Lëtzebuerger Stand-Up Comedy

Fir Kënschtler a Publikum.

D’Gemeng Péiteng organiséiert fir déi 5. Kéier eng “Stand-Up Comedy Show” op Lëtzebuergesch, wou Kënschtler d’Méiglechkeet kréien, hire Programm virzedroen, ze testen oder sech ze verbesseren.

Jiddereen, dee Loscht huet e lëschtegen Owend an enger heemeleger Ambiance ze verbréngen, ka gäre Plaz huelen an sech vun eise Kënschtler ënnerhale loossen.

Falls du Talent hues​, witzeg bass a L​oscht hues viru Publikum opzetrieden, da mell dech fir bei dësem Lëtzebuerger Stand-Up Comedy Event matzemaachen.​​

Dat Ganzt fënnt ënner Covid-Check statt.​

Ufank: 20.00 Auer

Den Entrée ass gratis

Plaze kënne reservéiert ginn per Mail op ​inscriptions@petange.lu

Weider Informatiounen: Tel.: +352 50 12 51 2082

Date

Jan 20 2022
Expiré!

Heure

20:00
Centre Wax, salle

Lieu

Centre Wax, salle "Um Späicher"
L-4710 Pétange, 2, rue d’Athus
Catégorie

Organisateur

Commune de Pétange
QR Code
Aller au contenu principal