4 75e anniversaire de la Libération de Pétange

20/11/2019
} 16:45
m Année 2019
82 views

D'Festivitéite ronderëm de 75. Anniversaire vun der Befreiung vu Péiteng am Bild:

- 10. Rockabilly Deluxe

- Offiziell Commemoratioun

- Concert vun der Militärmusek

- Gedenkzeremonie bei der Borne du Passeur &
  Ordre de la Chevalerie du 7e Centenaire

- Evocation historique

-------------------------------------------------------------------------------

07.09.2019 - Rockabilly Deluxe:

Héich hir goung et beim Rockabilly Deluxe zu Péiteng, deen, ewéi all Joer, eng sëllege Leit vun no a vu wäit ugelackelt hat. Och wann d’Musek am Mëttelpunkt stoung, esou hunn déi grouss Limousinnen aus Iwwerséi esou munche Bléck op sech gezunn. Bis an de spéiden Owend era gouf  op der Gemengenhausplaz gefeiert – och wann de Wiedergott deem e Stréch duerch d’Rechnung wollt maachen. Geklappt huet dat net.

 

09.09.2019 - Offiziell Commémoratioun:

De Grand-Duc Henri war fir de 75. Anniversaire vun der Befreiung vu Péiteng an d’Gemeng koum, wou hie vun de Lokalpolitiker, Deputéiert, villen Éieregäscht a sëllege Bierger begréisst gouf. Nodeems hien sech an d’gëlle Buch agedroen hat, goung de Cortège a Richtung Square Hyman Josefson. Ier beim Monument vum amerikaneschen Zaldot Blummen néiergeluecht goufen, war virun dem Centre WAX eng Opféierung vun engem klengen Theaterstéck, an deem un déi 3 Mënschen, déi deen Dag hei an der Gemeng hiert Liewen hu musse loossen, geduecht gouf. En Zeechen, dat och vun den Zuschauer ganz positiv opgeholl a mat vill Applaus gewierdegt gouf.

 

12.09.2019 - Concert vun der Militärmusek:

Am Kader vum 75. Anniversaire vun der Befreiung vu Péiteng hat d’Militärmusek op e Concert an den Home St Hubert agelueden. A grad ewéi viru 5 Joer hunn si och dës Kéier nees ze iwwerzeege gewosst. Eng Performance, déi vun de Leit am  Sall – dee bis quasi op déi leschte Plaz gefëllt war – mat vill Applaus belount gouf.

 

14.09.2019 -  Borne du Passeur

Un all d’Passeuren, d’Filiéristen an d’Resistenzler gouf ganz besonnesch am Laf vun der Zeremonie bei der Borne du Passeur nieft der Parkierch zu Péiteng geduecht. Si hunn ëmmer hiert Liewen op d’Spill gesat fir anerer ze hëllefen, si ze rette virun dem Nazi-Regime. Zu hiren Éiere goufen hei Blummen néiergeluecht.

 

14.09.2019 - Ordre de la Chevalerie:

Ganz speziell ass ëmmer nees d’Opnam am de Ritteruerden, déi am Home St Hubert stattfonnt huet a wou verdéngschtvoll Matbierger geéiert ginn. Dëst Joer gouf de Léon Linden an de Ritteruerden opgeholl iwwerdeems de Pierre Mellina, de Jean-Marie Halsdorf an den Adriano de Rigo vu Schio an de Rang vum Offizéier gehuewe goufen.

 

14.09.2019 - Evocation historique:

En Owend voller Swing war ugesot op der Plaz virum Centre WAX zu Péiteng. Et war e flotten Ofschloss vun de Feierlechkeete ronderëm de 75. Anniversaire vun der Befreiung. E Film iwwer den zweete Weltkrich huet nees an Erënnerung geruff, wéi vill Leed all déi Joren uechtert d’Land an d’Welt bruecht hunn. 

Aller au contenu principal