4 Hype Pétange Up!

26/07/2017
} 02:01
m Année 2017
138 views

15.07.2017:

Hype Pétange Up! esou heescht ewell den Hip Hop Open Air Festival fir déi jonk Leit aus eiser Gemeng, déi sech fir dësen Event op der Skate-Piste zu Péiteng versammelt hate fir mateneen bei Musik, Danz, Gesang a gudder Laun den Ufank vun der Summervakanz ze genéissen an einfach nëmmen ze "chillen"! E gelongenen Nomëtteg, deen d'Gemeng an Zesummenaarbecht mat der Jugendkommissioun an dem Jugendhaus op d'Bee gestallt hat. À refaire! 

Aller au contenu principal