4 Journée nationale de la bicyclette 2013

13/02/2015
} 01:07
m Année 2013
98 views

20.05.2013:

Regelrecht an d’Waasser gefall ass den Dag vum Vëlo. Et war net nëmme kal dobaussen, mee de Reen huet einfach net opgehal mat falen. Esou war et och verständlech, datt vill Leit sech net eraus getraut hunn an och d’Participatioun un de Coursë zimlech moer ausgefall war.

Trotzdeem waren eng Rei Zuschauer op d’Péitenger Maartplaz komm, wou si net nëmmen d’Präisverdeelung ma och de Sportler nogekuckt hunn. Hir Presentatioun huet d’Leit begeeschtert, och wann net all Trick méiglech war bei deem naassen Ënnergrond. Et bleift ze hoffen, datt dat anert Joer d’Sonn nees eng Kéier um Rendez-vous ass.

Aller au contenu principal