Inauguration du Chalet Scout 'Am Doihl'
16.09.2017:
Mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Ministère awer och vun der Péitenger Gemeng ass zu Rodange am Doihl e fonkelneie Scoutschalet fir e bësse méi wéi 1 Millioun Euro gebaut ginn. A Präsenz vum Minister Claude Meisch, vu Memberen aus dem Péitenger Schäffen- a Gemengerot mam Buergermeeschter Pierre Mellina un der Spëtz a vu ganz ville Gäscht gouf dëst schéint an apaart Gebai offiziell ageweit. Opfalen dierft de Chalet net nëmme well e méi grouss ass, mee wéinst den iwwerdimensionale Mikadosstäbercher un der Fassad, déi garantéiert méi wéi ee virwëtzege Bléck op sech zéie wäerten.