4 Groussen Télévie-Dag 2019 zu Rodange

10/05/2019
} 05:50
m Année 2019
36 views

28.04.2019:

Nom Télévie ass virum Télévie, esou gesäit d’Joer aus wann et drëm geet fir de gudden Zweck ze schaffen an ze spenden. An dovunner kann d’Asbl „Fir e gudden Zweck Gemeng Péiteng“ e Liddche sangen.

Am Centre de promesse permanent zu Rodange, wou géint der Owend d’Josette Conzemius-Holcher, d’Presidentin vun der Asbl, ëmgi vun hire Matstreider, dem Buergermeeschter a Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot sech zesummefonnt haten, gouf et Luef fir jiddereen.

Sief dat fir déi vill Hänn, déi net midd gi fir hanner de Kulissen ze schaffen oder fir d’Leit dobaussen, déi onermiddlech spende fir enger onerbittlecher Krankheet d’Stir ze bidden.

A fir deem Zil méi no ze kommen, gouf zu Rodange e Scheck iwwer 115.000 Euro iwwerreecht. D’Wieder huet zwar net matgespillt, mee d’Leit aus der Péitenger Gemeng sinn trotzdeem mat Häerz bei der Saach.

Op déi 19. Editioun, déi ganz bestëmmt dat anert Joer usteet.

Aller au contenu principal