4 Wisi-Cup 2018

15/06/2018
} 03:32
m Année 2018
105 views

Den 9. an 10. Juni hat den Handball d’Sportshal an de Stade Jos. Philippart zu Rodange nees fest am Grëff.

Hei gouf déi 19. Editioun vum WISI-Cup gespillt, eng Editioun, déi nees eng Kéier e puer honnert jonk Spiller a Spillerinnen aus Lëtzebuerg awer och aus dem Ausland ugelackelt hat. Nieft der Juegd op d’Medaillen an d’Coupe stoungen awer och de Fairplay an d’Frëndschaft vun de Sportler ënnereneen am Mëttelpunkt vun dësem wuertwiertleche Fest.

Ofgebrach huet den Turnéier misse gi wéi et sonndes nomëttes geblëtzt a gedonnert an duerno mat Eemere geschott huet. Wat awer der Freed bei der virverluechter Medailleverdeelung guer näischt konnt unhunn. Elo heescht et nees waarden - op d’Editioun 2019!

Aller au contenu principal