4 Zumba® Open Air Masterclass zu Rodange - Editioun 2018

20/06/2018
} 02:56
m Année 2018
102 views

17.06.2018:

An d’Schweesse koumen eng sëllechen Zumba-Fans, déi sech fir den Open Air - dee wéinst dem onbestännege Wieder awer an d’Sportshal verluecht gouf - nees eng Kéier zu Rodange Rendez-vous ginn haten. Tëscht 15 an 18 Auer, mat kuerze Verschnaufpausen dertëscht, hate Grouss a Kleng, Jonk a manner Jonk, d’Hal an hirer Hand an hunn hiert Bescht ginn, de stramme Rhythmus, dee vun dem Podium ausgaangen ass, matzemaachen. Wat hinnen och alleguerten zimlech gutt gelongen ass. Och wann d’Been an d’Äerm midd waren, datt sech d’Matmaache gelount huet, dovunner waren se all iwwerzeegt a freeën sech elo schonns op déi nächste Kéier.

Aller au contenu principal