4 Centre WAX à Pétange - Inauguration

20/03/2015
} 05:57
m Année 2012
133 views

18.10.2012:

Déi fréier Péitenger Millen gouf no de Renovatiounsaarbechten enger neier Bestëmmung zougefouert

A Präsenz vun der Kulturministesch Oktavie Modert, de Gemengeverantwortlechen an enger ganzer Rei Éieregäscht, gouf den 18. Oktober 2012 den neie Centre de rencontre socio-culturel „Centre WAX“ offiziell ageweit. Musikalesch ënnermoolt gouf dës Feier vum Andrée Mergenthaler an dem Christophe Reitz.

Am Joer 2000 koum d’Millen an de Besëtz vun der Péitenger Gemeng an een internationalen Architekteconcours gouf ausgeschriwwen, bei deem de Projet vun der Architektin Tatiana Fabeck zeréckbehale gouf.

Nodeems de Stat an de „Service des Sites et Monuments“ zougesot haten, sech zu engem Drëttel un de Käschten ze bedeelegen, gouf virun 3 Joer mat de Renovatiounsaarbechten ugefaangen. E grousse Wäert gouf dobäi op den Erhalt vun der Bausubstanz, déi scho bestanen huet, souwéi der Restauratioun vun deenen ale Maschinne geluegt.

Haut fënnt een am “Centre WAX“ um Rez-de-chaussée eng Brasserie an e Restaurant mat flotter Terrass, um éischte Stack Raimlechkeeten, an deene Kënschtleratelieren ugebuede kënne ginn, an ënner dem Daach e Sall, dee sech fir Versammlungen, Empfäng oder awer och fir Klengkonscht a Filmvirféierungen eegent.

Gesamtkäschtepunkt vun de Renovatiounsaarbechten: 7,5 Milliounen Euro

Aller au contenu principal