4 Eng nei Fitness-Méiglechkeet an der Gemeng Péiteng

13/10/2020
} 01:55
m Année 2020
35 views

19.09.2020:

Fitness steet héich am Cours, Fitness ass "in". Fir dësem Trend och Rechnung ze droen awer och fir de Spadséierwee laanscht d'Kor zu Péiteng méi attraktiv ze gestalten, huet d'Gemeng Péiteng déi Jonk aus dem Jugendhaus an hirem Bestriewen ënnerstëtzt, de Leit aus allen Alterskategorien eng Méiglechkeet ze ginn, e bësse Sport an der Loft ze maachen. Eng Iddi, déi ëmgesat gouf, esou datt viru kuerzem dësen Outdoor-Sportsall ganz offiziell ageweit konnt ginn. Selbstverständlech huet sech deen een oder anere Politiker et net huele gelooss, d'Fitnessgeräter ze probéieren. 

Aller au contenu principal