Rockebilly Deluxe - Editioun 2017 zu Péiteng
09.09.2017:
Am Kader vum Weekend du Souvenir stoung och dëst Joer nees de Rockabilly Deluxe um Programm vun de Festlechkeeten zu Péiteng. E ganzen Dag laang war d’Musek aus de 50er a 60er Joren Tromp op der Plaz virun der Gemeng. Nieft Oldtimer, Pettycoat an Elvis-Roll war och d’Restauratioun amerikanesch ugehaucht. Just de Péitruss huet net ëmmer matgespillt, mee dat huet awer déi vill Gäscht net vun engem Besuch ofgehalen. A si blouwen och bis owes wéi den James Intveld zesumme mam Linda Gail Lewis ze begeeschtere woussten! En Erfolleg, deen all déi Aarbecht, déi am Virfeld gemaach gouf, belount huet.