4 Nationale Vëlosdag zu Péiteng

13/02/2015
} 02:01
m Année 2014
164 views

09.06.2014:

D'Editioun 2014 vun der "Journée Nationale de la Bicyclette" zu Péiteng war fir Grouss a Kleng déi Geleeënheet fir sech an engem flotte Kader ze treffen a seng Begeeschterung fir de Vëlo auszeliewen.

Nieft de Randonnéeë vu bis zu 105 km stounge virun allem déi Kleng um Yuppi's Trophy am Mëttelpunkt. De fréieren Trial-Weltmeeschter Thierry Klinkenberg huet dozou mat spektakuläre Stunts fir gutt Ënnerhalung gesuergt.

Egal op ee Participant war oder just vum gudde Wieder a vum konviviale Volleksfest op der Maartplaz profitéiere wollt, jiddereen huet sech ameséiert. De Kim Kirchen stoung mat gudde Rotschléi zur Verfügung an esou dierf ee sech schonn op déi nächst sportlech Aktivitéit an der Gemeng Péiteng feeën, déi Dank den top organiséierte Veräiner fir vill Freed a Bewegung an der Südgemeng suergen.

Aller au contenu principal