4 Delegatioun aus der Péitenger Gemeng zu Rijeka (Europäesch Kulturhaaptstad 2020)

03/03/2020
} 02:02
m Année 2020
1912 views

23.02.2020:

Déi europäesch Kulturhaaptstad 2020, Rijeka (Kroatien) hat déi europäesch Kulturhaaptstad Esch 2022 op seng grouss Kavalkad agelueden. D’Gemeng Péiteng huet dunn déi grouss Éier kritt, Esch 2022 an deem grousse Cortège dierfen ze representéieren.

Op Fuessonndeg ass eng 48 Persoune grouss Delegatioun ënner der Leedung vum KaGePe, der Prënzekoppel Fränk I a Caroline I, souwéi enger staarker Danzgrupp – d’Avant-Garde an d’ZChicas – duerch d’Stroosse gezunn. D’Lëtzebuerger sinn immens gutt mat hirem Spektakel ukomm, an d’Resonanz an de kroatesche Medie war grouss. Esouwuel de kroatesche Fernsee ewéi och vill kroatesch Zeitungen hu flott Reportagen iwwer d’Lëtzebuerger bruecht.

Ier et lass goung, krut de Buergermeeschter vu Rijeka am Laf vun enger offizieller Receptioun e flotte Kaddo vun Esch 2022 iwwerreecht.

Aller au contenu principal