KIERCHEPAD KÉINZIG-PÉITENG​

E klenge Bléck zeréck an d’Geschicht weist, datt Péiteng a Féngeg joerhonnertelaang zur Par Kéinzig gehéiert hunn. Dat huet mat sech bruecht, datt d’Parleit ënner anerem hu misse beim Bau esou wéi beim Ënnerhalt vum Parhaus oder dem Kierchtuerm mathëllefen. Dat war net nëmme mat Aarbecht, mä och mat Onkäschte verbonnen. En Thema, dat och deemools dacks kleng Reiwereie mat sech bruecht huet. Des Weideren hunn déi zwou Uertschaften och un de kierchleche Fester esou wéi un de Bittprëssessiounen deel geholl, déi gemenkerhand zu Kéinzeg waren.

D’Paschtéier vu Kéinzig, mä och d’Parleit, déi vu Péiteng an d’Haaptkierch bis op Kéinzig hu musse goen, waren och net ëmmer begeeschtert, de Wee tëscht béiden Uertschaften unzetrieden, well de Kierchepad iwwer Lénger an duerch de Bësch éischtens zimlech laang war a besonnesch am Wanter oder wann et gereent hat, an engem ganz desolaten Zoustand war. Dobäi koumen och nach Geforen ewéi Iwwerfäll oder Ugrëff vu Wëllef, déi hei an de Bëscher gelieft hunn. Eng gutt Stonn huet eiser Här gebraucht, wann hie bei guddem Wieder an d’Kapell op Péiteng koum, wou hien och vun Zäit zu Zäit eng Mass gehalen huet. Déi Kéinziger Hären hu sech och méi wéi eng Kéier beschwéiert, an de Paschtouer Bontemps huet esouguer gemengt, datt, wann et gereent hat „geht das Wasser im Weg dem Pferd bis an die Pantz“. Eng Auswäichméiglechkeet gouf et, a wann et quasi onméiglech war, duerch de Bësch ze trëppelen, da gouf de Wee laanscht de Schack geholl.

Laang Zäit war de Kierchepad vu Kéinzig op Péiteng eng wichteg Verbindung tëscht deenen zwou Paren. Dës sollt sech eréischt um Ufank vum 19. Jorhonnert änneren – ganz genee am Joer 1808 –, wéi Péiteng eng eegestänneg Par gouf. Dëse Kierchepad gehéiert zum Patrimoine vun eisen zwou Gemengen, an esou ass et och selbstverständlech, datt dëse Wee erhale bleift an och a Stand gehale gëtt.

Aller au contenu principal