4 Pose de la 1re pierre des nouveaux garages communaux

12/12/2018
} 07:29
m Année 2018
63 views

30.11.2018

Et huet laang gedauert ier de Projet Realitéit gouf, ma elo gouf de Grondstee geluecht fir de Bau vun de Gemengenatelieren op der Lénger Strooss. Hei sollen déi ganz Regiebetriber en Ënnerdaach fannen. Vum Fuerpark bis zu den Elektriker an de Gäertner lafen d'Weeër vun de Mataarbechter aus de Betriber zesummen. Modern, frëndlech a funktionell wäerten dës Ateliere ginn.

De Réibau ass 2019 fäerdeg a wann d'Aarbechten ouni Problemer kënne virugoen, da kéint d'Gebai Enn 2020 fäerdeg sinn. De Grondstee gouf offiziell a Präsenz vun enger ganzer Rei Gäscht vum Péitenger Schäffen- a Gemengerot geluecht. Uschléissend hat d'Gemeng Péiteng op den obligaten Éierewäin agelueden.

Aller au contenu principal