4 Weekend de l’Amitié Américo-Luxembourgeoise

18/09/2018
} 06:54
m Année 2018
84 views

07.09.2018 - 09.09.2018:

Viru 74 Joer, den 9. September 1944, gouf Péiteng vun den amerikaneschen Zaldote befreit. Am Kader vun de Liberatiounsfeierlechkeeten hat d’Gemeng Péiteng zesumme mam Syndicat d’Initiative et de Tourisme vu Péiteng, dem Comité du Souvenir an dem Ordre de la Chevalerie du 7e Centenaire op de Weekend de l’Amitié Américo-Luxembourgeoise invitéiert.

Freides owes, de 7. September 2018, gouf d’Ausstellung “RAF 100” a Präsenz vum britesche Botschafter, dem John Marshall, opgemaach ier et dunn op der Stadhausplaz mat Swing an de Feierowend goung.

Samschdes, den 8. September 2018, war richteg gutt Stëmmung op der Péitenger Gemengeplaz. Schéi Karossen aus vergaangenen Zäiten an – wéi kéint en anescht sinn – Rock a Country op der Bühn, dat ass de Rockabilly zu Péiteng, de musikaleschen Héichpunkt vun dem Liberatiounswochenenn, wou jiddereen op seng Käschte koum. E Festival, wou déi amerikanesch-lëtzebuergesch Frëndschaft däitlech erauskléngt. A bei deem schéine Wieder, dat dëst Joer um Rendez-vous war, haten och ganz vill Leit vun heiheem a vun iwwer de Grenzen eraus de Wee heihi fonnt.

Um drëtten Dag, dem Sonndeg, 9. September 2018, dem 74. Anniversaire vun der Befreiung vu Péiteng duerch déi amerikanesch Zaldoten, sollt et méi offiziell erofgoen. Bei der Borne du Passeur an um Hyman Josefson-Square gouf esouwuel un d’Liberatioun ewéi och un d’Leed geduecht, dat den 2. Weltkrich mat sech bruecht hat. Bei dëser Geleeënheet war och den Daniel Patterini a Vertriedung vum amerikanesche Botschafter op Péiteng komm.  Ofschléissend hat den Ordre de la Chevalerie du 7e Centenaire an den Home St Hubert invitéiert, wou dräi Bierger fir hiren Asaz am Déngscht vun der Gemeng geéiert goufen.

Aller au contenu principal