4 Inauguration du Moulin de Lamadelaine

18/05/2018
} 04:19
m Année 2018
171 views

27.04.2018:

Op der Rollenger Millen, der Grondmillen, ass nees Liewen agekéiert. Et war laang roueg hannen um Enn vun der rue du Vieux Moulin, mä mat der Renovéierung vum Gebai fänkt elo eng nei Etapp un. Esouwuel d’Gemeng Péiteng ewéi de Staat hu mat hire finanzielle Mëttelen dës Erneierung vum Gebai erméiglecht.

An Zukunft soll dann hei nees eng méi lass si wann d’Kanner vun der Naturschoul, awer och Visiteure vun auswäerts oder aus der Gemeng kënne virwëtze kommen. E Stéck Vergaangenheet ass souzesoen operstanen, e Stéck Patrimoine, dat derwäert war, erhalen ze ginn. Bei der offizieller Aweiung gouf et dofir och nëmme Luef fir d’Aarbechten, déi hei realiséiert goufen. Dat ka jo just e gutt Omen si fir déi nächst Joren.

Aller au contenu principal