4 Journée de la Commémoration nationale à Pétange

14/10/2016
} 05:12
m Année 2016
179 views

Den 9. Oktober 2016 war den Nationale Commemoratiounsdag zu Péiteng. Deen Dag, wou un d’Affer aus dem Zweete Weltkrich geduecht gëtt uechter d’Land. Och zu Péiteng hat d’Gemeng d’Bierger alleguer invitéiert, hinnen op dësem Dag duerch hir Präsenz ze gedenken. Ugefouert duerch d’Pompjeeën an d’Musik goung de Cortège mat de Politiker, de Veräinsmemberen an enger ganzer Rei Bierger aus deenen 3 Uertschafte bis bei d’“Monument aux Morts” am Park, wou Blummen néiergeluecht goufen. Duerno war eng Mass an der Parkierch zu Péiteng.

 

 

No den offizielle Feierlechkeeten zum nationale Gedenkdag war nach eng kuerz Zeremonie beim Monument vum éischte gefalenen US Zaldot op Lëtzebuerger Buedem, fir dem André Flesch ze gedenken. Den André Flesch, e Rodanger Jong, deen dëst Joer am Alter vun 91 Joer verscheet ass, war en engagéierte Veräins- a Sportsmann an der Gemeng Péiteng a speziell um kooperative Fussball, wou hie Pionéieraarbecht geleescht huet. Ganz besonnesch war säin Asaz während dem 2. Weltkrich, wou den André Flesch als Refractaire, an der Resistenz an duerno mat der amerikanescher Arméi vill zur Befreiung vun eisem Land mat bei gedroen huet.

Aller au contenu principal