4 Péitenger Niklosmaart 2018

12/12/2018
} 03:43
m Année 2018
86 views

Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen, esou housch et och dëst Joer nees um Péitenger Niklosmaart, deen de Syndicat d'initiative zesumme mat der Gemeng an de Lokalveräiner op d'Bee gestallt hat.

Vum 30. November bis den 2. Dezember 2018 goufen hei Dekoratiounsartikele fir Chrëschtdag awer och gutt Mäifelcher ugebueden. A fir e Patt Glühwäin war och gutt gesuergt - och ouni Alkohol!

Sonndesnomëttes waren d'Kanner um Dill wéi hire Patréiner, den Hellegen Niklos, mat der Ënnerstëtzung vu senge villen Engelcher fir Freed gesuergt huet. Déi Kleng kruten eng Tiitche mat Séissegkeeten, déi vu munch engem direkt huet mussen opgemaach ginn. Den Houseker hat och nawell e bëssen Aarbecht fir senge Rutte lass ze ginn. Et war nees fir jiddereen eppes derbäi.

Aller au contenu principal