4 Wisi-Cup 2015

29/10/2015
} 05:05
m Année 2015
95 views

13. & 14.06.2015:

Déi 16. Editioun vum Wisi-Cup bestätegt net nëmmen d'Traditioun vun dëser eenzegaarteger Handball-Manifestatioun, mä och d'Bereetschaft an den Engagement vun de Veräiner, fir sech an d'Jugendaarbecht z'investéieren.

Mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Péiteng ass et dem Handball Club vun der Gemeng Péiteng an dem Organisatiounscomité vum Wisi-Cup och dëst Joer erëm gelongen, fir iwwer 60 Equipen - an domadder wäit iwwer 600 Jugendlecher - zu Rodange den zweete Juni-Weekend 2015 z'ënnerhalen. Handball op engem Fussballterrain spillen ass méiglech an dovunner konnten och eng sëllechen Zuschauer sech iwwerzeegen.

Aller au contenu principal