4 Inauguration de la Maison de la Mémoire collective 'An der Uecht' à Lamadelaine

12/09/2017
} 04:22
m Année 2017
126 views

30.08.2017:

Zu Lamadelaine huet dat aalt Paschtoueschhaus eng ganz nei Nues kritt. Do wou et nach virun e puer Joer net onbedingt ganz schéin ausgesinn huet, ass an der Tëschenzäit vill geschitt. D'Gemeng huet iwwer 1 Millioun Euro an d'Renovatioun an d'Erweiderung vun dësem Gebai investéiert. Aarbechten, déi sech kucke loossen. Nieft der Komplettsanéierung bannena krut d'Haus och eng nei Annexe mat enger Holzfassad, déi deen alen Deel ergänzt.

An Zukunft kënnen d'Geschichtsfrënn aus der Péitenger Gemeng dës Gebai als hire Sëtz bezeechne well d'Raimlechkeeten am Kulturhaus zu Péiteng ze kleng goufe fir déi ganz "Mémoire collective" vun der Gemeng ënnerzebréngen. Elo heescht et, déi ganz Raimlechkeete mat Liewen ze erfëllen. Eng Aufgab, déi d'Geschichtsfrënn sécher gären op sech lueden an esou engem agreable Kader.

Aller au contenu principal