4 Nationalfeierdag an der Péitenger Gemeng

29/10/2015
} 05:48
m Année 2015
156 views

23.06.2015:

D'Gemeng Péiteng - mat senge ronn 17.700 Awunner - ass sech sengem Stellewäert am Süde vum Land bewosst. Nationalfeierdag huet dohier méi wéi nëmmen e symbolesche Wäert a Bezuch op eis groussherzoglech Famill; et ass och en Dag, wou dem flotten Zesummeliewen tëscht Awunner vun alle Nationalitéite geduecht ka ginn. Doropper ass de Buergermeeschter vun der Gemeng Péiteng, Pierre Mellina, besonnesch houfreg, wéi een aus senger ganz emotionaler Ried eraushéiere konnt. 

No dem offiziellen Deel stoung e grousst Volleksfest am Zentrum vu Péiteng um Programm, bei deem fir jiddereen eppes dobäi war. Bis an de spéiden Owend eran hate sech dofir och vill Leit zu Péiteng afonnt fir zesummen ze feieren, ier e spektakulärt Freedefeier den Ofschloss vun engem gelongenen Dag agelaut huet.

Aller au contenu principal