4 Célébration de la Fête nationale luxembourgeoise 2019

04/07/2019
} 09:01
m Année 2019
70 views

23.06.2019:

De Lëtzebuerger Nationalfeierdag huet zu Lamadelaine mam offiziellen Deel ugefaangen. Am Cortège goung et bis an d'Porkierch, wou den Te Deum stattfonnt huet. Uschléissend goung et an de Rollenger Kulturzenter, wou de Buergermeeschter eng kuerz Usprooch gemaach huet ier eng Grupp Pompjeeë geéiert goufen. An esou just viru Mëtteg war et dann och ganz erfreelech, datt d'Gemeng op de obligate Patt invitéiert huet.

Nomëttes waren eng sëlleche Leit der Invitatioun nokomm an hunn sech Rendez-vous gi fir op d'Péitenger Gemengeplaz ze kommen, wou eng méi lass war. Sief dat d'Spiller am Park oder de Facepainting. Et war fir all Alter eng Animatioun derbäi. An och d'Frënn vun der Musek koumen op hir Käschten ier dann owes den Highlight vum Dag op der Bühn ze gesi war.

De Steven Pitman huet méi spéit am Owend mat senger Stëmm d'Fans vum "King" begeeschtert ier et du kuerz viru Mëtternuecht nach eng Kéier hell gouf op der Kennedy-Plaz. Eng Lasershow, musikalesch ënnermoolt vun "All Reitz Reserved" a bei där och am Bild un de Grand-Duc Jean erënnert gouf, huet dëse gelongenen Dag ofgeronnt.

Aller au contenu principal