4 Inauguration de la nouvelle buvette et vestiaires du stade de football de Pétange

20/03/2018
} 06:55
m Année 2018
114 views

07.03.2018:

A Präsenz vum Sportminister Romain Schneider, dem FLF-President Paul Philipp, Memberen aus dem Péitenger Schäffen- a Gemengerot an der Union Titus Péiteng esouwéi enger ganzer Rei Gäscht gouf déi nei Buvette um Fussballsterrain zu Péiteng hirer Bestëmmung iwwerginn. Wéi de Buergermeeschter Pierre Mellina ënnerstrach huet, war et net just d’Buvette, mä och déi Vestiairen, déi elo offiziell dem Fussballsclub zur Verfügung stinn. 2016 goungen d’Aarbechten, déi 2,6 Milliounen Euro kascht hunn, un. Ronn 35% vum Käschtepunkt vun de Vestiairen - dat si bal 600.000 € - goufen als méigleche Subsid vum Ministère an Aussicht gestallt.

 

Aller au contenu principal