Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées ou vendues
sans l’autorisation préalable de l’administration communale de Pétange
21.12.2024
Elèves méritants 2024
Péiteng
© Commune de Pétange / Laurent Blum
19.12.2024
Mérite culturel & sportif 2024
Péiteng
© Commune de Pétange / Laurent Blum
18.12.2024
„Full House” bei der Rentnerfeier
Péiteng
© Commune de Pétange
17.12.2024
🎨✨ Inauguration de l’exposition “Parajanov, the Magnificent” à la galerie A Rousen ✨🎨
Péiteng
© Commune de Pétange
L’événement a été réalisé en collaboration avec l’ambassade d’Arménie au Luxembourg et en Belgique, et nous avons eu le privilège d’accueillir Monsieur l’Ambassadeur d’Arménie venu de Bruxelles ainsi que sa collaboratrice pour l’ambassade d’Arménie au Luxembourg.
Sergej Parajanov, artiste arménien d’une envergure internationale, est célèbre pour ses œuvres cinématographiques et son approche unique de l’art. Cette exposition rend hommage à son génie créatif et présente des images originelles qui captivent l’imaginaire.
L’événement a également été l’occasion de découvrir des vins arméniens lors d’une dégustation conviviale.
17.12.2024
Love Nature – eng Campagne fir eis Ëmwelt
Roudenhaff
© Commune de Pétange
10.12.2024
Wanterconcert 2024
Lamadelaine
© Commune de Pétange
Et war nees eng ganz stëmmungsvoll Auditioun, déi e puer Woche viru Chrëschtdag vun der Péitenger Museksschoul am LMA organiséiert gouf. 🎄
D’Musikanten, déi hiert Kënnen hei eemol méi ënner Bewäis gestallt hunn, krute fir hiren Optrëtt vill Applaus vun den Nolauschterer am Sall. Dëst war eng flott Owend, dee mat häerzlechem Applaus op en Enn gaangen ass an der Iwwerzeegung, dass Musek eng universell Sprooch ass, déi Leit vun iwwerall zesummebréngt.
7.12.2024
Rock the South 2024
Lamadelaine
© Commune de Pétange
Samschdes den 7. Dezember goung et dës Kéier zu Lamadelaine am Centre de Loisirs héich hier.
Fir de Rock the South hate sech dëst Joer nees 4 Museksgruppen – „Fulvous“, „Break the Aviary“, „Viktoria », „March to the Tombs » – fir de Concours ugemellt an hu viru Publikum hir Performance zum Beschten ze ginn.
Headliner vum Owend war de Grupp Sharpshooter, an och d’Gewënner vum leschte Joer, „Invigora“ waren op der Plaz an hunn fir gutt Stëmmung gesuergt.
De Jury huet schlussendlech déi schwéier Entscheedung geholl an de Gewënner annoncéiert.
Dëst Joer goung den 1. Präis u „Fulvous“. Net nëmmen d’Musiker, och d’Musekfans, déi de Wee an de Centre de Loisirs fonnt haten, ware méi wéi zefridde mat dësem gelongenen Owend.
6.12.2024
En Don fir Kaddoen
Rodange
© Commune de Pétange
D’Chrëschtzäit ass eng Zäit, wou een sech wënscht, datt et jidderengem gutt geet. Et ass och eng Zäit, wou mir een deem aneren eppes schenken. Besonnesch wéi deet, an dëser Zäit ze gesinn, datt et Kanner ginn, déi mat eidelen Hänn do stinn. TAM TAM WHITE & FRIENDS, en Team ronderëm de Steve Schneider, sammelt zënter 2015 Donen, mat deenen si Kanner aus Familljen, déi finanziell net gutt dru sinn, e Kaddo maachen. Dëse sichen d’Kanner sech selwer eraus, esou datt si och dat kréien, wat si sech wënschen.
D’Kanner aus der Maison Relais „Bei de Bujellien“ zu Rodange hu viru kuerzem e Scheck iwwer 1.000€ un d’Associatioun iwwerreecht an hunn esou aktiv dozou bäigedroen, datt eng ganz Rëtsch Kaddoe kënne kaf ginn. E super Geste, fir deen si e grousse Merci verdingt hunn!
1.12.2024
Besuch vum Kleeschen
Péiteng
© Commune de Pétange / Marc Schadeck
Den 1. Dezember war kee gewéinlechen Dag fir d’Kanner aus der Péitenger Gemeng.
Nomëttes um 2 Auer hat de Kleeschen hinne Rendez-vous ginn, an et koumen eng sëlleche brav Kanner, déi gespaant waren, ob si da wuel eng Tiitche mat gudde Saache kréichen.
Obwuel den Houséker och mat ‘on Tour’ war, hat hie ganz wéineg ze doen, well schéngs ware Kleng a Grouss ganz fäin an esou konnten d’Rutte gréisstendeels am Sak bleiwen.
De Kleeschen hat iwwerdeems vill ze doen, awer hien huet dat gäre gemaach an et gesouch een esou munch Kanneran, déi geliicht hunn an et net konnten erwaarde fir him d’Hand ze drécken.
30.11.2024
Barbelfeier 2024
Rodange
© Commune de Pétange / Louis Spautz
An der Péitenger Gemeng ginn d’Traditiounen héich gehalen. Eng dovunner ass de Barbelendag, deen all Joer zu Rolleng an zu Rodange gefeiert gëtt.
De Cortège mat de Fakelen zu Rodange ass ëmmer e flotten Event, wou och eng ganz Rei Bierger sech afanne fir matzegoen. Et wier ze hoffen, datt dës schéin Traditioun, déi d’Biergleit an d’Schmelzenaarbechter éiert an esou eis Geschicht hei am Eck erzielt, vun den zukünftege Generatioune fortgefouert gëtt.
29.11.2024
Besuch aus dem Saarland
Péiteng
© Commune de Pétange
Auf einen Freundschaftsbesuch in ihre Partnergemeinde Petingen hatten sich der neue Bürgermeister der Gemeinde Schiffweiler, Cedric Jochum, sowie Gemeinderat Herr Horst Joachim Krummenauer angemeldet.
Zusammen mit dem Schöffenrat aus Petingen stand zunächst eine kurze Hop-on-Hop-off-Tour auf dem Programm, gefolgt von einem Mittagessen sowie einem Gedankenaustasch.
Eine gute Gelegenheit, sich wieder zu sehen, was bei der kurzen Distanz kein Hindernis darstellen dürfte.
28.11.2024
Den Niklosmaart ass op!
Péiteng
© Commune de Pétange
Och wann de Wiedergott sech net onbedingt vu senger beschter Säit gewisen huet fir déi offiziell Ouverture vum Niklosmaart op der Gemengeplaz, esou haten sech awer eng Rei Virwëtzeger afonnt fir bei dëser Geleeënheet derbäi ze sinn. Vertrieder vum Syndicat d’Initiative ma och vum Schäffen- a Gemengerot hunn sech dann och en Tour iwwer de Maart net huele gelooss.
Op deene verschiddene Stänn konnt ee flott Iddie fir doheem sammelen oder, wat nach besser ass fir déi Leit, déi net vill ZäIt hunn, fäerdeg Dekosartikelen kafen.
An noe engem Tour bei d’Stänn an e bëssi Gepoters huet e waarme Patt Glühwäin, e gudden deftege Maufel, awer och eppes Séisses sécher gutt gedoen. An dovunner war fir jiddereen eppes derbäi. Wiem et dobaussen ze kal war, dee konnt sech am gehëtzten Zelt bei flotter Musik an Animatioune wiermen. Eng Offer, déi och gären ugeholl gouf.
26.11.2024
Eis Hecken: wéi d’Kulturlandschaft zu Péiteng gefleegt gëtt
Péiteng
© Commune de Pétange
Eng gratis Schlammpackung fir d’Stiwwele krute Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot an de Felder op der Athuser Strooss, wou Vertrieder vum Sicona an aus dem Ëmweltservice Informatiounen zum Thema Heckeschneide kruten.
Esou gouf z.B. gesot, datt d’Hecke wichteg Liewensraim fir ganz vill a verschidde Liewewiese sinn, well si virum Wand a virun der Keelt schützen. En interessante Moien, dee awer och gewisen huet, wéi wichteg et ass, datt d’Hecken zeréckgeschnidde ginn an esou hir Funktioun kënnen erfëllen.
16.11.2024
Eng Foussgängerbréck fir d’Maison Relais
Péiteng
© Commune de Pétange
De 16. November moies fréi war an der Pierre Hamer Strooss eng méi lass. Op engem Tieflader gouf eng Foussgängerbréck geliwwert, déi als Verbindung tëscht deenen zwou Maison-relaise wäert benotzt ginn. Domat soll jidderee vun engem Gebai an dat anert kommen ouni mussen eraus ze goen. Besonnesch fir vun engem Gebai an de Restaurant an den aneren Deel ze goen dierft dës Léisung optimal sinn.
Mat engem Kran gouf déi 14 Tonne schwéier Bréck un der Fassad vun deenen zwee Gebaier befestegt. Aarbechten, déi dee ganze Moie gedauert hunn, well dat Ganzt dach eng kniwweleg Affär war. Mee um Enn housch et dach „Mission accomplished“!
16.11.2024
Journée nationale de l’arbre
Lamadelaine
© Commune de Pétange
C’est au parc à l’arrière des bâtiments scolaires à Lamadelaine qu’a eu lieu la 33e journée nationale de l’arbre dans la commune de Pétange. L’administration communale de Pétange avait invité à la plantation d’un alisier blanc, symole de la naissance de 244 enfants nés entre le 1er novembre 2023 et le 31 octobre 2024.
Ce sont des édiles communaux ainsi que des parents avec leurs nouveau nés qui ont participé à cette cérémonie qui s’est terminée avec le traditionnel pot de l’amitié.
15.11.2024
Minibësch am Plon zu Rodange
Rodange
© Commune de Pétange / Laurent Blum
🌳🌳Am Plon zu Rodange goufen déi éischt Planze fir e Minibësch oder „Tiny Forest“ gesat.
Nom Passage vum Tornado am Joer 2019 hu vill Beem mussen ewechgeholl ginn.
Elo war d’Zäit komm fir dës Fläch nees méi gréng ze maachen.
An d’SchülerInnen, déi dozu opgeruff waren, hu kräfteg mat ugepak fir all déi eenheemesch Planzen ewéi Hielänner oder Spakelter an de Buedem ze kréien.
Dëst ënner der Leedung vum Fierschter an enger Rei vu senge Mataarbechter, déi bei dëser Aktioun am Kader vum Dag vum Bam 2024 derbäi waren.
13.11.2024
Diplomiwwereechung vun der Museksschoul
Pétange
© Commune de Pétange / Laurent Blum
Déi Péitenger Museksschoul hat op hir alljährlech Diplomiwwerreechung an de Festsall vum LMA agelueden. D’Schüler a Schülerinne goufe fir hir Aarbecht am Laf vum leschte Joer belount.
Eng ganz Rei vun hinnen konnten och schonn op der Bühn weisen, wat si an de Course geléiert hunn. Dës Virféierungen vun de Musiker „in spe“ hunn, grad ewéi déi Jore virdrun, och ganz vill Applaus vun de Leit aus dem Sall kritt.
10.11.2024
Kyotec Open
Pétange
© Steve Putz
Pendant une semaine, c’est le tennis qui se trouvait au centre de l’attention à Pétange. Quelques unes des meilleures joueuses de tennis s’étaient donné rendez-vous au Centre QT à Pétange pour y disputer le tournoi Kyotec Open doté d’un prize money de $60.000.
4.11.2024
Une aide nécessaire pour le Liban
Pétange
© Commune de Pétange
Lors d’une réception à la mairie de Pétange, les membres du collège échevinal entourés par des conseillers communaux ont remis un chèque de 2.500€ à la représentante de MSF Luxembourg, Madame Eléonore Vernier. Les fonds garantis par un vote unanime du conseil communal de Pétange seront utilisés afin de venir en aide à la population civile dans les régions libanaises touchées par le conflit en cours.
26.10.2024
Foire du 3e âge – eng Première
Rodange
© Commune de Pétange
Am Kulturzenter zu Rodange war de 26. Oktober eng méi lass. Fir d’éischte Kéier hat d’Kommissioun fir d’Famill, den Drëtten Alter an d’Leit mat enger Behënnerung an Zesummenaarbecht mat der Péitenger Gemeng eng Foire fir den 3. Alter organiséiert. Hei konnten sech d’Senioren iwwer Fräizäit- a Fleegeméiglechkeeten, déi et an der Gemeng gëtt, informéieren. Eng gutt Geleeënheet emol ze schnupperen, wat een dann ab engem gewëssenen Alter ka maachen, well fir déi meescht, déi koumen, ass et keng Optioun fir doheem ze sëtzen an d’Daimercher ze dréinen. Oder wéi den Udo Jürgens sengerzäit scho gesongen huet: „Mit 66 Jahren, da fängt das Leben an….“
15.10.2024
Journée du Grand Âge an der Seniorie St Joseph
Pétange
© Commune de Pétange
An der Seniorie St. Joseph zu Péiteng stoung nees eng Kéier d’Journée du Grand Âge am Agenda.
Am Restaurant haten sech d’Bewunner vum Haus afonnt, wou si dann och mat flotter Musek ënnerhale goufen a wou och vill ënnerenee gepotert gouf.
Memberen aus dem Schäffen – a Gemengerot waren och op der Plaz, wou si fir jiddereen e flotte Kaddo matbruecht haten, deen och gären ugeholl gouf.
A mat enger gudder Taass Kaffi an engem Stéck Toart goungen dës puer Stonne vill ze séier eriwwer.
13.10.2024
Journée de la Commémoration Nationale
Lamadelaine
© Commune de Pétange / Laurent Blum
Et war dëst Joer zu Lamadelaine, wou déi Péitenger Gemeng den nationale Gedenkdag zelebréiert huet. Wéi dat schonn Traditioun ass, hunn d’Pompjeeën de Cortège ugefouert, dee vum Fräizäitzenter bis bei de Monument aux Morts gefouert huet an an deem och Memberen aus der lokaler Politik, aus de Museksgesellschafte vu Péiteng a Rodange/Lamadelaine, aus der Museksschoul, aus de Lokalveräiner esouwéi Bierger a Biergerinnen matgoungen. Beim Monument hanner der Schoul goufe Blummen néiergeluecht zu Éiere vun de Krichsaffer.
Uschléissend goung de Cortège an d’Porkierch, wou eng Mass gehale gouf.
12.10.2024
🏡Grousst Rollenger Millefest🪑🍞🧹🪜🍯
Lamadelaine
© Commune de Pétange
🎉🏡Leschte Samschdeg, den 12. Oktober, war dat Grousst Rollenger Millefest, e fantasteschen Dag fir déi ganz Famill!
De ganzen Dag iwwer ware flott Live-Concerte mat super Musek,an d’Handwierksstänn mat Woll, Keramik, Holz, an d’Hierschtdekoratiounen ware ganz beléift. 🪑🍞🧹🪜🍯
D’Kanner hate vill Spaass beim Bastelatelier mam Fierschter an de Facepaintingstand hat grousse Succès.
Kanner konnten op de Ponyen a Päerd reiden, an de Millejängi huet d’Gäscht op eng Rees duerch d’Rollenger Geschicht geholl – e Stéck Traditioun, dat vill Begeeschterung ausgeléist huet.🏡
Mir si frou, datt sou vill Leit de Wee bei eis fonnt haten a soe Merci, dass Dir dësen Dag zu engem onvergiesslechen Event gemaach hutt! 🐴
11.10.2024
🎸🎼 Grand succès pour le concert de The Stephen Hull Experience
Pétange
© Commune de Pétange
🎸🎼 Grand succès pour le concert de The Stephen Hull Experience ce soir, au Wax de Pétange.
🫶 L’artiste américain n’a pas hésité à jouer les prolongations pour faire plaisir au public !
Originaire du Wisconsin, Stephen Hull n’avait jamais reçu de formation musicale particulière, avant de se saisir d’une guitare à l’âge de 14 ans et de se mettre à jouer le blues.
S’il a été nourri dans sa prime jeunesse par la soul acidulée du label Motown et avoue volontiers porter une admiration sans bornes à ces grands architectes du jazz classique que sont Duke Ellington et Count Basie, c’est bien dans la marmite diabolique du blues le plus authentique qu’est tombé à l’adolescence Stephen Hull, au point de s’affirmer à 25 ans à peine comme l’un des fers de lance incontestables d’une nouvelle génération de guitaristes et de chanteurs particulièrement prometteuse.
5.10.2024
🌿🍂 Marche Gourmande à travers Rodange, Lamadelaine et Pétange 🍽️☀️
Rodange, Lamadelaine, Pétange
© Commune de Pétange
Le 5 octobre 2024, la marche gourmande à travers Rodange, Lamadelaine et Pétange a offert aux participants une journée inoubliable sous un ciel automnal ensoleillé.
Le parcours a débuté à Rodange sur le parking Piko 2 avec un délicieux sandwich au fromage, saucisse ou jambon, avant de se diriger vers le mirador de Lamadelaine, offrant une vue imprenable sur la région. Les marcheurs ont ensuite traversé de magnifiques bois et champs, profitant de la nature luxuriante jusqu’au vieux moulin de Lamadelaine, où une entrée raffinée les attendait, avec au choix cabillaud ou tofu.
Après cette pause gourmande, les participants ont longé les étangs de pêche de Lamadelaine en direction du Prinzenberg, avant d’entrer dans Pétange par la gare ferroviaire. Une balade dans le paisible parc Théophile Kirsch a permis d’admirer la fameuse sculpture en forme de cerveau, un moment de calme avant de rejoindre le “Café am Home” pour le plat principal, où ils ont pu déguster une Wäinzoossiss traditionnelle ou une lasagne aux légumes.
Le parcours les a ensuite menés devant le célèbre chars d’assaut Greyhound devant le centre Wax, avant de longer la rue Belair et traverser le Blobierg.
La rue d’Athus a marqué la dernière étape avant d’atteindre le Chalet Langwiss, près des étangs de Pétange, pour un café gourmand en guise de dessert.
Une navette a ensuite assuré le retour au parking PIKO 2, permettant à chacun de regagner sa voiture après cette journée alliant plaisirs gustatifs, découverte de paysages et convivialité.
Un grand merci à tous les participants et aux organisateurs pour cette belle aventure gourmande! N’hésitez pas à partager vos souvenirs en photo avec nous sur les réseaux sociaux !
28.9.2024
🎩✨ Steampunk-Zauber im Fonds-de-Gras! ✨🚂
Fonds-de-Gras
© Commune de Pétange
Am Samstag, 28., und Sonntag, 29. September 2024 verwandelte sich das historische Gelände des Fonds-de-Gras in eine fesselnde Steampunk-Welt. 🕰️⚙️ Die diesjährige Steampunk Convention zog zahlreiche Besucher in ihren Bann! 👒🤖
Von ausgefallenen Kostümen bis hin zu faszinierenden Kuriositäten – es gab für jeden etwas zu entdecken. 🎶✨ Konzerte und Verkaufsstände boten eine einzigartige Atmosphäre, während Scharen an Hobbyfotografen eifrig die perfekten Momente rund um die alten Hallen und den majestätischen Train 1900 Dampfzug festhielten. 📸🚂
28.9.2024
🎉 35 Joer Club Senior Prenzebierg – ab elo Club Kordall Aktiv Plus! 🎉
Kordall
© Commune de Pétange / Laurent Blum
Den 28. September 2024 war e groussen Dag fir de Club Senior Prenzebierg, deen ab elo ënnert dem Numm Club Kordall Aktiv Plus weidergeet!
D’Feier huet an der Hall O zu Uewerkuer stattfonnt, wou vill Responabler vun de Kordall Gemenge präsent waren.
🎶 Fir déi richteg Stëmmung huet d’Lisa Mariotto gesuergt, wärend d’Avant-Garde mat hiren Danz-Representatiounen d’Publikum begeeschtert huet.
Mir freeën eis op vill weider flott Aktivitéiten a Joren zesummen! 🥳💃🕺
28.9.2024
Séance académique « 50 Joer Amiperas »
Rodange
© Commune de Pétange / Laurent Blum
Le samedi 28 septembre 2024 s’est tenue une séance académique au Centre Culturel de Rodange pour célébrer les 50 ans d’Amiperas. L’événement a réuni les membres, sympathisants et diverses personnalités, pour marquer un demi-siècle d’engagement en faveur des retraités et des personnes âgées.
Parmi les invités d’honneur figuraient entre autres le Ministre de la Famille, Max Hahn, madame Edmée Ahnen et les échevins Romain Mertzig et Guy Brecht, qui ont salué le travail de l’association à travers des discours inspirants. Cette cérémonie a permis de rendre hommage à l’histoire d’Amiperas et à son rôle essentiel dans la promotion de l’entraide intergénérationnelle.
23.9.2024
Informationsversammlung zu Massnahmen gegen Überschwemmungen
Lamadelaine
© Commune de Pétange
Überschwemmungen sind seit den heftigen Niederschlägen Ende Juni im Gespräch.
Um die diesbezüglichen Arbeiten der Gemeinde aber auch die Überlegungen für zukünftige Verbesserungen zu diskutieren, hatte der Schöffenrat die Bürger auf einen Informationsabend nach Lamadelaine eingeladen.
Eine Einladung, der viele Bürger gefolgt waren und wo ein reger Austausch zwischen den Anwesenden und Vertretern von Schroeder&Associés, des Wasserwirtschaftsamtes, Gemeindemitarbeitern und Politikern des Schöffenrates stattfand.
21.9.2024
Fête du Grand-Âge
Lamadelaine
© Commune de Pétange
Gutt Stëmmung war ugesot am Fräizäitzenter zu Rolleng, wou d’Journée du Grand Âge um Programm stoung. 72 Senioren – 54 Dammen an 18 Hären – haten sech bei dëser, vun der Gemeng organiséierter Feier, ageschriwwen an hunn e puer Stonne mat Frënn a Bekannte verbruecht.
Fir e klenge Maufel an e Pättchen respektiv eng Taass Kaffi war gutt gesuergt. Ëm de gudde Service hunn sech d’Memberen aus der Kommissioun fir d’Famill, den 3. Alter a Leit mat enger Behënnerung gekëmmert.
Och de musikalesche Kader vu „Jos Pletschet&Friends“ konnt bei ville bekannte Lidder d’Leit matrappen. A wéi et schonn Traditioun ass, huet d’Gemeng jidderee mat engem flotte Kaddo aus dem Kuerbuttek iwwerrascht.
21.9.2024
Journée de la mobilité
Pétange, Lamadelaine, Rodange
© Commune de Pétange
De Mobilitéitsdag war eng gutt Geleeënheet fir d’Vëlosweeër hei am Süde besser kennenzeléieren. Déi 4 Kordall-Gemenge Péiteng, Käerjeng, Suessen an Zolwer haten dofir e flotte Programm opgestallt, dee moies zu Rodange bei der Sportshal lassgoung.
Zu Péiteng gouf et dann eng Verfleegung – Croissant an e Gedrénks – ier et dunn op Suessem goung, wou déi offiziell Zeremonie stattfonnt huet. A virum Retour hunn d’Participanten nach eng kleng Stäerkung kritt.
14.9.2024
Wëllkomm zu Péiteng!
Pétange, Lamadelaine, Rodange
© Commune de Pétange
All Joer plënneren eng ganz Rei nei Matbierger an d’Gemeng Péiteng. A fir dës nei Awunner hat d’Gemeng op eng Begréissungsfahrt – d‘Wëllkomm Péiteng-Tour – invitéiert. 20 Leit hunn sech fir dës kleng Rees afonnt. D’Ronnfahrt huet duerch Péiteng, Lamadelaine an Rodange gefouert.
De fréiere Buergermeeschter Roger Klein war den offizielle Guide an huet Erklärungen zu deene wichtegste Gebaier ginn, esou zum Beispill vum fréiere Schlass Nothomb, dat op der Plaz vun der haiteger Gemeng stoung an enger räicher Famill gehéiert huet.
D’Participanten hunn ënner anerem di nei Museksschoul gesinn,d’Monument vum Hyman Josefson, an déi al Millen zu Lamadelaine. E puer nei Matbierger ewéi de Godwin aus Nigeria oder d’Koppel Tommy a Ran aus Brasilien respektiv Korea, déi zanter engem Joer zu Péiteng wunnen, hunn den Tour als eng gutt Geleeënheet gesinn, d’Géigend besser kennenzeléieren.
Den Tour huet och e Tëschestopp an der Uecht, dem ale Parhaus vu Lamadelaine, gemaach, an zu Péiteng gouf d’Geschicht vum Eisebunner, dem sougenannte „Wandjang“, erkläert.
Iwwerdeems hunn d’Famill Schiltz an eng Famill aus dem Peru iwwer hir Erfarungen zu Péiteng geschwat. Am grousse Ganze waren si all déck zefridde mat der Ronnfahrt, an e puer, ewéi de Prince, gesi Péiteng schon elo als hir nei Heemecht un.
9.9.2024
Virun 80 Joer gouf Péiteng befreit
Pétange
© Commune de Pétange / Laurent Blum
Virun 80 Joer, den 9. September 1944, gouf Péiteng als éischt Uertschaft vu Lëtzebuerg vun den amerikaneschen Truppe befreit.
Et war e Moment, op deen d’Leit laang gewaart haten an deen no der Landung an der Normandie nach méi laang geschéngt huet. Fir dësen Anniversaire ze feieren, hat d’Gemeng Péiteng op déi offiziell Zeremonie um Square Hyman Josefson agelueden.
Bei dëser Geleeënheet hat och den Ierfgroussherzog Guillaume de Wee an de Minett fonnt, dëst nieft enger ganz Rei Éiregäscht an och de Bierger aus der Gemeng. No dem offiziellen Deel goung et dunn am Cortège an de Park Théophile Kirsch, wou nach bis an den Owend era gefeiert gouf.
9.9.2024
Mir gedenken och um Péitenger Kierfecht
Pétange
© Commune de Pétange
Et ass scho laang hir, awer d’Erënnerung un deen Dag, op deem d’Fräiheet nees gräifbar gouf zu Péiteng, wäert a muss weiderhi bestoe bleiwen.
Dowéint goufe Blummen um Kierfecht zu Péiteng op de Griewer vum Jean Jung – deen duerch sougenannt « friendly fire » ëm d’Liewe koum – an dem Charles Schöner – dem Éisträicher, dee beim Versuch, d’Bréck iwwer d’Kor ze sprengen, erschoss gouf – néiergeluecht.
8.9.2024
Opnam an den Ordre de Chevalerie
Pétange
© Commune de Pétange / Laurent Blum
D’Eugénie Derume, de Roger Bour an de René Feidt goufen am Laf vun enger Feier am Home St. Hubert zu Péiteng an den „Ordre de Chevalerie du 7e Centenaire » fir hiren Engagement fir d’Péitenger Gemeng opgeholl.
Detailer zu hirem Engagement goufen an der jeweileger Laudatio ernimmt.
8.9.2024
Borne du Passeur
Pétange
© Commune de Pétange / Laurent Blum
Depuis 1996, l’unique Borne du Passeur au Grand-Duché se trouve juste à côté de l’église paroissiale de Pétange. Chaque année, dans le cadre des festivités commémorant la Libération de Pétange par les soldats américains, la commune de Pétange se souvient également des héros qui ont risqué leur vie pendant les années de guerre pour permettre à d’autres de passer la frontière et d’échapper ainsi au régime nazi.
Hélas, trop souvent, le courage incroyable et le dévouement à l’indépendance de la patrie leur ont couté la vie. Les générations actuelles et futures ont un devoir de ne jamais oublier les événements historiques, de ne pas oublier les souffrances de toutes les victimes de la guerre et de veiller à ce que de telles atrocités ne se répètent jamais.
Cette année, comme c’est le 80e aniversaire de la libération, le cardinal Jean-Claude Hollerich a assisté à la cérémonie.
7.9.2024
Rockabilly Deluxe
Pétange
© Commune de Pétange / Laurent Blum
Am Kader vum Weekend du Souvenir stoung och dëst Joer nees de Rockabilly Deluxe um Programm vun de Feierlechkeeten zu Péiteng.
E ganzen Dag laang war d’Musek aus de 50er a 60er Joren Tromp am Parc hannert der Gemeng. Nieft Oldtimer, Pettycoat an Elvis-Roll war och d’Restauratioun amerikanesch ugehaucht.
6.9.2024
Promesse solennelle de l’Armée Luxembourgeoise
Pétange
© Commune de Pétange / Laurent Blum et Armée luxembourgeoise / Toussaint Ben
E Freideg de Mëtteg gouf déi 203. Promesse solennelle bei eis zu Péiteng ofgehalen, der éischter 🇱🇺 Gemeng, déi am 2. Weltkrich befreit gouf.
No 4 intensive Méint an der “Instruction de base” (IB) sinn 33 Rekrutt*innen vun der IB203, a Präsenz vum Premier Luc Frieden an der Verdeedegungsministesch Yuriko Backes, vereedegt ginn.
Dräi vun hinne goufe fir hir besonnesch Leeschtungen ausgezeechent: Alex Welter (1. Klasséiert), Gwyneth ten Raa (2. Klasséiert & bescht Sportlerin) a Youn Czekanowicz (3. Klasséiert & beschten Tireur).
Donieft goufen 61 🇱🇺 Militär an 10 auslännesch Militär (🇩🇪, 🇧🇪, 🇪🇸, 🇫🇷 an 🇳🇱) mat der „Médaille de reconnaissance“ fir hire Militärasaz am Ausland honoréiert. Dovunner goufen 3 🇱🇺 Militär mat der “Médaille du service de la Politique européenne de sécurité et de défense de l’Union européenne” geéiert.
2.8.2024
Grouss Party um Ofschlossfest vun der Vakanzaktioun
Rodange
© Commune de Pétange
Zu Rodange bei der Sportshal hat d’Gemeng och dëst Joer nees déi grouss Ofschlossparty vun der Vakanzaktioun 2024 organiséiert. A wéi och déi Jore virdrun hat dëst Fest och nees e groussen Uklang fonnt bei de Kanner grad esou ewéi bei den Elteren an de Betreier, déi bis zur leschter Minutt um Ball bliwwe sinn. Spill, Spaass a Bewegung stoungen am Mëttelpunkt vun dësem Fest. A fir de klenge „Creux“ an de groussen Duuscht war beschtens gesuergt, esou datt d’Summertemperaturen och kengem eppes ausgemaach hunn.
No den Aktivitéiten dobaussen hu Membere vum Schäffen- a Gemengerot jidderengem Merci gesot fir d’Aarbecht an deenen zwou Woche geleescht gouf. Ganz zum Schluss gouf am Numm vun de Kanner e Scheck vun 1035 € un d’Associatioun „Les Enfants d’Alice asbl“ iwwerreecht. En Don, deen d’Kanner duerch de Verkaf vun hire Bastelaarbechten erakruten an iwwer deen sech déi Verantwortlech, d’Madamm Ebene, immens gefreet huet. Déi 2025er Editioun ka kommen!
30.7.2024
Piko am Summerkleed
Rodange /Lamadelaine
© Commune de Pétange
Herrlecht Wieder! Eng perfekt Geleeënheet fir e puer flott Stonnen dobaussen ze verbréngen…
Den Daach vun der PiKo ass op, an den Undrang grouss.
29.7.2024
„All aboard!“
Rodange
© CFL / Patrick Flammang
Et war eng Première zu Rodange op der Gare ewéi deem éischten TGV seng Rees vun hei aus op Paräis gefuer ass. Nach bis den 11. August kann een vun der Offer profitéieren a bis an déi franséisch Haaptstad, jo, esouguer bis op Montpellier an de Süde vu Frankräich mam TGV fueren. Wann dat keng gutt Geleeënheet ass fir eng Plaz ze reservéieren… A jidderengem, dee matfiert, gëtt vun hei aus schonn emol eng gutt Rees gewënscht!
20.7.2024
Hip Hop ‘N’ Air
Péiteng
© Ale Arena https://www.instagram.com/arena_ale/
Zu Péiteng am Skatepark war eng méi lass ewéi den Hip Hop ‘N’ Air iwwer d’Bühn goung. Eng ganz Rei jonk Leit waren der Invitatioun vun der Jugendkommissioun vun der Péitenger Gemeng nokomm an haten sech Rendez-vous gi fir zesummen ze chillen. An dat alles bei gudder Musek. Fir Ofwiesselung huet och e Graffiti-Workshop gesuergt, deen ëmmer nees eng grouss Unzéiungskraaft huet. Géint den Duuscht an dee klenge Creux gouf gesuergt. A ween eng kleng Paus gebraucht huet, dee konnt och nach um Skateboard e puer Tier dréinen.
19.7.2024
Rockin’ Rodange
Rodange
© Commune de Pétange / Chiara Ulzega
Rock ‘n’ Owl – Rock bei der Eil, dat war net nëmmen e Verspriechen, dat war e richteg rockegen Owend, wou nieft Superdrive, dem Fred Barreto Group, an dem Lucas Ferraz besonnesch den Headliner d’Fatze fléie gelooss huet. Hells Bells, déi eelst europäesch AC/DC Tribute Band, huet hirem Numm all Éier gemaach an 90 Minutte fir e super Spektakel zu Rodange nieft der Sportshal gesuergt. Eng Performance, déi bei Jonk a manner Jonk eng genial Stëmmung eropbruecht huet. E richtegen „Highway to Hell“ ewéi agefleeschte Fans dat och kennen!
13.7.2024
75 Joer Tennis Club Péiteng
Péiteng
© Commune de Pétange / Laurent Blum
Op der Lénger Strooss gouf grouss gefeiert: den Tennis Club Péiteng huet op 75 Joer zeréckgebléckt. An d’Gäscht hunn sech dat net entgoe gelooss fir dëse groussen Dag mat z’erliewen. Nieft dem offiziellen Deel, wou an de Rieden op déi laang Veräinsgeschicht agaange gouf, stoungen och nach e puer Show-Einlagen op de Sandplätz um Programm. Tennis vum Feinsten an der Péitenger Gmeeng, dat war e Grond méi fir dobäi zesinn.
Ad multos annos!
13.7.2024
Repair Café Kordall
Péiteng
© Commune de Pétange
Den Toaster ass futti, de PC tickt net méi richteg oder den Handy huet Mucken… dat ware just e puer Problemer, déi d’Spezialisten am Repair Café zu Péiteng am Kulturhaus probéiert hunn, esou gutt ewéi méiglech ze léisen. Jiddereen, deen net onbedingt wollt en neien Apparat kafen, mee éischter dorop gesat hunn, datt säi Stéck reparéiert géif ginn war agelueden, heihinner ze komme fir de Problem ënner d’Lupp ze huelen. An d’Experten un deene verschiddenen Dëscher haten nawell vill ze doe fir alles nees un d’Goen ze kréien. Recyclen amplaz ewechgeheien, dat ass eng Iddi, déi op vill Zousproch trëfft bei de Leit!
7.7.2024
Food and Music Festival Day 2
Péiteng
© Commune de Pétange / Lugdivine Unfer
Zwee Deeg laang goung et nawell héich hir am Park Théophile Kirsch zu Péiteng, wou d’Gemeng op de „Food and Music Festival“ agelueden hat. Fir de musikaleschen Deel stoungen ë.a. d’Komboen aus der Museksschoul awer och Heavy Petrol, Ramblin South, Esancy an Johanna Red op der Bühn. Also e puer ganz interessant Performancen, déi gutt eriwwer koumen.
A well d’Wieder och esou gutt matgespillt huet, blouwen d’Leit och bis zum Schluss sëtzen. Esou kruten och d’Restaurateuren, déi matgemaach hunn, hir Spezialitéite gutt un de Mann bruecht. Zwee flott Deeg, déi vill ze séier op en Enn goungen. Awer eppes ass gewëss, an esou heescht et och am Spréchwuert: „Man soll die Feste feiern wie sie kommen“. An de Summer huet eréischt ugefaangen!
7.7.2024
25 Joer Ordinatioun vum Chanoine Patrick Muller
Péiteng
© Commune de Pétange
25 Joer si vergaangen zënter de Chanoine Patrick Muller – e Péitenger Jong – vum deemolegen Äerzbëschof Fernand Franck zum Paschtouer an der Kathedral an der Stad geweiht gouf. Seng Primiz huet hien a senger Heemecht, zu Péiteng, zelebréiert.
A 25 Joer méi spéit huet hien a senger Funktioun vum Generalvikar d’Houmass e Sonndeg, de 7. Juli an der Péitenger Parkierch gefeiert. Uschléissend hat déi Péitenger Gemeng op eng Receptioun an den Home St. Hubert agelueden, wou och Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot present waren.
6. & 7.7.2024
Food and Music Festival
Péiteng
© Commune de Pétange / Christian Rohner / Lugdivine Unfer
Zwee Deeg laang goung et nawell héich hir am Park Théophile Kirsch zu Péiteng, wou d’Gemeng op de „Food and Music Festival“ agelueden hat. Fir de musikaleschen Deel stoungen ë.a. d’Komboen aus der Museksschoul awer och Heavy Petrol, Ramblin South, Esancy an Johanna Red op der Bühn. Also e puer ganz interessant Performancen, déi gutt eriwwer koumen.
A well d’Wieder och esou gutt matgespillt huet, blouwen d’Leit och bis zum Schluss sëtzen. Esou kruten och d’Restaurateuren, déi matgemaach hunn, hir Spezialitéite gutt un de Mann bruecht. Zwee flott Deeg, déi vill ze séier op en Enn goungen. Awer eppes ass gewëss, an esou heescht et och am Spréchwuert: „Man soll die Feste feiern wie sie kommen“. An de Summer huet eréischt ugefaangen!
5.7.2024
100 Joer UCP am Home St Hubert
Pétange
© Commune de Pétange
Leschte Freideg ass eng akademesch Sëtzung ofgehale gi fir den 100. Gebuertsdag vun der “Union Cycliste de Pétange” ze feieren. Dës wichteg Geleeënheet huet am Home St Hubert zu Péiteng stattfonnt, an der Präsenz vum Buergermeeschter, dem Schäfferot, Organisateure vum Tour de Luxembourg souwéi dem Sportminister Georges Mischo.
De musikaleschen Encadrement gouf vun de Schüler aus der Klass vum moderne Gesang vun der Madame Cynthia Knoch, Enseignante an der Museksschoul vu Péiteng, assuréiert.
“30.6.2024
Dîner du Centenaire CTF Pétange
Pétange
© Commune de Pétange
Ce dimanche a eu lieu la séance académique à l’occasion du centenaire du “Coin de Terre et de Forêt” au home St Hubert à Pétange.
30.6.2024
Zumba Open-Air
Rodange
© Commune de Pétange
Ce dimanche a eu lieu l’événement Zumba Open-air. Dû aux conditions météorologiques annonçées, l’événement a dû avoir lieu à l’intérieur au Hall Sportif de Rodange, rue Jos Moscardo.
Nous avons eu l’honneur d’avoir comme invités spéciaux:
Seluco Fernandes, Zumba Jammer d’Espagne
Claudiu Gutu, Zumba Instructeur international de Roumanie
27.6.2024
De Kid Colling um Afterwork
Péiteng
© Commune de Pétange
Dës Woch vum Afterwork beim Wax stoung erem ganz ënnert dem Zeeche vum Chicago Blues.
D’Stëmmung war mega, d’Sonn um Rendez-vous, waarm war et och an dës Woch huet nom WarmUp vum Dj Miles de Kid Colling mat senger Band ronn 2 Sonne laang fir eng super Stëmmung an engem spezielle Kader gesuergt.
Musek, gutt Mäifelcher, e Patt, an dat alles a gudder Gesellschaft, hate vill Leit ugelackelt fir sech mat Famill, Frënn a Bekannten do ze treffen, z’ënnerhalen an den Alldag e bëssi ze vergiessen.
25.6.2024
E Parking fir d’Camionnetten
Rodange
© Commune de Pétange
Zënter Joren ass et Usus, datt d’Camionnetten net an de Stroosse solle parken, esou datt d’Awunner aus der Gemeng Péiteng Plaz fir hir Autoen hunn. Dat huet och gréisstendeels geklappt, awer net ëmmer…. Déi Péitenger Gemeng ass op de Wee gaange fir Plazen ze schafen, wou d’Camionnetten sech stelle kënnen. Fir vun dëse Parkplazen ze profitéiere muss de Patron eng Vignette ufroen a bezuelen, esou datt säi Won erafuere kann. Elo ass de Camionnetteparking bei der Sportshal zu Rodange offiziell ageweit ginn. Dëst a Presenz vun aktuellen a fréiere Vertrieder aus dem Schäffen- a Gemengerot, vu Gemengemataarbechter esouwéi vu Vertrieder vu verschidde Firmen, déi ewell schonn am Besëtz vun esou enger Vignette sinn.
23.6.2024
Volleksfest Nationalfeierdag
Pétange
© Commune de Pétange / Joël Schadeck
🎸🎤🇱🇺Op der Gemengeplaz zu Péiteng war den 23.6. nees eng méi lass. Nieft gudde Mäifel an och gutt gekielte Gedrénks haten immens vill Leit de Wee heihinner fonnt, wou si bis spéit an den Owend era konnte feieren.
Am Park hannerem Stadhaus hunn d’Péitenger Guiden a Scoute flott Aktivitéite fir d’Kanner ugebueden iwwerdeems een am Sëtzungssall deen neie Film iwwer d’Gemeng zur voller Stonn kucke konnt.
A ween op Entertainment stoung, dee koum mat de Lëtzebuerger Kënschtler voll op seng Käschten.
Nieft den Danzopféierunge vun de „ZChicas“ waren et „Faye and the Mockingbirds“, „De la Mancha“ an „Serge Tonnar& Band”, déi fir Stëmmung gesuergt hunn. Ofgerënnt gouf de Programm mam DJ Miles, dee bis zum Schluss opgeluecht huet.
23.6.2024
Vive!Vive!Vive!
Rodange
© Commune de Pétange / Joël Schadeck
Esou housch et och dëst Joer nees op dem Lëtzebuerger Nationalfeierdag an der Gemeng Péiteng.
Fir den offiziellen Deel zu Rodange stoung nieft dem Te Deum och nach d’Medailleniwwerreechung op der place Jos. Moscardo nieft der Sportshal um Programm.
De Buergermeeschter goung a senger Ried op verschidde Problemer an an huet ënnerstrach, datt Lëtzebuerg déi beschte Chancen an enger EU huet an een sech iwwer d’Grenzen eraus – besonnesch an der Grenzregioun – misst verstännege fir adäquat Léisungen ze fannen. Uschléissend gouf e Patt vun der Gemeng Péiteng offréiert.
20.6.2024
Freshdax um Afterwork beim Wax
Pétange
© Commune de Pétange
Den 20. Juni, vu 17 Auer un, war erëm eisen Afterwork beim Wax. Den DJ MILES an den DJ Rayzon hunn d’Stëmmung opgeheizt. Et war e vollen Erfolleg an d’ Stëmmung richteg gutt. Kille Béier, Cocktailer a lecker Burgere vum Restaurant Wax hunn dem Owend trotz frëschen Temperaturen an e bësse Reen e Summerfeeling verpasst.
Duerno gouf et e live Showcase mat FRESHDAX & Guests
▪️ Krizla
▪️ Zaza
▪️ StA
▪️ Shmogan Shogan
20.6.2024
Assemblée Générale de l’Institut de la Grande Région
Pétange
© Commune de Pétange
Pour son assemblée générale de l’année 2024, l’Institut de la Grande Région avait choisi les installations de la Maison de la Culture à Pétange.
L’IGR constitue un réseau qui, à travers des échanges entre les belges, français et luxembourgeois, entend promouvoir les atouts des contrées de cette «petite Europe». Et ce sur le niveau social, économique et touristique.
Les différentes régions sont de véritables trésors d’idées, d’initiatives qu’il faut emprunter pour avancer ensemble dans l’esprit européen.
A cette occasion, le bourgmestre Jean-Marie Halsdorf a marqué l’importance de l’événement et souligné que les projets transfrontaliers sont autant de possibilités de montrer la cohésion au-delà des frontières de nos pays.
14.6.2024
Ouverture vun der Kiermes
Pétange
© Commune de Pétange / Laurent Blum
Zanter e Freidegowend ass déi Péitenger Kiermes offiziell op.
Nom Hämmelsmarsch an de Riede vum Präsident vum Syndicat d’Initiative a vum éischte Schäffe gouf et dunn e Patt an den traditionelle Kiermeskuch op der Kennedy-Plaz beim Pavillon „K“.
11.6.2024
Den Archie Lee Hooker um Afterwork
Pétange
© Commune de Pétange
Di drëtt Woch vum Afterwork beim Wax stoung ganz ënnert dem Zeeche vum Blues.
D’Stëmmung war mega, d’Sonn um Rendez-vous an dës Woch hunn nom WarmUp vum Dj Miles den Archie Lee Hooker, Neveu vum berümten Jamie Lee Hooker, a seng talentéiert Bandkolleegen fir eng super Stëmmung an engem spezielle Kader gesuergt.
Musek, gutt Mäifelcher, e Patt, an dat alles a gudder Gesellschaft, hate vill Leit ugelackelt fir sech mat Famill, Frënn a Bekannten do ze treffen, z’ënnerhalen an den Alldag e bëssi ze vergiessen.
11.6.2024
Une aide nécessaire pour Haïti
Pétange
© Commune de Pétange
Par la remise d’un chèque de 2.500€, la commune de Pétange entend soutenir l’association Médecins sans Frontières sur Haïti dont la capitale, Port-au-Prince, s’enfoce un peu plus tous les jours dansla violence. Les collaborateurs d’MsF essaient de répondre – vaille que vaille – aux besoins des habitants sur tous les plans. Mais c’est un travail de longue haleine car, pour l’instant, une fin des troubles n’est point en vue.
12.6.2024
Pétange Culinary:
« Les secrets du Burger parfait »
Péiteng
© Commune de Pétange
E Mëttwoch gouf et e weideren leckere Rendezvous an der Rollenger Millen.
Dës Kéier stoung den kulinareschen Owend ganz am Zeechen vum Grillen a vun de Burgeren.
Ënnert der qualifizéierter Leedung vum «Feier a Flam» Grillzenter hunn d’Participant’en sech u speziell Saachen erugetraut, wéi zum Beispill Burgeren mat Rënd, Poulet oder och mat Crevetten.
Och dat idealt Grillwieder huet zu der super Stëmmung an dem onvergiesslechen Owend a flotter Gesellschaft bäigedroen.
10.6.2024
Signature d’une charte de prévention du syndrome de l’alcoolisation foetale
Péiteng
© Commune de Pétange
La consommation d’alcool pendant la grossesse est la première cause d’handicap mental non-génétique. Aujourd’hui encore une femme sur quatre continue de consommer de l’alcool pendant la grossesse.
En sgnant cette charte, la Commune de Pétange s’engage à sensibiliser ses collaborateurs concernant les méfaits d’une consommation d’alcool pendant la grossesse et de diffuser les outils d’information et de sensibilisation.
8.6.2024
Nuit du Sport 2024
Péiteng
© Commune de Pétange / Laurent Blum
Déi 2024er Editioun vun der Nuit des sports war och dëst Joer e ganz gudde Cru an der Péitenger Gemeng. Sief et beim Boxen, Tauchen, Turnen, Fussball oder Handball et gouf fir jiddereen eppes ze probéieren. An d’Kanner haten hire Spass fir vun Atelier zu Atelier ze zéien an alles auszeprobéieren. Bekannte Gäscht waren de Rui Barros (bekannte Fussball-Veteran) an d’lëtzebuerger Nationalspiller Ben Kovacs (Basketball) an de Pierre Veidig an d’Tina Welter (Handball).
Um Péitenger Weier kruten si esouguer gewisen, wéi ee fësche geet.
Et war e gelongene Samschdegnomëtteg, op deem och d’Elteren sech vun der Panoplie un Offere konnten iwwerzeegen, déi et an der Péitenger Gemeng op sportlechem Plang gëtt. A wee weess, vläicht huet jo deen oder anere vun de Kanner op dësem Dag „säi“ Sport fonnt…. Den Usporn, et ze probéieren, gouf ganz sécher hei ginn. Selbstverständlech war och fir dee klenge „Creux“ an de groussen Duuscht gutt gesuergt ginn.
7.6.2024
Nighttrain am Roude Schapp um Fonds de Gras
Fonds de Gras
© Commune de Pétange / Laurent Blum
Mam historeschen Zuch goung et zu Péiteng fir all d’Gäscht, déi sech fir den Night Train am Fond-de-Gras ugemelt haten, lass.
De Roude Schapp war fir dësen Event op Vordermann bruecht ginn, an et huet schonn ugefaangen, gutt ze richen ewéi déi éischt Leit um Wee ware fir e flotten Owend hei ze verbréngen. Mat Wäin a Crémant, Béier, Kéis, Traiteurshäppercher, frëschem Jus,Schockela esouwéi Cocktailen a Rhum, war fir jiddereen eppes dobäi. Fir de méi groussen Honger gouf et Foodtrucks mat Pinsa Romana an Nuddelen.
Ma wat fir esou e Fest ouni e flotte musikalesche Kader? Dofir waren d’Comboen aus der Péitenger Musiksschoul ënner der Leedung vum Sven Sauber zoustänneg an hu mat hire live Performancen iwwerzeegt. E flotten Owend – à refaire!
7.6.2024
De Kulturminister Eric Thill op Visite am Fonds de Gras
Fonds de Gras
© Commune de Pétange
Dëse Freideg war de Kulturminister Eric Thill offiziell op Visite am Fonds de Gras. Hien huet vun de Vertrieder vun den 2 Gemengen a vu Minettpark an AMTF d’Minièresbunn an den Train 1900 gewise kritt a Projee virgestallt kritt.
6.6.2024
Afterwork beim Wax: Summerfeeling pur!
Péiteng
© Commune de Pétange
Di zweet Woch vum Afterwork beim Wax huet di virdrunner souguer nach iwwertraff.
D’Stëmmung war mega, d’Sonn um Rendez-vous an dës Woch hunn nom WarmUp vum Dj Miles d’Irina an hier Bandkolleege fir eng super Stëmmung an engem spezielle Kader gesuergt.
Musik, gutt Mäifelcher, e Patt, an dat alles a gudder Gesellschaft, hate vill Leit ugelackelt fir sech mat Famill, Frënn a Bekannten do ze treffen, z’ënnerhalen an den Alldag e bëssi ze vergiessen.
6.6.2024
Premier coup de pelle du nouveau campus Rodange!
Rodange
© Commune de Pétange /Laurent Blum
A Rodange, sur le terrain situé entre le bâtiment scolaire «Am Paesch» et la rue Nic Biever, un tout nouveau complexe scolaire et sportif verra le jour. On y trouvera une maison relais pour 200 enfants, des salles de classe pour l’enseignement fondamental, un hall sportif, un restaurant, une cuisine mais également des locaux supplémentaires pour le personnel ainsi que pour les enfants fréquentant cet établissement. En présence de membres du Collège échevinal et du Conseil communal, du personnel communal ainsi que des différents corps de métiers, c’est au bourgmestre qu’est revenu l’honneur du premier coup de pelle du nouveau campus à Rodange.
6.6.2024
Inauguration des nouveaux véhicules communaux
Péiteng
© Commune de Pétange / Laurent Blum
Au cours d’une petite réception sur le terrain des ateliers de la commune de Pétange, une série de nouveaux véhicules fut inaugurée en présene de représentants du collège échevinal, du conseil communal ainsi que du personnel communal et d’autres invités. C’est le bourgmestre qui a souligné l’importance d’un parc de véhicules permanent mais aussi respectueux de l’environnement. Voilà pourquoi la commune compte également des voitures électriques parmi les nouveaux véhicules.
5.6.2024
Viva la Pizza!
Péiteng
© Commune de Pétange
An de wonnerschéinen Allentouren vun der Rollenger Millen gouf geschter Owend geléiert, wéi een eng traditionell italienesch Pizza preparéiert. 🍕
De Mimmo, e professionelle „Pizzaiolo“, huet an enger witzeger a leckerer Léierstonn säi Wëssen a seng Leidenschaft mat vill Temperament weiderginn.
Den Deeg gouf preparéiert, beschafft a beluegt : Tomatenzooss, Mozzarella, Olivenueleg, Mortadella, Champignonen, Ham, Thon etc.
Nom Baken an engem richtege Pizza-Uewe goufen se mat engem gudde Pättchen italienesche Wäi geschmaacht.🍷
E gelongenen Owend!
30.5.2024
Groussen Opening vum Afterwork beim Wax 2024
Péiteng
© Commune de Pétange
Den 30. Mee um 17 Auer un war dee groussen Opening vun eisem Afterwork beim Wax. Den DJ MILES an d’DJ Sin’ Dee hunn d’Stëmmung opgeheizt. Et war e vollen Erfolleg an d’ Stëmmung richteg gutt. Kille Béier, Cocktailer a lecker Burgere vum Restaurant Wax hunn dem Owend trotz frëschen Temperaturen e Summerfeeling verpasst.
27.5.2024
Réceptioun fir de Fussballclub FC Rodange 91
Péiteng
© Commune de Pétange
Am Hochzäitssall vun der Péitenger Gemeng gouf et dëser Deeg e groussen Erfolleg ze feieren. Den FC Rodange 91 wäert d’Saison 2024-2025 nees an der „BGL Ligue“ spillen an domat éischtklassesch sinn.
Den Opstieg gouf mat engem Éirewäi gefeiert, dëst a Presenz vu Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot esouwéi der kommunaler Sportskommissioun. Dobäi ass déi exzellent Leeschtung vun der Ekipp ervirgestrach an d’Hoffnung ausgedréckt ginn, datt den Erfolleg dem FC Rodange 91 och weiderhin trei bleift.
25.5.2024
Gnocchien an der Rollenger Millen
Lamadelaine
© Commune de Pétange
Lëschte Samschdeg huet sech d’al Millen zu Rolleng an e kulinarescht Paradäis verwandelt, wéi den Hobbykach Alvaro zu engem exklusive Gnocchi-Workshop invitéiert huet. Déi’rustikal Atmosphär vun der historescher Millen huet déi perfekt Kuliss fir en Dag voller Kachkonscht a Genoss gebueden.
D’Participante goufe vum Alvaro häerzlech begréisst an hunn als éischt eng Aféierung an d’Konscht vun der Gnocchi-Hierstellung kritt. Mat vill Gedold an Erfarung huet hie gewisen, wéi een aus einfachen Zutaten wéi Gromperen, Miel an Eeër de perfekten Deeg zaubert. Ënner senger Leedung hunn d’Gäscht geléiert, déi kleng Deegkugelen ze formen an ze rullen, bis se déi ideal Konsistenz haten.
Am Laf vum Workshop huet eng lieweg a frëndlech Stëmmung geherrscht. Den Alvaro huet net nëmmen seng Tipps an Tricks gedeelt, mä och lëschteg Anekdoten erzielt.
E Highlight vum Dag war d’Degustatioun vun den hausgemaachte Gnocchien mat verschiddene leckeren Zoossen.
18.5.2024
Schnupperdag an der neier Museksschoul
Pétange
© Commune de Pétange
Fir d’Porte ouverte haten sech eng helle Wull Frënn vun der Musek an deenen neie Raimlechkeeten vun der Museksschoul zu Péiteng afonnt, wou si eng Abléck an déi modern Säll kruten, déi ewell deene ville Schüler a Schülerinnen zur Verfügung stinn.
Ob ee Piano, Gitar, Trompett oder Harf wëll léieren, et war fir jiddereen e klenge Schnuppercours derbäi, wou jidderee probéiere konnt . Concerte vu verschiddene Formatioune goufen am Préau esouwéi am spéidere Konferenzraum virgedroen a waren och gutt besicht.
Erfreelech war awer och, datt sech ganz vill Leit ageschriwwen hunn an d’Waardeschlaang sech zimlech higezunn huet.
Aarbecht gëtt et also an der neier Museksschoul zu Péiteng fir d’Chargéen an d’Musiker in spee. Wann dat kee Grond ass fir sech ze freeën.
10.5.2024
84 ans déjà…
Pétange
© Commune de Pétange /Laurent Blum
Que le temps passe vite! C’est le 10 mai 1940 que le Luxembourg, les Pays-Bas, la Belgique et la France furent envahis par les troupes nazis, un jour fatidique dont on se souvient toujours dans la commune de Pétange.
Des fleurs furent déposés au monument Chauvin à Pétange et sur les tombes des soldats français, anglais et canadiens morts sous le feu de l’ennemi le jour de l’invasion.
Et, comme presque tous les ans, c’est la famille du Sergent Charles Moat, mort le soir du 10 mai 1940, qui a de nouveau fait le voyage de France pour prendre part à la commémoration.
Dans la foulée, c’est au cours d’une réception à la Maison de la culture «A Rousen» que Roger Klein, ancien maire de la commune de Pétange, a présenté la nouvelle brochure sur les nombreux monuments dédiés à la seconde guerre mondiale.
Et pour bien clore ce jour de commémoration, la commune de Pétange a ensuite invité au vin d’honneur.
5.5.2024
Gin-Festival in der Paul-Wurth-Halle, 2. Edition
Fond-de-Gras
© Commune de Pétange /Laurent Blum
Mit Volldampf zum Gin Festival nach Fond-de-Gras, eine solche Anfahrt zum Veranstaltungsort ist nicht alltäglich.
Die Besucher waren auf jeden Fall angetan und durften sich nicht nur auf die Verkostung unterschiedlicher Gin-Sorten zahlreicher in- und ausländischer Anbieter freuen. Und in der Paul-Wurth-Halle verging die Zeit im Flug, sei es im Gespräch mit Gleichgesinnten oder beim Genießen der Leckereien, jeder kam an diesem Abend auf seine Kosten.
Foodtrucks und Live Musik sorgten in der und um die Paul Wurth-Halle ebenfalls für beste Stimmung und auch das Wetter spielte mit.
1.5.2024
1.Mee Feier zu Rodange a Rolleng
Rodange/Lamadelaine
© Commune de Pétange /CISP
Och dëst Joer haten d’Harmonie Municipale Rodange a Lamadelaine zesumme mat der Amicale vun de Péitenger Pompjeeën an dem FC 91 Rodange d’Veräiner aus der Gemeng Péiteng invitéiert, fir mat hinnen zesummen den 1.Mee ze feieren.
Treffpunkt war um 9 Auer mueres um Fussballsterrain „Am Doihl” zu Rodange, wou eng gutt Taass Kaffi mat Croissanten ugebuede goufen. Um Enn haten eng 250 Leit sech afonnt fir am Cortège vum Fussballsterrain aus duerch Nidderréideng bis an de Centre de Loisirs zu Lamadelaine ze goen, wou den Hobbi 81 säi Meefest gefeiert huet.
D’Fréijoer ass schéngs do. Awer opgepasst, déi „kalte Sophie“ kënnt eréischt, an déi ass jo bekanntlech fir esou munch Iwwerraschung gutt!
29.4.2024
De Kannergemengerot huet säi Buergermeeschter gewielt
Gemeng Péiteng
© Commune de Pétange
En éischt Treffe gouf et tëscht dem nei gewielte Kannergemengerot an dem Péitenger Schäfferot.
An dëser éischter Sëtzung krut jiddereen d’Geleeënheet, sech virzestellen a seng Iddien ze presentéieren.
Duerno hunn d’Kanner hire Kannerbuergemeeschter a säin Stellvertrieder gewielt, déi uschléissend vum Buergermeeschter d’Schärp ugedoe kruten.
Dobäi kruten si vum Gemengesekretär erkläert, wéi Decisiounen zesumme kënne geholl ginn a wéi Wale funktionéieren.
Dëse Kannergemengerot ass elo a Kraaft bis d’Summervakanz 2025, wou dann nees Neiwalen am Hierscht ustinn.
27.4.2024
Mat der Draisine op Tour
Gemeng Péiteng
© Commune de Pétange
Mat vill Elan goung et nees eng Kéier op d’Streck op dem Draisinendag am Fond-de-Gras. Hei housch et virun allem vill strampele fir bis an de Fussbësch ze kommen, wou et zu Fouss bis op d’Grondmille goung, wou de Participanten eng Féierung ugebuede gouf.
An no enger klenger Stäerkung war et nees Zäit fir de Retour unzegoen, deen dann och ouni vill Problemer gemeeschtert gouf. En Ausfluch matten am Gringen, deen nawell vill Spaass gemaach huet!
25.4.2024
Et kënnt op déi richteg Mooss un!
Gemeng Péiteng
© Commune de Pétange
Ween huet net doheem e puer Fläsche stoe fir emol e Cocktail ze mixen, traut sech awer net esou richteg un d’Mixturen erun? Do koum de Workshop „Liquid Kitchen – Tropical&Tiki Drinks“ grad gutt, well hei kruten d’Participante gewisen, wat fir Gedrénks wou higehéiert fir e sëffegen Drink ze schafen.
Et war e ganz interessante Cours, wou vill gemëscht awer och esou munches geschmaacht gouf. Also alles, wat e gudde Barman oder eng gutt Barwoman in petto sollt hunn. Elo heescht et probéieren an entdecken!
23.4.2024
Diplomiwwerreechung vun de Sproochecoursen
Gemeng Péiteng
© Commune de Pétange / Joël Schadeck
Am Fräizäitzenter zu Rolleng stoung nees eng Kéier d’Diplomiwwerreechung vun de Sproochecoursen, déi d’Gemeng Péiteng an och de Syndicat d’initiative vu Rodange ubidden, op der Dagesuerdnung. Lëtzebuergesch, Franséisch an Italienesch ginn hei fir déi Erwuessen ugebueden. Eng Offer, déi zënter Joren e groussen Erfolleg kennt.
A Presenz vu Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot kruten eng ganz Rëtsch Leit hiren Diplom iwwerreecht fir deen si zënter 7 Méint geschafft hunn. No dem offiziellen Deel stoung huet d’Gemeng dann och den traditionelle Patt mat engem Maufel vum Grill offréiert.
20.4.2024
Télévie Rodange: Zesumme si mir staark!
Gemeng Péiteng
© Commune de Pétange / Laurent Blum
Zu Rodange bei der Eil war de Weekend vum 20. Abrëll eng méi lass. Ewéi zënter laange Joren huet den Télévie och dëst Joer nees Spende gesammelt fir d’Kriibsforschung. Nach ëmmer stierwe vill ze vill Leit un dëser dach onbaarmhäerzeger Krankheet. An dach gëtt et Hoffnung, well de Fortschrëtt aus deene leschte Jorzingten huet gewisen, datt eng Kriibserkrankung ka geheelt ginn.
Och wann et nach dauert, d’Liicht um Enn vum Tunnel gëtt ëmmer méi hell. An datt een zu Rodange un den Erfolleg gleeft, dat huet d’Rekordzomm gewisen, déi zesummekoum: 124.424€! Ouni déi vill fräiwëlleg Hänn, déi iwwerall hëllefen, ouni d’Veräiner, déi matmaachen, an ouni déi ganz vill Donateure wier dat net méiglech.
Jidderengem dofir e ganz grousse Merci!
19.4.2024
Mir hate Besuch vun enger Schoulklass aus dem LGE
Gemeng Péiteng
© Commune de Pétange
E klengen Abléck an de Beruffsalldag op enger Gemengeverwaltung kruten de leschte Freideg Schüler vun enger Cinquièmesklass an zwou Enseignantë vum Escher LGE wéi si, opgedeelt an zwou Gruppen, op enger “visite guidée” a verschidde Servicer vun der Gemeng eraluusse konnten.
Um Enn gouf nach e Film am Sëtzungssall gewisen, an d’ Schüler duerfte Froen un de Buergermeeschter stellen.
Als Undenke gouf et och beim Abschid e klenge Kaddo.
13.4.2024
Pétange is Metal 2024
Gemeng Péiteng
© Commune de Pétange / Dividante
Et war nees eng super Stëmmung am Home St. Hubert zu Péiteng, wou d’Metal-Fans zesummen hir Bands aus Lëtzebuerg ugefeiert a gefeiert hunn.
Um Programm vum Owend waren ugesot:
7LasT
Blame The Others
Razor Butchers
Parity
Fusion Bomb
Drogher
Si all hu gewisen, datt d’Metal-Szen hei am Land sech gutt steet an d’Musiker sech net brauchen ze verstoppe virun der auslännescher Konkurrenz. E genialen Owend, deen ze séier op en Enn goung.
Elo sinn d’A schonn op 2025 geriicht…. a firwat net op eng weider Editioun – zu Péiteng!
10.4.2024
Job Day 2024
Gemeng Péiteng
© Commune de Pétange / Jugendkommissioun
Fir den Job Day 2024, deen d’Jugendkommissioun an Zesummenaarbecht mat der Gemeng organiséiert hat, waren och dëst Joer nees eng ganz Rei Schüler a Schülerinnen derbäi, déi emol an d’Aarbechtswelt wollten erablécken. Si kruten d’Méiglechkeet, verschidden Enterprise kucken ze goen an sech z’informéieren. No der Aarbecht gouf et e gutt Mëttegiessen an – wat net ganz onwichteg ass – en Zertifikat, datt si un dësem Dag deelgeholl hunn. Den offizielle Patt huet d’Gemeng offréiert.
24.3.2024
Télévie Zumbathon Rodange
Gemeng Péiteng
© Commune de Pétange / Laurent Blum
Einige hundert Tänzerinnen und Tänzer bewegten sich in Hochstimmung bei der Zumba Masterclass in der Sporthalle in Rodange. Zwei Stunden lang hieß es wieder schwitzen und durchhalten. So mancher war für kleine Pausen dankbar, doch alle wollten bis zum Schluss dabei sein.
Ein großer Erfolg, so wie man es bereits seit einigen Jahren bei Zumba-Ereignissen kennt.
Dieser Zumbathon stand unter dem Zeichen des Télévie und ist der Auftakt des Télévie Rodange.
23.3.2024
Eis Fréijorsbotz ass eng Kuer fir d’Natur
Péiteng
© Commune de Pétange
Eng Kuer fir d’Natur….ënner dësem Motto stoung dëst Joer d’Fréijoersbotz an der Péitenger Gemeng.
Ronn 500 Bierger hunn hei bewisen, datt hinnen immens vill un der Propretéit vun der Gemeng läit an datt si och gewëllt sinn, hiren Deel dozou bäizedroe fir d’Natur hei bei eis am Eck ze schützen.
Fir hir Botzaktioun goufen si mat gudde Mäifel an engem grousse Luef vum Buergermeeschter, dee vu Vertrieder aus dem Schäffen- a Gemengerot begleet gouf, belount.
E Concours zum Thema „Konscht mat Offall“ an de Maison Relaise war vum Kannergemengerot lancéiert ginn. Déi jonk Vertrieder hunn dann och déi bescht Iddie fir hir Aarbecht belount.
20.3.2024
Un cours de fabrication d’éclairs au vieux moulin
Lamadelaine
© Commune de Pétange
Un cours de pâtisserie, voilà l’occasion rêvée pour les gourmands qui adorent les sucreries.
Et la soirée au moulin de Lamadelaine, organisée par la commune de Pétange, était un grand succès auprès des 8 participants qui ont appris à faire des éclairs et ont aussi eu droit à quelques conseils et trucs qui ne se trouvent pas das les livres de cuisine.
Le résultat: on aurait bien voulu être sur place en tant que goûteur….
10.3.2024
De Péitenger Wand, dee bléist, dee bléist, dee bléist!!
Péiteng
© Commune de Pétange
Op Halleffaaschten, war erem eis Kavalkad an dëst Joer war et schonn di 67. D’Stroossen waren nees eng Kéier schwaarz vu Leit, déi et net konnten erwaarden, déi 56 Gruppen a Ween ze bewonneren, déi fir Stëmmung gesuergt hunn op engem Parcours vunn 2,5 Kilometer. Kamellen, Chipsen, Konfetti a Popkorn sinn an den Tute vun de Kanner an deenen Erwuessene gelant, an och deen een oder anere Patt gouf gären ausgedeelt an och ugeholl.
Jo, op der Kavalkad zu Péiteng huet et och dëst Joer nees geheescht De Péitenger Wand, dee bléist, dee bléist, dee bléist! Ma no der Fuesent ass bekanntlech virun der Fuesent, an d’A si schonn erëm op déi nächst 5. Saison geriicht. Mir freeën eis drop.
09.03.2024
KaGePe-Kannerbal 2024
Pétange
© Commune de Pétange
Um Virowend oder besser gesot Virmëtteg vun der Kavalkad hat de KaGePe op hire Kannerfuesbal am groussen Zelt invitéiert.
Hei war Bud voll an d’Kanner hunn sech super ameséiert bei de Spiller an Danz vun den ZumbaChicas an der Musek vum Decken an Dënnen.
17/18.02.2024
Best of Buergbrennen 2024
Pétange / Lamadelaine / Rodange
© Commune de Pétange / CISP
Zu Péiteng, Rolleng a Rodange stoung nees dat traditionellt Buergbrennen un, eng Traditioun, mat där u sech de Wanter op en Enn soll goen.
Dat klappt zwar net ëmmer, awer et ass e gudden Ufank. Iwwerdeems zu Péiteng d’Guiden a Scouten sech ëm d’Organisatioun gekëmmert hunn, waren et d’Pompjeeën zu Rolleng an d’Amicale Nidderréideng zu Rodange, déi sech vill Méi ginn hate fir d’Buerg am Virfeld opzeriichten.
Sief et mat oder ouni Fakelzuch bis bei d’Buerg, d’Leit waren, esou wéi all Joer, um Rendez-vous an hunn sech nees eng Kéier gutt ameséiert.
14.02.2024
Ënnerstëtzung fir Drëtt-Welt-Projeten
Péiteng
© Commune de Pétange
Et ass scho bal zu enger Traditioun um Ufank vun all Joer ginn, datt d’Gemeng Péiteng Projeten an der Drëtter Welt ënner d’Äerm gräift. Och dëst Joer konnten nees 4 Organisatiounen e Scheck vu je 7.500€ entgéinthuele fir hiren Objektiver e bësse méi no ze kommen. D’Vertrieder vun der ONG „Pharmaciens sans Frontières Luxembourg Asbl“, vun „SOS Villages d’Enfants Monde Luxembourg“, vun der „PADEM Asbl“ esouwéi vun der „Action Solidarité Tiers Monde (ASTM)“ hunn de Scheck aus den Hänn vu Memberen aus dem Péitenger Schäffen- a Gemengerot entgéintgeholl an dobäi e puer Detailer zu den eenzelne Projete ginn, déi si an enger ganzer Rei Länner betreien.
09.02.2024
Stiermung vun der Gemeng 2024
Pétange
© Commune de Pétange / Claude Piscitelli
Jo, den 9. Februar war et nees esou wäit: d’Gecke krute ganz offiziell de Schlëssel vun der Péitenger Gemeng aus den Hänn vum Buergermeeschter iwwerreecht. D’Freed war natierlech grouss, a wann et de Fuesfrënn nogeet, da ginn et e puer Reglementer, déi net grad esou eescht solle geholl ginn….
Mat der KaGePe Strëpp koumen si all op d’Gemeng, wou natierlech vill Spaass op der Dagesuerdnung stoung. D’Prënzekoppel Mireille II a Claude IV, a Begleedung vun der Kannerprënzekoppel Prënz Tiago I, Prinzessin Tamina I waren natierlech net méi ewéi houfreg fir déi nei Regele virzestellen, déi si elo bis um Enn vun der Fueszäit – also den Dag no der Kavalkad – wëllen uwenden.
1.02.2024
Péitenger Ëmweltdiplom fir Kanner – Remise des diplômes
Pétange
© Commune de Pétange
Les principaux objectifs de cette initiative sont d’habituer les enfants à adopter une attitude respectueuse envers la nature et leur environnement, d’élargir leurs connaissances dans des domaines tels que la nature, l’eau et les déchets et de sensibiliser les jeunes aux problèmes environnementaux.
Un programme attrayant a ainsi été proposé aux élèves des cycles d’études 3.2, 4.1 et 4.2 de l’enseignement fondamental de la commune de Pétange.
Les enfants ayant participé à au moins cinq des dix activités proposées entre mars et octobre 2023 ont reçu un cadeau de la commune de Pétange lors d’une petite cérémonie.
10.01.2024
Signature des tableaux de tri
Pétange
© Commune de Pétange
Aujourd’hui, les collèges des bourgmestre et échevins des communes de Pétange et de Käerjeng ainsi que les Archives nationales de Luxembourg se sont réunis pour officialiser la signature des tableaux de tri de ces deux communes.
Les communes de Pétange et de Käerjeng, ensemble avec les représentants des Archives nationales de Luxembourg avaient collaboré durant l’année 2020 sur un projet pilote ayant pour objectif la confection d’un tableau de tri générique pouvant être applicable à toutes les communes luxembourgeoises.
Ce tableau de tri a été élaboré en étroite collaboration avec les différents services des deux administrations communales et poursuit les objectifs suivants :
– se mettre en conformité avec la loi du 17 août 2018 relative à l’archivage ;
– assurer la sélection et la conservation des archives définitives/historiques devant être conservées sans limitation dans le temps ;
– simplifier, harmoniser et rationaliser la gestion des documents et des données dans les espaces de stockages physiques et/ou numériques.
1.01.2024
Cyclocross 2024
Pétange
© Commune de Pétange / UCP
Zu Péiteng huet – an dat ass schonn eng laangjähreg Traditioun – de 76. Internationalen Cyclo-Cross zu Péiteng stattfonnt. Um Hierschtbierg goung et duerch d’Bëscher, wou de Buedem dann och nawell zimmlech rutscheg war. Deementspriechend hunn d’Coureuren an d’Vëloen ausgesinn.
Vun 1 Auer nomëttes u sinn noeneen d’Juniore vun de Männer, duerno d’Dammen an zum Schluss d’Hären op de Parcours geschéckt ginn. An d’Resultater op Lëtzebuerger Säit hunn sech kucke gelooss.
Bei de Junioren ass de Lëtzebuerger Rick Meylender no 36.33 Minutten iwwer d’Arrivée gefuer.
Bei den Dammen huet sech d’Christine Majerus virum Xaydee Van Sinaey aus der Belsch an dem Larissa Hartog aus Holland duerchgesat.
De Joshua Dubau aus Frankräich stoung du bei de Männer ganz uewen um Podium, dëst virum Lander Loocks aus der Belsch an dem Marcel Meisen aus Däitschland.