Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées ou vendues
sans l’autorisation préalable de l’administration communale de Pétange​​

20.07.2026 – 31.07.2026

Vakanzaktioun Spillparadäis
Lamadelaine

© Commune de Pétange

Zwou Woche laang gouf de Site vum Lycée Mathias Adam zu engem richtege Spill- a Erliefnisparadäis.  
Vill Kanner hunn déi ofwiesslungsräich Animatiounen, d’Spektakelen an d’Summerambiance genoss an zesumme flott Momenter erlieft.

 

11.07.2026

Biergerrees an eis Partnergemeng Schiffweiler
Pétange

© Commune de Pétange / Jean-Paul Oms

Bei waarme Summertemperature goufen d’Péitenger Gäscht vum Buergermeeschter Cedric Jochum häerzlech empfaangen.

Um Programm stoungen d’Besichtegung vum historesche „Pumpenhaus”, eng Visite guidée duerch de Waassergaart vun der „Grube Reden” an e Besuch bei der Wäibridderschaft Sankt Vinzenz Heiligenwald. Den Dag huet d’Grupp gemittlech um „Bergmannsfest” ausklénge gelooss.

 

14.07.2026

American Music Abroad
Pétange

© Commune de Pétange

De Besuch aus Amerika huet beim Monument vum Hyman Josefson, dem éischten amerikaneschen Zaldot, deen 1944 zu Péiteng säi Liewe verluer huet, Blummen néiergeluecht.

Eng Formatioun vu méi wéi 100 amerikanesche Musiker huet duerno op der Gemengeplaz zu Péiteng e gratis Concert ginn. Mat engem ofwiesslungsräiche Programm an héijem musikaleschen Niveau hunn si de Public iwwer zwou Stonne begeeschtert.

 

4-5.07.2026

Food & Music Festival
Pétange

© Commune de Pétange/Lugdivine Unfer

Zwee Deeg laang huet de Park zu Péiteng am Zeeche vu kulinareschem Genoss a Live-Musek gestanen. Déi vill gastronomesch Offerten an de flotte musikalesche Programm hu vill Visiteuren aus der Gemeng an doriwwer eraus ugezunn a fir eng onvergiesslech Festivalambiance gesuergt.

 

4.07.2026

Stroossemaart
Pétange

© Commune de Pétange

D’Haaptstrooss zu Péiteng hat sech nees an e liewege Maart verwandelt. Vill Visiteuren haten de Wee op de Stroossemaart fonnt, fir gutt Affären ze maachen oder einfach déi flott Ambiance ze genéissen. Bei schéinstem Summerwieder waren och d’Terrassen a Restauratiounsstänn bis op déi lescht Plaz besat.

 

23.06.2026

Vive, Vive, Vive de Grand-Duc
Pétange / Lamadelaine

© Commune de Pétange/Laurent Blum /Claire Faber

Bei schéinstem Summerwieder, hunn um Muere vum Nationalfeierdag zu Lamadelaine, déi offiziell Feierlechkeete stattfonnt.
Nom Te Deum an der Rollenger Kierch ass et zeréck bei de Centre de Loisirs gaange wou no der Ried vum Buergermeeschter Verdéngschtuerden iwwerreecht goufen.

Duerno war op der Gemengeplaz zu Péiteng nees eng méi lass. Nieft gudde Mäifel an och gutt gekilltem Gedrénks haten immens vill Leit de Wee heihinner fonnt, wou si bis spéit an den Owend era konnte feieren.
A ween op Entertainment stoung, dee koum mat de Lëtzebuerger Kënschtler voll op seng Käschten.
Nieft den Danzopféierunge vun de „ZChicas“ waren et The Horseblinders, Faye and the Mockingbirds, Mental an den DJ Miles, déi fir Stëmmung gesuergt hunn.  Am Park Théophile Kirsch, hunn d’Péitenger Guiden & Scouten an d’Péitenger Jugendhaus iwwregens eng sëlleg Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher organiséiert. 

 

06.06.2026

Nuit du Sport 2026
Pétange

© Commune de Pétange/Laurent Blum

Déi 2026er Editioun vun der Nuit des sports war och dëst Joer e ganz gudde Cru an der Péitenger Gemeng. Sief et beim Boxen, Tauchen, Turnen, Fussball oder Handball et gouf fir jiddereen eppes ze probéieren. An d’Kanner haten hire Spass fir vun Atelier zu Atelier ze zéien an alles auszeprobéieren. 
Um Péitenger Weier kruten si esouguer gewisen, wéi ee fësche geet.
Et war e gelongene Samschdegnomëtteg, op deem och d’Elteren sech vun der Panoplie un Offere konnten iwwerzeegen, déi et an der Péitenger Gemeng op sportlechem Plang gëtt. A wee weess, vläicht huet jo deen oder anere vun de Kanner op dësem Dag „säi“ Sport fonnt…. Den Usporn, et ze probéieren, gouf ganz sécher hei ginn.

 

 

06.06.2026

Porte Ouverte Siach 2026
Pétange

© Commune de Pétange/Laurent Blum

Vill Visiteuren hunn d’Geleeënheet genotzt, fir d’Kläranlag vu Péiteng ze entdecken an zesumme mat eis 30 Joer SIACH ze feieren. D’Biller weisen déi schéi Momenter, interessant Entdeckungen an déi gutt Stëmmung, déi dësen Dag zu engem besonneschen Erliefnis gemaach hunn.

 

 

05.06.2026

🚂 Night Train – Une soirée inoubliable en images ✨
Fond de Gras

© Commune de Pétange/Paulo Lobo

Ambiance feutrée, musique live, dégustation de produits locaux et voyage à bord d’un authentique train à vapeur : le Night Train a offert une expérience unique jusqu’au Fond-de-Gras.
Entre wagons éclairés à la lueur tamisée, wagon-fumoir et convivialité, la magie a opéré.
📸 Revivez les meilleurs moments de la soirée à travers notre galerie photo !

 

 

02.06.2026

Cours des langues : Cérémonie de remises de diplômes 2026
Pétange

© Commune de Pétange/Paulo Lobo

311 diplômes ont été remis cette année dans le cadre des cours de langues de la Commune de Pétange. 

La cérémonie de remise des diplômes, organisée mardi, a marqué la fin d’une année de formation réussie à laquelle 562 personnes ont participé.

L’intérêt pour les cours de langues ne cesse de croître. Alors que 377 personnes étaient inscrites en 2023/2024, elles étaient déjà 562 cette année. Parallèlement, l’offre s’est élargie : Aux cours de luxembourgeois et de français se sont ajoutés l’anglais, l’espagnol et le portugais.

 

17.05.2026

GINdustry 2026
Fond-de-Gras

© Commune de Pétange/Laurent Blum

La Hall Paul Wurth s’est une nouvelle fois transformée en véritable paradis pour les amateurs de gin à l’occasion du GINdustry.

Dans le cadre industriel du Fond-de-Gras, de nombreux visiteurs ont profité du seul festival de gin du pays, entre bonne musique, ambiance conviviale et large sélection de gins.

 

16.05.2026

Fábrica del Ritmo 2026

Fond-de-Gras

© Commune de Pétange/Jérôme Neumann

Malgré une météo plus nordique que méditerranéenne, l’ambiance était chaleureuse et festive lors du « Fábrica del Ritmo ».
Musique, danse et spécialités espagnoles ont transformé le Minett Park Fond-de-Gras en véritable coin méditerranéen le temps d’une journée.

 

10.05.2026

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaasermatrousen

Péiteng

© Commune de Pétange/Tiffany Matos

 

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaasermatrousen hunn erëm Buedem ënnert de Féiss. De Kapitän a seng Crew sinn an Héichform, a kënne mat guddem Gewëssen op hire Bauch lauschteren. Lo gëtt gutt gejickt a geschneekt… hmm! Pechege Kachkéis, en Zappee, eng laaaaaaang Zoossiss a ganz vill Schockela.
Bekannte Vollekslidder & Songs vum Auguste Donnen, René Pütz, Georges Urwald, Jenny Hilger, Ralph Kilburg a Romy Grangenet treffen op Greatest Hits aus de leschten Joerzéngten vun de Beatles, Little Richard, Limahl, Harry Belafonte, Alphaville & dem King: Elvis Presley.
Di erfollegräich Iddi, flott Kannerlidder an en neie Mäntelchen ze stiechen, Rock- a Pop-Songs kannergerecht op Lëtzebuergesch ze bréngen, kritt en 3ten Deel. Fir jidderee vu 4 Joer un.
De Kapitän a seng Matrousen invitéieren all kleng a grouss Pirate fir mat hinnen ze sangen, ze danzen an ze schneeken.

 

10.05.2026

Cérémonie commémorative en l’honneur des évènements et des victimes du 10 MAI 1940

Péiteng

© Commune de Pétange/Tiffany Matos

 

En souvenir des événements tragiques du 10 mai 1940, la Commune de Pétange, le Comité du Souvenir de la commune de Pétange et l’Interesseveräin Lamadelaine ont rendu hommage, le 10 mai 2026, aux victimes et aux personnes tombées pour la liberté, lors d’une cérémonie commémorative à Pétange ainsi qu’au cimetière de Lamadelaine.
Un dépôt de fleurs a notamment eu lieu devant le Monument « Jacques Chauvin ».

 

9.05.2026

L’Europe en Choeur

Péiteng

© Commune de Pétange/Tiffany Matos

 

Le 9 mai, à l’occasion de la Fête de l’Europe, la Commune de Pétange avait célébré l’amitié entre les peuples en musique lors du concert « L’Europe en Chœur » au Centre musical et culturel Korus.
Les chorales de nos villes jumelées de Schio en Italie et Schiffweiler en Allemagne avaient uni leurs voix dans un magnifique moment de partage, de convivialité et d’esprit européen.

Les ensembles Coro Monte Pasubio – Città di Schio et Chorvereinigung Heiligenwald de Schiffweiler étaient en visite à Pétange pour cette belle célébration musicale.

 

11.05.2026

Charity Dinner am Fonds de Gras

Péiteng

© Commune de Pétange/Paulo Lobo

 

Den « Charity Dinner » huet, bei senger 4. Editioun, iwwer dräi Owender méi wéi 250 Gäscht an der Paul Wurth Hal begréisst. ✨
An enger gemittlecher a flotter Atmosphär konnten d’Participanten e besonneschen Owend mat Gastronomie, Musek a Solidaritéit genéissen, an dat alles fir de gudden Zweck.
E grousse Merci u jiddereen dee mat dobäi war an dës Editioun ënnerstëtzt huet.

 

6.05.2026

Brass Band du Conservatoire de Musique de la Ville d’Esch/Alzette

Péiteng

© Commune de Pétange/Paulo Lobo

Depuis plus de 50 ans, le Brass Band fait rayonner sa passion de la musique bien au-delà des frontières luxembourgeoises. Cette galerie retrace quelques moments forts d’un parcours riche en concerts, rencontres et projets d’exception.

 

 

2.05.2026

Aweiung vum Boulenterrain op der J.F. Kennedy Plaz

Péiteng

© Commune de Pétange

Eng méi jonk Infrastruktur ass den neie Boulenterrain op der Place J.F. Kennedy zu Péiteng, direkt nierft der Gemeng. Dësen ass den 2. Mee offiziell vum Gemengerot ageweit ginn. De Site bitt eng flott Geleeënheet, fir op waarme Summerowender geselleg Stonnen ze verbréngen. Et muss een nëmme seng eege Bulle matbrengen an da kann ee lassleeën. Mat zwou ugrenzenden Terrasse kann een et sech hei richteg guttgoe loossen.

 

 

24.04.2026

Aweiung vum Centre Musical et Culturel Korus : Concert vun de Pianos-Enseignantë 

Péiteng

© Commune de Pétange/Paulo Lobo

D’Pianos-Enseignantë vun der Péitenger Museksschoul stoungen dës Kéier selwer op der Bün an hu gewisen, datt d’Passioun fir d’Musek wäit iwwer den Enseignement erausgeet.

Och als Léierpersoun bleift een en engagéierte Museker, deen aus Léift zu sengem Instrument reegelméisseg optrëtt.
De 24. Abrëll war ganz am Zeeche vum Piano: d’Pianisten hunn a verschiddene kreative Formatioune gespillt an hiert Liblingsinstrument op eng besonnesch Aart a Weis an de Mëttelpunkt gestallt – zur Freed vun de Schüler, déi dëst Kéier am Public sëtze konnten.

 

 

18.04.2026

Aweiung vum Centre Musical et Culturel Korus : Concert KLEIN

Péiteng

© Commune de Pétange/Paulo Lobo

De Concert vum Projet KLEIN mam lëtzebuergesche Museker Jérôme Klein huet de Samschden, den 18. Abrëll 2026, am Kader vun der Aweiung vum neie Centre Musical et Culturel Korus stattfonnt. Bekannt fir seng aussergewéinlech Villsäitegkeet um Piano, Vibraphon als Batteur, huet de Jérôme Klein zesumme mat senger Formatioun e modernen Jazz presentéiert, deen d’Grenze vun de Genren iwwerschreit.

Mat sengem internationale Succès an enger ëmmer méi grousser Präsenz op de Büne weltwäit zielt KLEIN haut zu de spannendste Projeten an der zäitgenëssescher Jazzzeen.

 

 

17-18.04.2026

25 Joer Centre de Promesses Rodange

Rodange

© Commune de Pétange/Laurent Blum / FEGZ Péiteng

Zanter 25 Joer mobiliséiert den Télévie zu Rodange all Joer vill Leit fir ee gemeinsaamt Zil: d’Fuerschung géint de Kriibs z’ënnerstëtzen.
Och dëst Joer war d’Manifestatioun erëm e grousse Succès, mat engem ofwiesslungsräiche Programm fir Grouss a Kleng.
An der Mëttesstonn hunn Artisten aus dem LSC fir eng flott Ambiance gesuergt, zesumme mat lokale Veräiner wéi der Harmonie, de Z’Chiccas an der Avant Garde vu Rodange. Fir d’Kanner gouf et ënner anerem Facepainting.

E ganz besonnesche Moment war de Besuch vun der Grand-Duchesse Stéphanie am Nomëtten, déi zu Rodange begréisst gouf.
Schonn um Freidenowend gouf d’Evenement mat engem groussen Afterwork am Zelt op der Place Jos Moscardo agelaut, wou d’DJe Fanta P a Loro fir eng exzellent Stëmmung gesuergt hunn.
Am Ganze konnten am Centre de Promesse zu Rodange 112.426 € gesammelt ginn – e staarkt Zeeche vu Solidaritéit an Zesummenhalt.

 

 

18.04.2026

Aweiung vun enger Structure d’accueil fir Flüchtlingen zu Rodange op der Grenz

Rodange

© Commune de Pétange

Am Mee geet zu Rodange, op der Grenz, eng nei temporär Bleif fir Flüchtlingen um Site vum fréieren Douaneshaischen op. De moderne Modulbau, deen a manner wéi zwee Joer realiséiert gouf, bitt Plaz fir bis zu 29 Persounen, dorënner och Famillje mat Kanner. D’Struktur ëmfaasst verschidde Wunnunitéiten, Gemeinschaftskichen a sanitär Ariichtungen op all Stack.
De Projet gouf a Presenz vum Familljeminister Max Hahn an dem Péitenger Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf virgestallt a gëllt als Virbild fir zukünfteg, séier ëmsetzbar Infrastrukturen. Bei engem Dag vun den oppenen Dieren haten Interesséiert d’Méiglechkeet, sech selwer e Bild ze maachen – e wichtege Schrëtt fir Transparenz an Informatioun.
Am Prinzip sollen d’Bewunner hei fir ronn 16 Méint ënnerbruecht ginn, wärend hir offiziell Demarchë lafen. No Ofschloss vun dëse Prozedure besteet d’Méiglechkeet, nach bis zu engem Joer ze bleiwen. Zil ass et, eng wäertvoll temporär Ënnerbréngung ze garantéieren an d’Integratioun vun de Bewunner ze ënnerstëtzen.

 

 

16.04.2026

Mir hate Besuch vun enger Schoulklass aus dem LGE

Péiteng

© Commune de Pétange

E klengen Abléck an de Beruffsalldag op enger Gemengeverwaltung kruten de leschte Freideg Schüler vun enger Cinquièmesklass an zwou Enseignantë vum Escher LGE wéi si, opgedeelt an zwou Gruppen, op enger “visite guidée” a verschidde Servicer vun der Gemeng eraluusse konnten.
Um Enn gouf nach e Film am Sëtzungssall gewisen, an d’ Schüler duerfte Froen un de Buergermeeschter stellen.
Als Undenke gouf et och beim Abschid e klenge Kaddo.

 

 

15.04.2026

Aweiung 2026 – D’Enseignante vun der Péitenger Museksschoul op der Bün, 2. Deel

Péiteng

© Commune de Pétange / Paulo Lobo

Och wann een enseignéiert, bleift een nach ëmmer een aktive Museker deen, aus Léift zu sengem Instrument, reegelméisseg Concerte spillt.
Dës Kéier waren et d’Enseignanten déi op der Bün stoungen an hir Schüler, déi duerften nolauschteren.

 

 

10/11.04.2026

Des étudiants de Schio en visite
Pétange

Pétange

© Commune de Pétange

Comme depuis de longues années, des lycéens et lycéennes de la ville jumelée de Pétange, Schio, furent récompensés pour leur participation à Euromaster, un concours qui, par le biais d’un essai sur un thème sur l’Europe, a pour but d’encourager les jeunes à jeter un regard au-delà des frontières de leur pays natal.
Sur le programme du groupe figuraient non seulement la visite d’institutions européennes à Kirchberg, mais également le séjour au foyer de citoyens de la commune ainsi qu’une soirée «fun» au Centre QT et le dîner d’adieu à l’Hôtel-Restaurant Threeland.

 

 

08.04.2026

Jobday 2026

Pétange

© Commune de Pétange

D’Jugendkommissioun an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an dem Péitenger Jugendhaus huet ronn 50 Jugendlechen d’Chance ginn, hanner d’Kulisse vu verschiddene Betriber ze kucken, déi sech an der Gemeng néiergelooss hunn. Hei konnten si Froe stellen an och e klengen Abléck kréien, wat et mat deene verschiddene Beruffer op sech huet an ob eventuell eppes do fir si derbäi kéint sinn. 

Fir d’Mëttegiesse war och am Kulturhaus A Rousen och gutt gesuergt ginn. Ofschléissend gouf et fir jiddereen nach en Certificat fir d’Matmaachen an, fir deen, dee wollt, e Patt a Presenz vu Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot, vun der Jugendkommissioun an de Betriber, déi hir Dieren opgemaach haten.

 

 

04.04.2026

Pétange is Metal IV

Pétange

© Commune de Pétange / Laurent Blum

L’ambiance était à nouveau survoltée au Home à Pétange, où les amateurs de metal ont été pleinement comblés lors de la 4e édition de « Pétange is Metal ». Tout au long de la soirée, Warfield, Praetor, Abstract Rapture, Full Throttle Baby et Serpent Bite ont assuré une ambiance « metal » comme il se doit. Les fans étaient ravis et attendent déjà avec impatience les prochaines éditions…

 

 

30.03.2026

Vernissage der Ausstellung von Walter Bernstein

Pétange

© Commune de Pétange

Mir haten d’Freed, d’Ausstellung vum Walter Bernstein zesumme mat eise Frënn vu Gemeinde Schiffweiler a villen interesséierte Visiteuren opzemaachen.

Eng flott Atmosphär, inspiréierend Gespréicher an ausdrocksstaark Wierker hunn dëse Moment zu eppes Besonneschem gemaach. D’Ausstellung ënnersträicht och déi schéi Verbindung tëscht Schiffweiler a Péiteng – e Jumelage, déi vum kulturellen Austausch lieft.

29.03.2026

Oratorium « La Vie de Jesus Christ »

Pétange

© Commune de Pétange / Laurent Blum

En aussergewéinleche musikalesche Moment an der Péitenger Kierch: Den Oratorio „La Vie de Jésus Christ“ vum Théodore Decker huet de Public mat staarker Musek, impressionante Stëmmen an enger besonnesch andächteger Atmosphär begeeschtert. 

28.03.2026

Eis Fréijorsbotz ass eng Kuer fir d’Natur

Pétange, Lamadelaine, Rodange

© Commune de Pétange / Laurent Blum

Ënnert dem Motto „Eng Kuer fir d’Natur“ hunn och dëst Joer ronn 500 engagéiert Bierger un der Fréijoersbotz an der Péitenger Gemeng deelgeholl. Mat vill Asaz hunn si gewisen, datt hinnen d’Propretéit an de Schutz vun der Natur um Häerz leien.
Als kleng Belounung fir hir Beméiunge goufen d’Fräiwëlleger mat gudde Mäifel a grousse Luef vum Buergermeeschter an de Vertrieder aus dem Schäffen- a Gemengerot empfaangen.
De Kannergemengerot hat dëst Joer e Projet presentéiert.
E grousse Merci u jiddereen, dee mat ugepaakt huet – zesumme fir eng méi propper an nohalteg Gemeng! 

 

25.03.2026

Nei Gefierer fir d’Gemeng

Pétange

© Commune de Pétange

D’Gemeng Péiteng huet hire Fuerpark zum Deel erneiert an nei Gefierer am Wäert vu ronn 1,4 Milliounen Euro ugeschaaft. (2024 an 2025)
Dës Investitioun erlaabt et de Servicer, nach méi effizient am Déngscht vun de Biergerinnen a Bierger ze schaffen.
Och d’Nohaltegkeet steet am Fokus: 3 nei Elektrogefierer ersetzen al Dieselautoen – e weidere Schrëtt a Richtung méi ëmweltfrëndlech Mobilitéit.
Aktuell besteet de Fuerpark aus 62 % Diesel, 11 % Bensinn an 13 % Elektro.

 

 

24.03.2026

Scheckiwwerreechung fir de gudden Zweck

Pétange

© Commune de Pétange

Mir haten d’Éier, am Kader vun enger feierlecher Scheckiwwerreechung véier aussergewéinlech Organisatiounen aus Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen. 
Si setzen sech mat vill Engagement fir méi Gerechtegkeet an nohalteg Verännerungen am globale Süden an – eppes, wat mir als Gemeng ganz bewonneren an ënnerstëtzen.

E grousse Merci un:
• Dignity Asbl
• Niños de la Tierra Asbl
• Aide à l’enfance de l’Inde et du Népal
• Fondation Luxembourg – El Salvador

Zesumme kënne mir eppes beweegen – lokal wéi global.

 

 

21.03.2026

Congrès national de la FLGym à Pétange

Pétange

© Commune de Pétange / Laurent Blum

À Pétange, le congrès national de la FLGym a rassemblé de nombreux acteurs du secteur de la gymnastique. Des représentants de clubs, des entraîneurs et des responsables s’y sont réunis afin d’échanger et de discuter du développement de ce sport.

Au centre des discussions figuraient les thématiques actuelles, l’avenir de la gymnastique au Luxembourg ainsi que la collaboration entre les clubs et la fédération. Au-delà des présentations et des échanges, cet événement a surtout offert une belle opportunité de créer des contacts et de partager des idées.

La manifestation a mis en évidence l’engagement et le dynamisme du secteur de la gymnastique, tout en soulignant l’importance de tels rendez-vous pour poursuivre le développement de ce sport.

 

 

18.03.2026

Aweiung 2026 – D’Enseignante vun der Péitenger Museksschoul op der Bün, 1. Deel

Péiteng

© Commune de Pétange / Paulo Lobo

Och wann een enseignéiert, bleift een nach ëmmer een aktive Museker deen, aus Léift zu sengem Instrument, reegelméisseg Concerte spillt.
Dës Kéier waren et d’Enseignanten déi op der Bün stoungen an hir Schüler, déi duerften nolauschteren.

 

 

15.03.2026

De Péitenger Wand, dee bléist, dee bléist, dee bléist

Péiteng

© Commune de Pétange / Laurent Blum

Op Halleffaaschte war Péiteng nees am Ausnamezoustand – an zwar wéi! Déi 69. Editioun vun eiser Kavalkad huet d’Stroosse mat Faarwen, Musek a gudder Laun gefëllt. Iwwerall ware stralend Gesiichter ze gesinn, a Kamellen, Chipsen, Konfetti a Popcorn si duerch d’Loft geflunn. An natierlech gouf och deen een oder anere Patt mat engem Laachen entgéintgeholl. 

Mat 69 Gruppen a Ween, déi op engem 2,5 Kilometer laange Parcours fir eng onvergiesslech Atmosphär gesuergt hunn, konnt kee laanschtgoen, ouni sech vun der Fuesstëmmung ustiechen ze loossen. Och eis jumeléiert Stied waren dobäi a hunn dëst flott Fest mat gefeiert. 

 

 

14.03.2026

Aweiung 2026 – Jeff Herr Corporation an Korus

Péiteng

© Commune de Pétange / Paulo Lobo

De 14. Mäerz huet d’Jeff Herr Corporation de Public am Korus begeeschtert. Nieft dem Batteur a Bandleader Jeff Herr stoungen de Maxime Bender um Saxophon an de Pol Belardi op elektrescher Bass a Synthesizer op der Bün.
Mat hirem moderne Mix aus Jazz, Improvisatioun an elektronesche Kläng huet den Trio fir eng intensiv a faszinéierend Atmosphär gesuergt.

 

 

14.03.2026

Ennerschrëft vum Jumelage mat der Stad Tivat am Montenegro zu Péiteng

Péiteng

© Commune de Pétange

Zu Péiteng gouf offiziell de Jumelage tëscht der Gemeng Péiteng an der montenegrinescher Gemeng Tivat ënnerschriwwen. D’Buergermeeschteren hunn dëse wichtege Schrëtt fir eng zukünfteg Zesummenaarbecht besigelt, feierlech encadréiert vun der Péitenger Harmonie mat den zwou Nationalhymnen.
Eng Delegatioun aus Tivat war och bei der Péitenger Cavalcade dobäi – e schéint Zeeche vun enger neier Frëndschaft tëscht den zwou Gemengen.

 

 

8.03.2026

Aweiung 2026 – Luxembourg Jazz Orchestra mam Luca Sales

Péiteng

© Commune de Pétange / Paulo Lobo

De Concert mam Luxembourg Jazz Orchestra war e musikaleschen Highlight. Den dynameschen Ensemble, gegrënnt viru méi wéi 30 Joer an ënnert der Leedung vum Ernie Hammes, huet mat enger impressionanter Mëschung aus Virtuositéit, Improvisatioun a kreativen Jazzkläng d’Publikum begeeschtert. Mat engem Programm, deen traditionellen Jazz mat modernen Aflëss verbënnt, huet den Orchester eng onvergiesslech Atmosphär geschaf. Um Piano war de Luca Sales an um Saxophon de Joël Metz ze héieren – allebéid Enseignanten an der Péitenger Museksschoul.

 

 

8.03.2026

Beauty Day um Weltfraendag

Péiteng

© Commune de Pétange

Internationale Fraendag – um 8. Mäerz, e Samschdeg ganz am Zeeche vun der Fra! An der Maison de la culture “A Rousen” zu Péiteng gouf d’Kraaft, d’Schéinheet an d’Selbstvertraue vun de Frae gefeiert. Tëscht Wuelbefannen, Beauty an Empowerment konnten d’Visiteure ë. a. Coiffure- a Beauty-Berodungen, Manikür, Massagen, Make-up-Workshops an eng kleng Fotosessioun genéissen. E grousse Merci un all d’Participanten an un all déi Fraen, déi dësen Nomëtteg esou speziell gemaach hunn.

 

 

27.02.2026

Kapesëtzung vum KaGePe

Lamadelaine

© Commune de Pétange/ Laurent Blum

Taucht an d’Stëmmung vun eisen eenzegaartege Kapesëtzungen an! Hei fannt Dir e puer impressionnant Andréck vun engem Owend voller Humor, Dänz a Musek. 
Sketcher, déi d’Laachmuskelen ureegen, Dänzer, déi d’Bühn zum Biewe bréngen, Musek, déi jiddereen maträisst, a Momenter, déi een net vergësst – dat alles mécht d’Kapesëtzunge vum KaGePe zu engem onvergiesslechen Erliefnis! 

 

 

27.02.2026

Feierlech Aweiung vum Centre musical et culturel Korus mat akademescher Sëtzung

Péiteng

© Commune de Pétange/ Laurent Blum

No laanger Bauzäit war et endlech esou wäit: D’Péitenger Museksschoul an de Centre musical et culturel Korus goufe feierlech ageweit. Bei enger akademescher Sëtzung hu Schüler aus der Museksschoul – aus de Klasse vum Jerry Dahm, Gesine Kolb a Bardo Michaelis – fir de musikaleschen Encadrement gesuergt.

Als besonneschen Highlight vum Owend huet den Orchestre de Chambre du Luxembourg ënnert der Direktioun vum Fabrizio Ventura e Concert ginn, mat ënnert anerem der Holberg Suite vum Edvard Grieg. Um Piano konnt d’Publikum sech och op de fréiere “Rodanger Jong” Francesco Tristano freeën, dee Wierker vum Johann Sebastian Bach a seng eege Kompositioune presentéiert huet. 🎶

 

28.02.2026

Aquakino an der PIKO zu Rodange

Rodange

© Commune de Pétange

Den 28. Februar 2026 huet sech d’PIKO an eng eenzegaarteg Kino-Welt verwandelt – Filmer kucken am Waasser!
Den Ustuerm war riseg an d’Stëmmung top!
DJ, Niwwelmaschinn a beschte Vibes de ganzen Nomëtteg an Owend.
Mat 50 Inselen am Baseng konnt ee gemittlech chillen a genéissen.
E grousse Merci un de Cercle Nautique vu Péiteng fir d’Sécherheet ënner Waasser!
Merci un all déi dobäi waren – mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun!

 

 

22/23.02.2026

Buergbrennen 2026

Péiteng, Lamadelaine, Rodange

© Commune de Pétange /ANR Samantha Rabiller, CISP Louis Spautz, LGS Péiteng

Zu Péiteng, Rolleng a Rodange gouf och dëst Joer nees d’traditionellt Buergbrennen gefeiert – eng Traditioun, mat där de Wanter symbolesch fortgejot gëtt.
Och wann d’Wieder sech net ëmmer drun hält, ass et op alle Fall e festlechen Ufank fir d’Fréijoer!
Zu Péiteng hunn d’Guiden a Scouten d’Organisatioun an d’Opbau vum Feier iwwerholl, während zu Rolleng d’Pompjeeën an zu Rodange d’Amicale Nidderréideng déi mat vill Asaz d’Buergen opgeriicht hunn.
Egal op mat enger Fackel an der Hand oder als Zuschauer am Hannergrond, d’Participanten hunn d’Evenement genoss an zesummen ee flotte Moment verbruecht.
D’Buergbrennen beweist all Joer erëm, wéi wichteg Traditiounen an Zesummenhalt an eiser Gemeng sinn. Mir freeën eis schonn op d’nächst Joer!

 

 

13.02.2026

Gemengestiermung 2026

Péiteng

© Commune de Pétange/ Claude Piscitelli

 Jo, den 13. Februar war et nees esou wäit: D’Gecke kruten – ganz offiziell – de Schlëssel vun der Péitenger Gemeng aus den Hänn vum Buergermeeschter iwwerreecht. Eng Traditioun, op déi sech all Joer vill Leit freeën, an dëst Joer war d’Freed natierlech nees immens grouss. 

Wann et de Fuesfrënn nogeet, da ginn et an de kommende Wochen e puer Reglementer, déi net onbedéngt ze eescht solle geholl ginn… Mat der KaGePe Strëpp sinn si all zesummen op d’Gemeng gezunn, wou vill Laachen, gutt Stëmmung a richteg Fuesambiance op der Dagesuerdnung stoungen.

D’Prënzekoppel Andy I a Lis I – a Begleedung vun der Kannerprënzekoppel – waren natierlech houfreg wéi ni, wéi si hir nei „Reegelen“ virgestallt hunn. Vun elo un an dat bis zum Enn vun der Fueszäit – also bis den Dag no der Kavalkad – hunn d’Gecken d’Soen zu Péiteng.

Eng Iwwerreechung voller Spaass, Faarf a gudder Laun – genee esou, wéi d’Fuesent soll sinn!

 

 

13.02.2026

Visite vun der brittescher Ambassadrice zu Péiteng

Péiteng

© Commune de Pétange

Mir haten d’Éier, déi brittesch Ambassadrice Joanne Olivier zu Péiteng begréissen ze dierfen. 🇬🇧
Si gouf vum Buergermeeschter offiziell empfaangen an huet sech am gëllene Buch vun der Gemeng agedroen. Am Uschloss krut si eise flotten touristesche Film am Sëtzungssall gewisen, fir e besseren Abléck an d’Liewen an d’Dynamik vu Péiteng ze kréien.

Duerno stoung e klenge Tour duerch d’Gemeng um Programm, mat Visite beim KORUS, beim Audeo, bei Radio PoA, am Centre QT, an der PiKo Schwämm souwéi beim Wax.
Et goufen interessant Gespréicher gefouert. Eng schéi Geleeënheet fir den Austausch ze stäerken

 

 

1.02.2026

Faarweg Kostümer a vill Laachen um MEGA KANNERBAL vum KaGePe 2026

Lamadelaine

© Commune de Pétange

Sonndes, den 1. Februar, huet de MEGA KANNERBAL vum KaGePe zu Lamadelaine am Centre de Loisirs stattfonnt, wou bei beschter Stëmmung d’Kannerprënzekoppel – Prënz Nicolas I a Prinzessin Chiara I – gewielt ginn ass.
D’Atmosphär war einfach super, an d’Kanner haten immens vill Spaass bei de ville Spiller, déi zesumme gespillt goufen.

 

 

30.01.2026

Assises culturelles et sportives

Péiteng

© Commune de Pétange

An der Maison de la Culture « A Rousen » waren d’Péitenger Veräiner invitéiert, fir iwwer Neierungen an iwwert de Manifestatiounskalenner vun der Gemeng informéiert ze ginn.
Och iwwert de Pakte du Vivre Ensemble konnt een sech informéieren.

 

 

24.01.2026

De Fraesport am Mëttelpunkt

Péiteng

© Commune de Pétange

Am Kader vun der „Journée internationale du sport féminin“ hat d’Gemeng am Sportzenter Bim Diederich Kampfsportveräiner aus der Gemeng Péiteng an doriwwer eraus begréisst, déi sech gezielt dofir engagéieren, datt Fraen sech besser verdeedege léieren. Och d’Police war mat hirem „Self-Defense Club“ mat enger Ekipp op der Plaz vertrueden. Eng flott Aktioun, fir Stäerkt, Selbstvertrauen an Gläichberechtegung duerch de Sport ze fërderen.

 

 

1.01.2026

Cyclocross 2026

Pétange

© Commune de Pétange / UCP

Zu Péiteng ass et um Neijorsdag sportlech hiergaang. Beim Cyclocross hunn d’Coureuren a Coureusë staark Leeschtunge gewisen. Bei den Hommes Juniors huet de Lëtzebuerger Ben Koenig eng gutt 4. Plaz erreecht. An der Kategorie Femmes Elite huet d’Liv Wenzel de 1. Plaz erfueren, virun der Nina Berton op der 2. Plaz – domat waren zwou Lëtzebuergerinnen um Podium vertrueden. Bei den Hommes Elite huet de belsche Coureur Gerben Kuypers gewonnen; de Lëtzebuerger Mil Morang ass op enger staarker 9. Plaz ukomm.

 

 

13.01.2026

Neijoerswënsch an der Seniorie St Joseph an an der Résidence Ronnwiss zu Rodange

Pétange /Rodange

© Commune de Pétange

An der Seniorie St. Joseph zu Péiteng an duerno am Foyer Ronnwiss zu Rodange haten sech Memberen aus dem Schäffenrot vu Péiteng afonnt fir de Pensionären hir Neijoerschwënsch z’iwwerbréngen. Eng gutt Geleeënheet fir e puer Wuert mateneen ze schwätzen an ze gecksen.

Mat eidelen Hänn kommen d’Politiker awer ni heihinner, an esou kruten d’Leit och dëst Joer alleguer e flotte Kaddo fir 2026 gutt unzefänken.

 

 

 

18.01.2026

Télévie Zumbathon 2026

Rodange

© Commune de Pétange / Laurent Blum

Le 18 Janvier s’est tenu un évènement caritatif au profit du Télévie Rodange au Hall Sportif de Rodange, organisé par les Zchicas Luxembourg en collaboration avec la Commune de Pétange.
À cette occasion, nous avons eu l’honneur d’accueillir Kalidou Diallo, présentateur de Zumba venu de Paris, dont l’énergie et l’engagement ont largement contribué au succès de la manifestation.
Des instructeurs de Zumba locaux ont également rejoint l’évènement et se sont mobilisés avec enthousiasme pour soutenir cette noble cause. Leur participation a permis de créer une ambiance conviviale et solidaire, rassemblant de nombreux participants autour des valeurs de partage et de générosité portées par le Télévie.
Cet évènement a été un beau moment de solidarité et d’engagement collectif au service de la lutte contre le cancer.

 

 

Aller au contenu principal