4 St Nicolas en visite à Pétange

13/12/2017
} 02:49
m Année 2017
107 views

03.12.2017:

Op der Gemengeplaz zu Péiteng war sonndes den 3. Dezember e ganz bekannte Mann zu Gaascht, op deen d'Kanner gären an der Rei stounge fir hien ze begréissen. Et war keen anere wéi de Kleeschen, deen sech ugekënnegt hat. Begleet gouf hie vum Housécker an e puer Engelcher, déi him gehollef hunn, seng Titercher un d'Kanner ze verdeelen. Esou munchereen huet schonn direkt op der Plaz ugefaang ze schneken, anerer hunn sech all déi gutt Saache mat heem geholl. Alles an allem, e gelongenen Nomëtteg, dee vill Freed gemaach huet.

Aller au contenu principal