4 Nationalfeierdag 2018 an der Gemeng Péiteng

02/07/2018
} 06:10
m Année 2018
117 views

23.06.2018:

Ganz traditionell huet de Lëtzebuerger Nationalfeierdag an der Péitenger Gemeng ugefaangen. Nom Cortège an dem Te Deum an der Parkierch zu Péiteng huet de Buergermeeschter Pierre Mellina eng Usprooch gehalen ier hien, zesumme mat de Membere vum Schäffen- a Gemengerot, 10 Persoune fir hiren Déngscht an der Gemeng geéiert huet.

Am Nomëtteg goung et du vun Animatioun zu Animatioun, et war fir all Altersgrupp eppes dobäi. Als musikaleschen Highlight stoungen – mat e bëssi Verspéidung – d’ReBeatles op der Bühn, déi ze begeeschtere woussten. De groussen Ofschloss, wäit no Mëtternuecht, war eng Son-et-Lumière-Show, déi d’Plaz an d’Gebaier ronderëm d’Stadhausplaz zu Péiteng an engem ganz anere Liicht gewisen huet.

Aller au contenu principal