4 64e cavalcade à Pétange

24/04/2019
} 03:54
m Année 2019
110 views

31.03.2019:

"Kaiserwetter" gouf et op Halleffaaschten zu Péiteng, wéi um 14.11 Auer d'Gecken op der 64. Kavalkad duerch d'Stroosse gezu sinn.

Dausende vu Leit stounge laanscht d'Trottoiren - sief dat fir e puer Kamellen oder Chipsen opzefänken oder fir mat ze sangen an ze schunkelen.

Vu flotte Ween iwwer Foussgruupen oder Danz-a Musikgruppe war et e ganz fuerwegen Ëmzug, deen esouguer d'Politiker fir eng kleng Danzvirféierung vun de Still gerappt huet.

An nodeems och dee leschte Won mam Prënzepuer laanscht war goung et mat vill gutt Stëmmung a flotter Musik op der Maartplaz am groussen Zelt weider.

De Péitrus ass, wéi et schéngt, awer e Frënd vun der Fuesent! An elo heescht et nees waarde bis et erëm eng Kéier heescht "De Péitenger Wand, dee bléist, dee bléist, dee bléist"! 

Aller au contenu principal