4 Televie-Dag an der PiKo-Schwämm zu Rodange

15/03/2019
} 02:57
m Année 2019
70 views

03.03.2019:

E ganzen Dag stoung de PiKo zu Rodange nees eng Kéier am Zeeche vum Télévie. Mat Zumba Fitness an Aqua Zumba goufe Grouss a Kleng emol esou richteg un d’Schweesse bruecht. Och Aquabike an Aquagym stoungen dagsiwwer um Programm.

Nomëttes gouf d’Ënnerwaasserwelt den Interessente méi no bruecht wéi si mat Membere vum Tauchclub hire „Baptême de plongée“ gemaach hunn. Wee weess, vläicht war dat jo fir deen een oder aneren den Ufank vun engem neien Hobby.

A selbstverständlech war den Erléis vun den Entréeën integral fir den Télévie.

Aller au contenu principal