4 Nuit du sport 2019

27/06/2019
} 04:00
m Année 2019
49 views

08.06.2019:

Beewegung stoung ganz am Mëttelpunkt vun der Nuit du Sport, déi dëst Joer zu Péiteng an a ronderëm de Sportzenter Bim Diederich stattfonnt huet. Ateliere fir Grouss a Kleng, fir Ufänger a Fortgeschrattener, déi vun de Veräiner ugebuede goufen, haten nawell e gudde Zoulaf iwwer dee ganzen Nomëtteg. A wann ee sech e bëssen ëmgekuckt huet, da gesouch een och, wéi vill Freed si all hate fir sech ze beweegen, fir Neies kennenzeléieren an z’entdecken, wat sech hanner deene veschiddenen Techniken ewéi z.B. bei de Kampfsportaarten, verstoppt.

En Héichpunkt war och sécherlech d’Virstellung vum Weltmeeschter Viki Gomez op sengem BMX, bei där esou munch engem de Mond opstoe blouf. A vläicht gouf jo deen een oder aneren ugestach fir sech z’engagéieren an de Sport en Deel vum Liewen ze maachen. Et wier ze wënschen!

Aller au contenu principal