4 Journée des méritants 2018

27/10/2018
} 02:45
m Année 2018
83 views

Verdéngschtvoll Matbierger esou wéi laangjähreg Memberen aus de Lokalverainer stoungen e ganzen Owend am Mëttelpunkt vun der Journée des méritants, wou si fir hiren onermiddlechen Asaz fir d’Gemeng Péiteng geéiert goufen. Eng ganz Rei Veräinsmembere kruten esou Merci gesot, well si ëmmer um Dill si wann hir Hëllef gefrot ass respektiv well hir Leeschtungen ervirzehiewe sinn.

 

De mérite sportif 2018 goung dëst Joer un de Romain Michaux, laangjährege Fussballspiller an der Red Boys mee och an der Nationaléquipe, iwwerdeems de Guy Brecht de mérite culturel fir seng Aarbecht am Beräich Theater respektiv Kapesëtzung krut.

 

E flotte Programm mam BMX-Flatland-Weltmeeschter Viki Gomez an eng Rei Sketcher vum KaGePe hu fir vill Applaus gesuergt an der Feier e schéine Kader ginn.

Aller au contenu principal