4 Lëtzebuerger Stand-Up Comedy 'Open Bühn'

03/03/2020
} 01:17
m Année 2020
153 views

31.01.2020:

Eng absolut Neiegkeet fir Lëtzebuerg huet am Centre Wax “Um Späicher” zu Péiteng stattfonnt. Et war déi 1. Editioun vun enger “Open Bühn” fir Stand-Up Comedy op lëtzebuergesch. Eng 9 Kënschtler hu sech Rendez-Vous gi fir virun engem gespaante Publikum hiert Talent zum Beschten ze ginn. An dëst war net ëmsoss. De Sall , dee bis op déi lescht Plaz besat war, huet vibréiert vu Laachen. Esouwuel d’ Kënschtler, ewéi och d’ Spectateure ware begeeschtert vun deem Event a freeë sech schonn op déi nächst Editioun vun der “Lëtzebuerger Stand-Up Comedy”.

Mat dobäi waren dës Kéier: de Shayan, den Daniel Moutinho, den Denis Koslowski, de Peter Luebken, de Prince Motiani, de Vincent Retter d’Larissa Magnus, de Shlomo Leia an de Joss den Hellen.

Aller au contenu principal