4 Inauguration du Centre audio-visuel 'AUDEO' à Lamadelaine

02/10/2017
} 02:54
m Année 2017
201 views

19.09.2017:

An der fréierer neo-apostolescher Kierch zu Lamadelaine goufe viru kuerzem d’Ëmbauaarbechte fäerdeg. Besonnesch d’Fassad, déi vum Julia Buso entworf an an Zesummenaarbecht mam Kënschtler Raphael Gindt flott ugestrach gouf, ass e gudden Hiwäis op d’Aktivitéiten, déi hei wäerte stattfannen. D’Gemeng, déi d’Gebai kaf hat, huet hei e quasi professionellen Audio- a Videostudio ageriicht, wou Produktioune kënnen opgeholl a verschafft ginn. Dës Raimlechkeete sollen awer och de Schoulen aus der Gemeng, dem Jugendhaus souwéi de konventionéierte Veräiner aus der Gemeng hëllefen, hir Projeten op d’Been ze stellen, ewéi en Theaterstéck prouwen oder och nach musekalesch Opnamen an engem adequate Kader maachen. Dëser Deeg gouf den AUDEO – den offiziellen Numm vum Haus – ageweit. Op der Porte ouverte konnten d’Bierger sech e Bild maache vun de Méiglechkeeten, déi sech hei am Audio-a Videoberäich opdinn. Dee ganzen Investissement huet sech op ronn 1,1 Milliounen Euro chiffréiert.

Aller au contenu principal