Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées ou vendues
sans l’autorisation préalable de l’administration communale de Pétange​​

5.5.2024

Gin-Festival in der Paul-Wurth-Halle, 2. Edition

Fond-de-Gras

© Commune de Pétange /Laurent Blum

Mit Volldampf zum Gin Festival nach Fond-de-Gras, eine solche Anfahrt zum Veranstaltungsort ist nicht alltäglich.

Die Besucher waren auf jeden Fall angetan und durften sich nicht nur auf die Verkostung unterschiedlicher Gin-Sorten zahlreicher in- und ausländischer Anbieter freuen. Und in der Paul-Wurth-Halle verging die Zeit im Flug, sei es im Gespräch mit Gleichgesinnten oder beim Genießen der Leckereien, jeder kam an diesem Abend auf seine Kosten.
Foodtrucks und Live Musik sorgten in der und um die Paul Wurth-Halle ebenfalls für beste Stimmung und auch das Wetter spielte mit.

 

1.5.2024

1.Mee Feier zu Rodange a Rolleng

Rodange/Lamadelaine

© Commune de Pétange /CISP

Och dëst Joer haten d’Harmonie Municipale Rodange a Lamadelaine zesumme mat der Amicale vun de Péitenger Pompjeeën an dem FC 91 Rodange d’Veräiner aus der Gemeng Péiteng invitéiert, fir mat hinnen zesummen den 1.Mee ze feieren.

Treffpunkt war um 9 Auer mueres um Fussballsterrain „Am Doihl » zu Rodange, wou eng gutt Taass Kaffi mat Croissanten ugebuede goufen. Um Enn haten eng 250 Leit sech afonnt fir am Cortège vum Fussballsterrain aus duerch Nidderréideng bis an de Centre de Loisirs zu Lamadelaine ze goen, wou den Hobbi 81 säi Meefest gefeiert huet.

D’Fréijoer ass schéngs do. Awer opgepasst, déi „kalte Sophie“ kënnt eréischt, an déi ass jo bekanntlech fir esou munch Iwwerraschung gutt!

 

29.4.2024

De Kannergemengerot huet säi Buergermeeschter gewielt

Gemeng Péiteng

© Commune de Pétange

En éischt Treffe gouf et  tëscht dem nei gewielte Kannergemengerot an dem Péitenger Schäfferot.

An dëser éischter Sëtzung krut jiddereen d’Geleeënheet, sech virzestellen a seng Iddien ze presentéieren.

Duerno hunn d’Kanner hire Kannerbuergemeeschter a säin Stellvertrieder gewielt, déi uschléissend vum Buergermeeschter d’Schärp ugedoe kruten.
Dobäi kruten si vum Gemengesekretär erkläert, wéi Decisiounen zesumme kënne geholl ginn a wéi Wale funktionéieren.
Dëse Kannergemengerot ass elo a Kraaft bis d’Summervakanz 2025, wou dann nees Neiwalen am Hierscht ustinn.

 

27.4.2024

Mat der Draisine op Tour

Gemeng Péiteng

© Commune de Pétange

Mat vill Elan goung et nees eng Kéier op d’Streck op dem Draisinendag am Fond-de-Gras. Hei housch et virun allem vill strampele fir bis an de Fussbësch ze kommen, wou et zu Fouss bis op d’Grondmille goung, wou de Participanten eng Féierung ugebuede gouf.

An no enger klenger Stäerkung war et nees Zäit fir de Retour unzegoen, deen dann och ouni vill Problemer gemeeschtert gouf. En Ausfluch matten am Gringen, deen nawell vill Spaass gemaach huet!

 

25.4.2024

Et kënnt op déi richteg Mooss un!

Gemeng Péiteng

© Commune de Pétange

Ween huet net doheem e puer Fläsche stoe fir emol e Cocktail ze mixen, traut sech awer net esou richteg un d’Mixturen erun? Do koum de Workshop „Liquid Kitchen – Tropical&Tiki Drinks“ grad gutt, well hei kruten d’Participante gewisen, wat fir Gedrénks wou higehéiert fir e sëffegen Drink ze schafen.

Et war e ganz interessante Cours, wou vill gemëscht awer och esou munches geschmaacht gouf. Also alles, wat e gudde Barman oder eng gutt Barwoman in petto sollt hunn. Elo heescht et probéieren an entdecken!

 

23.4.2024

Diplomiwwerreechung vun de Sproochecoursen

Gemeng Péiteng

© Commune de Pétange / Joël Schadeck

Am Fräizäitzenter zu Rolleng stoung nees eng Kéier d’Diplomiwwerreechung vun de Sproochecoursen, déi d’Gemeng Péiteng an och de Syndicat d’initiative vu Rodange ubidden, op der Dagesuerdnung. Lëtzebuergesch, Franséisch an Italienesch ginn hei fir déi Erwuessen ugebueden. Eng Offer, déi zënter Joren e groussen Erfolleg kennt.

A Presenz vu Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot kruten eng ganz Rëtsch Leit hiren Diplom iwwerreecht fir deen si zënter 7 Méint geschafft hunn. No dem offiziellen Deel stoung huet d’Gemeng dann och den traditionelle Patt mat engem Maufel vum Grill offréiert.

 

20.4.2024

Télévie Rodange: Zesumme si mir staark!

Gemeng Péiteng

© Commune de Pétange / Laurent Blum

Zu Rodange bei der Eil war de Weekend vum 20. Abrëll eng méi lass. Ewéi zënter laange Joren huet den Télévie och dëst Joer nees Spende gesammelt fir d’Kriibsforschung. Nach ëmmer stierwe vill ze vill Leit un dëser dach onbaarmhäerzeger Krankheet. An dach gëtt et Hoffnung, well de Fortschrëtt aus deene leschte Jorzingten huet gewisen, datt eng Kriibserkrankung ka geheelt ginn.

Och wann et nach dauert, d’Liicht um Enn vum Tunnel gëtt ëmmer méi hell. An datt een zu Rodange un den Erfolleg gleeft, dat huet d’Rekordzomm gewisen, déi zesummekoum: 124.424€! Ouni déi vill fräiwëlleg Hänn, déi iwwerall hëllefen, ouni d’Veräiner, déi matmaachen, an ouni déi ganz vill Donateure wier dat net méiglech.

Jidderengem dofir e ganz grousse Merci!

 

19.4.2024

Mir hate Besuch vun enger Schoulklass aus dem LGE

Gemeng Péiteng

© Commune de Pétange

E klengen Abléck an de Beruffsalldag op enger Gemengeverwaltung kruten de leschte Freideg Schüler vun enger Cinquièmesklass an zwou Enseignantë vum Escher LGE wéi si, opgedeelt an zwou Gruppen, op enger « visite guidée » a verschidde Servicer vun der Gemeng eraluusse konnten.
Um Enn gouf nach e Film am Sëtzungssall gewisen, an d’ Schüler duerfte Froen un de Buergermeeschter stellen.
Als Undenke gouf et och beim Abschid e klenge Kaddo.

 

13.4.2024

Pétange is Metal 2024

Gemeng Péiteng

© Commune de Pétange / Dividante

Et war nees eng super Stëmmung am Home St. Hubert zu Péiteng, wou d’Metal-Fans zesummen hir Bands aus Lëtzebuerg ugefeiert a gefeiert hunn.

Um Programm vum Owend waren ugesot:

7LasT
Blame The Others
Razor Butchers
Parity
Fusion Bomb
Drogher

Si all hu gewisen, datt d’Metal-Szen hei am Land sech gutt steet an d’Musiker sech net brauchen ze verstoppe virun der auslännescher Konkurrenz. E genialen Owend, deen ze séier op en Enn goung.

Elo sinn d’A schonn op 2025 geriicht…. a firwat net op eng weider Editioun – zu Péiteng!

 

10.4.2024

Job Day 2024

Gemeng Péiteng

© Commune de Pétange / Jugendkommissioun

Fir den Job Day 2024, deen d’Jugendkommissioun an Zesummenaarbecht mat der Gemeng organiséiert hat, waren och dëst Joer nees eng ganz Rei Schüler a Schülerinnen derbäi, déi emol an d’Aarbechtswelt wollten erablécken. Si kruten d’Méiglechkeet, verschidden Enterprise kucken ze goen an sech z’informéieren. No der Aarbecht gouf et e gutt Mëttegiessen an – wat net ganz onwichteg ass – en Zertifikat, datt si un dësem Dag deelgeholl hunn. Den offizielle Patt huet d’Gemeng offréiert.

24.3.2024

Télévie Zumbathon Rodange

Gemeng Péiteng

© Commune de Pétange / Laurent Blum

Einige hundert Tänzerinnen und Tänzer bewegten sich in Hochstimmung bei der Zumba Masterclass in der Sporthalle in Rodange. Zwei Stunden lang hieß es wieder schwitzen und durchhalten. So mancher war für kleine Pausen dankbar, doch alle wollten bis zum Schluss dabei sein.

Ein großer Erfolg, so wie man es bereits seit einigen Jahren bei Zumba-Ereignissen kennt.
Dieser Zumbathon stand unter dem Zeichen des Télévie und ist der Auftakt des Télévie Rodange.

23.3.2024

Eis Fréijorsbotz ass eng Kuer fir d’Natur

Péiteng

© Commune de Pétange

Eng Kuer fir d’Natur….ënner dësem Motto stoung dëst Joer d’Fréijoersbotz an der Péitenger Gemeng.
Ronn 500 Bierger hunn hei bewisen, datt hinnen immens vill un der Propretéit vun der Gemeng läit an datt si och gewëllt sinn, hiren Deel dozou bäizedroe fir d’Natur hei bei eis am Eck ze schützen.
Fir hir Botzaktioun goufen si mat gudde Mäifel an engem grousse Luef vum Buergermeeschter, dee vu Vertrieder aus dem Schäffen- a Gemengerot begleet gouf, belount.
E Concours zum Thema „Konscht mat Offall“ an de Maison Relaise war vum Kannergemengerot lancéiert ginn. Déi jonk Vertrieder hunn dann och déi bescht Iddie fir hir Aarbecht belount.

20.3.2024

Un cours de fabrication d’éclairs au vieux moulin

Lamadelaine

© Commune de Pétange

Un cours de pâtisserie, voilà l’occasion rêvée pour les gourmands qui adorent les sucreries.

Et la soirée au moulin de Lamadelaine, organisée par la commune de Pétange, était un grand succès auprès des 8 participants qui ont appris à faire des éclairs et ont aussi eu droit à quelques conseils et trucs qui ne se trouvent pas das les livres de cuisine.

Le résultat: on aurait bien voulu être sur place en tant que goûteur….

10.3.2024

De Péitenger Wand, dee bléist, dee bléist, dee bléist!!

Péiteng

© Commune de Pétange

Op Halleffaaschten, war erem eis Kavalkad an dëst Joer war et schonn di 67. D’Stroossen waren nees eng Kéier schwaarz vu Leit, déi et net konnten erwaarden, déi 56 Gruppen a Ween ze bewonneren, déi fir Stëmmung gesuergt hunn op engem Parcours vunn 2,5 Kilometer. Kamellen, Chipsen, Konfetti a Popkorn sinn an den Tute vun de Kanner an deenen Erwuessene gelant, an och deen een oder anere Patt gouf gären ausgedeelt an och ugeholl.
Jo, op der Kavalkad zu Péiteng huet et och dëst Joer nees geheescht De Péitenger Wand, dee bléist, dee bléist, dee bléist! Ma no der Fuesent ass bekanntlech virun der Fuesent, an d’A si schonn erëm op déi nächst 5. Saison geriicht. Mir freeën eis drop.

09.03.2024

KaGePe-Kannerbal 2024

Pétange

© Commune de Pétange

Um Virowend oder besser gesot Virmëtteg vun der Kavalkad hat de KaGePe op hire Kannerfuesbal am groussen Zelt invitéiert.

Hei war Bud voll an d’Kanner hunn sech super ameséiert bei de Spiller an Danz vun den ZumbaChicas an der Musek vum Decken an Dënnen.

17/18.02.2024

Best of Buergbrennen 2024

Pétange / Lamadelaine / Rodange

© Commune de Pétange / CISP

Zu Péiteng, Rolleng a Rodange stoung nees dat traditionellt Buergbrennen un, eng Traditioun, mat där u sech de Wanter op en Enn soll goen.

Dat klappt zwar net ëmmer, awer et ass e gudden Ufank. Iwwerdeems zu Péiteng d’Guiden a Scouten sech ëm d’Organisatioun gekëmmert hunn, waren et d’Pompjeeën zu Rolleng an d’Amicale Nidderréideng zu Rodange, déi sech vill Méi ginn hate fir d’Buerg am Virfeld opzeriichten.

Sief et mat oder ouni Fakelzuch bis bei d’Buerg, d’Leit waren, esou wéi all Joer, um Rendez-vous an hunn sech nees eng Kéier gutt ameséiert.  

14.02.2024

Ënnerstëtzung fir Drëtt-Welt-Projeten

Péiteng

© Commune de Pétange

Et ass scho bal zu enger Traditioun um Ufank vun all Joer ginn, datt d’Gemeng Péiteng Projeten an der Drëtter Welt ënner d’Äerm gräift. Och dëst Joer konnten nees 4 Organisatiounen e Scheck vu je 7.500€ entgéinthuele fir hiren Objektiver e bësse méi no ze kommen. D’Vertrieder vun der ONG „Pharmaciens sans Frontières Luxembourg Asbl“, vun „SOS Villages d’Enfants Monde Luxembourg“, vun der „PADEM Asbl“ esouwéi vun der „Action Solidarité Tiers Monde (ASTM)“ hunn de Scheck aus den Hänn vu Memberen aus dem Péitenger Schäffen- a Gemengerot entgéintgeholl an dobäi e puer Detailer zu den eenzelne Projete ginn, déi si an enger ganzer Rei Länner betreien.

 

 

 

 

 

09.02.2024

Stiermung vun der Gemeng 2024

Pétange

© Commune de Pétange / Claude Piscitelli

Jo, den 9. Februar war et nees esou wäit: d’Gecke krute ganz offiziell de Schlëssel vun der Péitenger Gemeng aus den Hänn vum Buergermeeschter iwwerreecht. D’Freed war natierlech grouss, a wann et de Fuesfrënn nogeet, da ginn et e puer Reglementer, déi net grad esou eescht solle geholl ginn….
Mat der KaGePe Strëpp koumen si all op d’Gemeng, wou natierlech vill Spaass op der Dagesuerdnung stoung. D’Prënzekoppel Mireille II a Claude IV, a Begleedung vun der Kannerprënzekoppel Prënz Tiago I, Prinzessin Tamina I waren natierlech net méi ewéi houfreg fir déi nei Regele virzestellen, déi si elo bis um Enn vun der Fueszäit – also den Dag no der Kavalkad – wëllen uwenden.

 

 

1.02.2024

Péitenger Ëmweltdiplom fir Kanner – Remise des diplômes

Pétange

© Commune de Pétange

Les principaux objectifs de cette initiative sont d’habituer les enfants à adopter une attitude respectueuse envers la nature et leur environnement, d’élargir leurs connaissances dans des domaines tels que la nature, l’eau et les déchets et de sensibiliser les jeunes aux problèmes environnementaux.
Un programme attrayant a ainsi été proposé aux élèves des cycles d’études 3.2, 4.1 et 4.2 de l’enseignement fondamental de la commune de Pétange.
Les enfants ayant participé à au moins cinq des dix activités proposées entre mars et octobre 2023 ont reçu un cadeau de la commune de Pétange lors d’une petite cérémonie.

 

 

10.01.2024

Signature des tableaux de tri

Pétange

© Commune de Pétange

Aujourd’hui, les collèges des bourgmestre et échevins des communes de Pétange et de Käerjeng ainsi que les Archives nationales de Luxembourg se sont réunis pour officialiser la signature des tableaux de tri de ces deux communes.
Les communes de Pétange et de Käerjeng, ensemble avec les représentants des Archives nationales de Luxembourg avaient collaboré durant l’année 2020 sur un projet pilote ayant pour objectif la confection d’un tableau de tri générique pouvant être applicable à toutes les communes luxembourgeoises.
Ce tableau de tri a été élaboré en étroite collaboration avec les différents services des deux administrations communales et poursuit les objectifs suivants :
– se mettre en conformité avec la loi du 17 août 2018 relative à l’archivage ;
– assurer la sélection et la conservation des archives définitives/historiques devant être conservées sans limitation dans le temps ;
– simplifier, harmoniser et rationaliser la gestion des documents et des données dans les espaces de stockages physiques et/ou numériques.

 

 

1.01.2024

Cyclocross 2024

Pétange

© Commune de Pétange / UCP

Zu Péiteng huet – an dat ass schonn eng laangjähreg Traditioun – de 67. Internationalen Cyclo-Cross zu Péiteng stattfonnt. Um Hierschtbierg goung et duerch d’Bëscher, wou de Buedem dann och nawell zimmlech rutscheg war. Deementspriechend hunn d’Coureuren an d’Vëloen ausgesinn.
Vun 1 Auer nomëttes u sinn noeneen d’Juniore vun de Männer, duerno d’Dammen an zum Schluss d’Hären op de Parcours geschéckt ginn. An d’Resultater op Lëtzebuerger Säit hunn sech kucke gelooss.
Bei de Junioren ass de Lëtzebuerger Rick Meylender no 36.33 Minutten iwwer d’Arrivée gefuer.
Bei den Dammen huet sech d’Christine Majerus virum Xaydee Van Sinaey aus der Belsch an dem Larissa Hartog aus Holland duerchgesat.
De Joshua Dubau aus Frankräich stoung du bei de Männer ganz uewen um Podium, dëst virum Lander Loocks aus der Belsch an dem Marcel Meisen aus Däitschland.

 

 

Aller au contenu principal