4 Fête de la Ste Barbe 2018

17/12/2018
} 04:10
m Année 2018
83 views

01.12.2018:

De Bärbelendag zu Rodange huet scho moies mat enger Blummennéierleeung beim Monument vum Hellegen Eloi op der Fonderie ugefaangen, wou de Schmelzaarbechter geduecht gouf.

Nomëttes haten d‘Pompjeeën aus der Gemeng zesumme mam Aarbechter-Ënnerstëtzungsveräi vu Rodange d'Bärbelfeier zesummen organiséiert. Ugefaange gouf zu Rolleng beim Monument vun de Biergleit, wou Blummen néiergeluecht goufen.

Duerno goung et op Rodange wou, no enger klenger Zeremonie beim Park Godefroid,  déi Helleg Barbara vun de Pompjeeën am Cortège bis an d'Parkierch vu Rodange gedroe gouf.

No der Mass goung et nach an de Blobierg bei d'Monument vun de Biergleit an de Schmelzaarbechter ier den Éierepatt am Kulturzenter vun der Gemeng opgedëscht gouf.

Aller au contenu principal