4 De Péitenger Niklosmaart 2016

12/12/2016
} 03:20
m Année 2016
185 views

02. - 04.12.2016:

Déi 2016er-Editioun vum Péitenger Niklosmaart, organiséiert vum Syndicat d’initiative vun der Gemeng Péiteng an Zesummenaarbecht mat der Gemeng, war och dëst Joer e groussen Erfolleg. Flott Dekoratiounsartikele fir Chrëschtdag, gutt Mäifelcher, e gudde Pättchen an eng exzellent Stëmmung hunn d’Leit aus der Gemeng an doriwwer eraus ugezunn. Héichpunkt war awer de Besuch vum Kleeschen a sengem Gesell, dem Houséker. Si hu vill Titercher mat gudde Saachen un d’Kanner verdeelt. Heiansdo gouf et awer och eng Rutt...meeschtens fir déi Erwuessen, déi, esou kéint ee mengen, net esou brav waren!

Aller au contenu principal