4 Télévie 2018 à Rodange

08/05/2018
} 04:21
m Année 2018
122 views

21.04.2018:

Och déi 17. Editioun vum Télévie zu Rodange, dem “Centre permanent” vun der Péitenger Gemeng, war nees e groussen Erfolleg.

D’Wieder huet matgespillt a bei herrlech summerlechen Temperature stoung engem ganzen Dag Evenementer an a ronderëm der Sportshal näischt am Wee. Vun alen Tracteure bis zu deiere Karossen, vum Bichermaart bis zum Zumba, vum Country-Danze bis zum Concert, vum Bubble-Fussball bis zu de Majoretten, der Avant-Garde an nach villen aneren Acteuren, et war fir jiddereen eppes derbäi. Groussen Undrang gouf et och bei de Chaleten, wou eng ganz Palett ënnerschiddlech Spezialitéiten ugebuede goufen.

Wat awer sécher nach méi bemierkenswäert war, dat war de Scheck, deen owes iwwerreecht gouf. Do koumen nämlech am ganze 95.400 Euro zugonschte vum Télévie zesummen, Suen, déi gebraucht ginn an déi hoffentlech mat dozou bäidroe wäerten, eng Krankheet ganz an de Grëff ze kréien. Zu Rodange hu se dofir ganz vill geschafft. D’Resultat léisst sech wierklech weisen.

Aller au contenu principal