4 Nationalfeierdag 2017 an der Gemeng Péiteng

10/07/2017
} 07:21
m Année 2017
144 views

23. & 24.06.2017:

Den 23. Juni gouf zu Rodange de Lëtzebuerger Nationalfeierdag zelebréiert. Dësen offiziellen Deel huet mam Cortège vun der Sportshal bis an déi Rodanger Parkierch ugefaangen. No dem feierlechen Te Deum huet d'Gemeng op d'Receptioun an der Sportshal invitéiert, wou laangjähreg Mataarbechter vun der Gemeng esouwéi Pompjeeë geéiert goufen. Nomëttes an och samschdes stoungen op der Stadhausplaz an am Park hanner der Gemeng Aktivitéiten a Concerten um Programm. Eng ganz speziell Attraktioun war freides owes eng flott "Fire and Light Show" mam Titel "Baila Fuego"! 

Aller au contenu principal