles huet t’Stëmmung opgeheizt éier den OKE, Cool Feet an de Max Mutzke d’Stëmmung zum kache bruecht hunn.

23.6.2023

Feierlechkeeten um Nationalfeierdag

Lamadelaine

© Commune de Pétange / Joël Schadeck

Bei schéinstem Summerwieder, hunn um Mueren vum Nationalfeierdag di offiziell Feierlechkeeten stattfonnt.

Nom Rendezvous beim Centre de Loisirs zu Rolleng goung de Cortège a Richtung Kierch wou den Te Deum stattfonnt huet.

Um Enn ass et zeréck bei de Centre de Loisirs gaangen wou no der Ried vum Buergermeeschter Verdéngschtueden iwwerreecht goufen.

22.6.2023

Mat de Chic-Events Dj’s an den Nationalfeierdag erafeieren

Pétange

© Commune de Pétange / Dividante

Dëst Joer ware mer och um Virowend vum Nationalfeierdag aktiv.

Bei feierlecher Deko hunn d’ Chic-Events Dj’s gutt Stëmmung gemaach.

17.6.2023

La cuisine ayurvédique, une expérience différente

Lamadelaine 

© Commune de Pétange

C’est dans le cadre idyllique du moulin de Lamadelaine que la commune de Pétange avait invité à un cours de cuisine très particulier mais intéressant: la cuisine ayurvédique. Qui dit cuisine ayurvédique, dit cuisine saine et équilibrée. La cuisine ayurvédique fut déjà mentionnée dans les textes des Védas rédigés il y plus de 5000 ans dans l’Inde antique. Oui, on peut dire que c’est une philosophie de vie qui propose une alimentation quand même très différente de celle que nous connaissons. 

Par une sélection de recettes faciles à réaliser, Madame Anne-Marie Bertrand, une adepte de la cusinie ayurvédique, a su donner une introduction simple à ce sujet assez complexe. Certains des plats préparés tout au long de la journée ont peut-être plu mieux que d’autres, mais en fin d’après-midi les participantes ont toutes apprécié cet aperçu d’un monde nouveau. 

10.6.2023

Porte Ouverte vum Péitenger Jugendhaus

Péiteng

© Commune de Pétange

Um Dag vun de Portes ouvertes an de Jugendhaiser uechter d’Land gouf et et och zu Péiteng eng Rei vu flotten Animatiounen an der « Maison des Jeunes ». Am Kachatelier si Paangecher gemaach ginn an et gouf erfrëschend Waassermeloun fir jiddereen. Eng Erfrëschung, déi ganz gutt ugeholl gouf bei deem schéine Wieder.

Grousse Succès haten dann och d’Gladiatore-Sprangschlass an d’Photo-Box.