4 Fête de Noël pour crédirentiers et pensionnés de la commune de Pétange - édition 2019

24/01/2020
} 03:36
m Année 2019
53 views

17. & 18.12.2019:

Wéi dat an der Péitenger Gemeng schonn Traditioun ass, hunn d’Rentner sech och dëst Joer nees am Sportzentrum zu Péiteng afonnt, wou si e puer Stonnen a gudder Gesellschaft verbruecht hunn. Och de Programm huet nees eng Kéier gutt gefall, well nieft Akrobaten an engem Operesänger stoung en Duo op der Bün, déi hir Muppe matbruecht haten a fir vill Gelaachs am Sall gesuergt hunn.

Den Ofschloss vum “Entertainment”-Deel hunn nees eng Kéier d’Dudelsakspiller gemaach, déi, wéi ëmmer, begeeschtert hunn. Jiddwer Rentner huet e schéine Kaddo iwwerreecht kritt. Chrëschtdag war jo schliisslech net méi wäit ewech.

Aller au contenu principal