4 Inauguration du Hall 1 au Fond-de-Gras

03/10/2018
} 03:50
m Année 2018
64 views

25.09.2018:

D’Mataarbechter vum ProActif, déi am Fond-de-Gras Projete realiséieren, hunn hir Aarbechten un dem Hall 1 vun der AMTF op en Enn bruecht. Domat kann dat historescht Eisebunnsmaterial ënnerdaach gestallt gi wann déi kal Saison ufänkt. Eng gutt Noriicht fir all déi Fräiwëlleg, déi sech engagéiere fir déi ganz Zich aus vergaangenen Zäiten a Stand ze setzen an ze halen. Elo ass et hell bannen am Hall duerch déi schéi grouss Fënsteren, d’Daachkonstruktioun gouf verbessert an och bausse gesäit de Bau elo tiptop aus. Esou huet et och net u Komplimenter fir d’Aarbechter gefeelt, déi sech do un d’Wierk gemaach haten. D’Gemeng Péiteng hat um Uschloss un dës kleng Zeremonie op den obligate Patt invitéiert, wou nach esou muenchereen iwwer d’Eisebunn gefachsimpelt huet. 

Aller au contenu principal