4 Rock the South 2018

14/01/2019
} 03:33
m Année 2018
83 views

15.12.2018:

De 15. Dezember stoung nees eng Kéier de Rock the South um Programm am Home St Hubert zu Péiteng. Virun engem interesséierte Publikum hunn d'Museksgruppen Drife, Legacy of Atlas, Serpent Bite a Stelise hiert Bescht gi fir d’Jury z’iwwerzeegen. Knapps eng hallef Stonn hat jiddereen Zäit, seng musikalesch Kompositiounen un de Mann an un d’Fra ze bréngen.

Um Enn huet sech awer ee grousse Gewënner, de „Best Newcomer“ vun 2018 erausgeschielt: Legacy of Atlas, déi e Package vun Opnamen, Optrëtt a professioneller Hëllef am Wäert vun 1.000 Euro iwwerreecht kruten. Op de weidere Plaze louchen der Rei no Drife, Stelise a Serpent Bite.

 

Et kann een elo scho gespaant sinn op deen nächste Cru am Joer 2019!

Aller au contenu principal