Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées ou vendues
sans l’autorisation préalable de l’administration communale de Pétange​​

18.03.2026

Aweiung 2026 – D’Enseignante vun der Péitenger Museksschoul op der Bün, 1. Deel

Péiteng

© Commune de Pétange / Paulo Lobo

Och wann een enseignéiert, bleift een nach ëmmer een aktive Museker deen, aus Léift zu sengem Instrument, reegelméisseg Concerte spillt.
Dës Kéier waren et d’Enseignanten déi op der Bün stoungen an hir Schüler, déi duerften nolauschteren.

 

 

15.03.2026

De Péitenger Wand, dee bléist, dee bléist, dee bléist

Péiteng

© Commune de Pétange / Laurent Blum

Op Halleffaaschte war Péiteng nees am Ausnamezoustand – an zwar wéi! Déi 69. Editioun vun eiser Kavalkad huet d’Stroosse mat Faarwen, Musek a gudder Laun gefëllt. Iwwerall ware stralend Gesiichter ze gesinn, a Kamellen, Chipsen, Konfetti a Popcorn si duerch d’Loft geflunn. An natierlech gouf och deen een oder anere Patt mat engem Laachen entgéintgeholl. 🍬🥂

Mat 69 Gruppen a Ween, déi op engem 2,5 Kilometer laange Parcours fir eng onvergiesslech Atmosphär gesuergt hunn, konnt kee laanschtgoen, ouni sech vun der Fuesstëmmung ustiechen ze loossen. Och eis jumeléiert Stied waren dobäi a hunn dëst flott Fest mat gefeiert. 🎶💃

 

 

14.03.2026

Aweiung 2026 – Jeff Herr Corporation an Korus

Péiteng

© Commune de Pétange / Paulo Lobo

De 14. Mäerz huet d’Jeff Herr Corporation de Public am Korus begeeschtert. Nieft dem Batteur a Bandleader Jeff Herr stoungen de Maxime Bender um Saxophon an de Pol Belardi op elektrescher Bass a Synthesizer op der Bün.
Mat hirem moderne Mix aus Jazz, Improvisatioun an elektronesche Kläng huet den Trio fir eng intensiv a faszinéierend Atmosphär gesuergt.

 

 

14.03.2026

Ennerschrëft vum Jumelage mat der Stad Tivat am Montenegro zu Péiteng

Péiteng

© Commune de Pétange

Zu Péiteng gouf offiziell de Jumelage tëscht der Gemeng Péiteng an der montenegrinescher Gemeng Tivat ënnerschriwwen. D’Buergermeeschteren hunn dëse wichtege Schrëtt fir eng zukünfteg Zesummenaarbecht besigelt, feierlech encadréiert vun der Péitenger Harmonie mat den zwou Nationalhymnen.
Eng Delegatioun aus Tivat war och bei der Péitenger Cavalcade dobäi – e schéint Zeeche vun enger neier Frëndschaft tëscht den zwou Gemengen.

 

 

8.03.2026

Aweiung 2026 – Luxembourg Jazz Orchestra mam Luca Sales

Péiteng

© Commune de Pétange / Paulo Lobo

De Concert mam Luxembourg Jazz Orchestra war e musikaleschen Highlight. Den dynameschen Ensemble, gegrënnt viru méi wéi 30 Joer an ënnert der Leedung vum Ernie Hammes, huet mat enger impressionanter Mëschung aus Virtuositéit, Improvisatioun a kreativen Jazzkläng d’Publikum begeeschtert. Mat engem Programm, deen traditionellen Jazz mat modernen Aflëss verbënnt, huet den Orchester eng onvergiesslech Atmosphär geschaf. Um Piano war de Luca Sales an um Saxophon de Joël Metz ze héieren – allebéid Enseignanten an der Péitenger Museksschoul.

 

 

8.03.2026

Beauty Day um Weltfraendag

Péiteng

© Commune de Pétange

Internationale Fraendag – um 8. Mäerz, e Samschdeg ganz am Zeeche vun der Fra! An der Maison de la culture “A Rousen” zu Péiteng gouf d’Kraaft, d’Schéinheet an d’Selbstvertraue vun de Frae gefeiert. Tëscht Wuelbefannen, Beauty an Empowerment konnten d’Visiteure ë. a. Coiffure- a Beauty-Berodungen, Manikür, Massagen, Make-up-Workshops an eng kleng Fotosessioun genéissen. E grousse Merci un all d’Participanten an un all déi Fraen, déi dësen Nomëtteg esou speziell gemaach hunn.

 

 

27.02.2026

📸 Kapesëtzung vum KaGePe🎭🎶

Lamadelaine

© Commune de Pétange/ Laurent Blum

Taucht an d’Stëmmung vun eisen eenzegaartege Kapesëtzungen an! Hei fannt Dir e puer impressionnant Andréck vun engem Owend voller Humor, Dänz a Musek. 🎉
😂 Sketcher, déi d’Laachmuskelen ureegen, 💃🕺 Dänzer, déi d’Bühn zum Biewe bréngen, 🎤 Musek, déi jiddereen maträisst, a 🥂 Momenter, déi een net vergësst – dat alles mécht d’Kapesëtzunge vum KaGePe zu engem onvergiesslechen Erliefnis! 🎭🎶

 

 

27.02.2026

Feierlech Aweiung vum Centre musical et culturel Korus mat akademescher Sëtzung

Péiteng

© Commune de Pétange/ Laurent Blum

No laanger Bauzäit war et endlech esou wäit: D’Péitenger Museksschoul an de Centre musical et culturel Korus goufe feierlech ageweit. Bei enger akademescher Sëtzung hu Schüler aus der Museksschoul – aus de Klasse vum Jerry Dahm, Gesine Kolb a Bardo Michaelis – fir de musikaleschen Encadrement gesuergt.

Als besonneschen Highlight vum Owend huet den Orchestre de Chambre du Luxembourg ënnert der Direktioun vum Fabrizio Ventura e Concert ginn, mat ënnert anerem der Holberg Suite vum Edvard Grieg. Um Piano konnt d’Publikum sech och op de fréiere “Rodanger Jong” Francesco Tristano freeën, dee Wierker vum Johann Sebastian Bach a seng eege Kompositioune presentéiert huet. 🎶

 

28.02.2026

🌊 Aquakino an der PIKO zu Rodange 🎥

Rodange

© Commune de Pétange

Den 28. Februar 2026 huet sech d’PIKO an eng eenzegaarteg Kino-Welt verwandelt – Filmer kucken am Waasser!
Den Ustuerm war riseg an d’Stëmmung top!
DJ, Niwwelmaschinn a beschte Vibes de ganzen Nomëtteg an Owend.
Mat 50 Inselen am Baseng konnt ee gemittlech chillen a genéissen.
E grousse Merci un de Cercle Nautique vu Péiteng fir d’Sécherheet ënner Waasser!
Merci un all déi dobäi waren – mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun!

 

 

22/23.02.2026

Buergbrennen 2026🔥🔥

Péiteng, Lamadelaine, Rodange

© Commune de Pétange /ANR Samantha Rabiller, CISP Louis Spautz, LGS Péiteng

Zu Péiteng, Rolleng a Rodange gouf och dëst Joer nees d’traditionellt Buergbrennen gefeiert – eng Traditioun, mat där de Wanter symbolesch fortgejot gëtt.
Och wann d’Wieder sech net ëmmer drun hält, ass et op alle Fall e festlechen Ufank fir d’Fréijoer!
Zu Péiteng hunn d’Guiden a Scouten d’Organisatioun an d’Opbau vum Feier iwwerholl, während zu Rolleng d’Pompjeeën an zu Rodange d’Amicale Nidderréideng déi mat vill Asaz d’Buergen opgeriicht hunn.
Egal op mat enger Fackel an der Hand oder als Zuschauer am Hannergrond, d’Participanten hunn d’Evenement genoss an zesummen ee flotte Moment verbruecht.
D’Buergbrennen beweist all Joer erëm, wéi wichteg Traditiounen an Zesummenhalt an eiser Gemeng sinn. Mir freeën eis schonn op d’nächst Joer! 🔥

 

 

13.02.2026

Gemengestiermung 2026🔑

Péiteng

© Commune de Pétange/ Claude Piscitelli

 Jo, den 13. Februar war et nees esou wäit: D’Gecke kruten – ganz offiziell – de Schlëssel vun der Péitenger Gemeng aus den Hänn vum Buergermeeschter iwwerreecht. Eng Traditioun, op déi sech all Joer vill Leit freeën, an dëst Joer war d’Freed natierlech nees immens grouss. 

Wann et de Fuesfrënn nogeet, da ginn et an de kommende Wochen e puer Reglementer, déi net onbedéngt ze eescht solle geholl ginn… Mat der KaGePe Strëpp sinn si all zesummen op d’Gemeng gezunn, wou vill Laachen, gutt Stëmmung a richteg Fuesambiance op der Dagesuerdnung stoungen.

D’Prënzekoppel Andy I a Lis I – a Begleedung vun der Kannerprënzekoppel – waren natierlech houfreg wéi ni, wéi si hir nei „Reegelen“ virgestallt hunn. Vun elo un an dat bis zum Enn vun der Fueszäit – also bis den Dag no der Kavalkad – hunn d’Gecken d’Soen zu Péiteng.

Eng Iwwerreechung voller Spaass, Faarf a gudder Laun – genee esou, wéi d’Fuesent soll sinn!

 

 

13.02.2026

Visite vun der brittescher Ambassadrice zu Péiteng

Péiteng

© Commune de Pétange

Mir haten d’Éier, déi brittesch Ambassadrice Joanne Olivier zu Péiteng begréissen ze dierfen. 🇬🇧
Si gouf vum Buergermeeschter offiziell empfaangen an huet sech am gëllene Buch vun der Gemeng agedroen. Am Uschloss krut si eise flotten touristesche Film am Sëtzungssall gewisen, fir e besseren Abléck an d’Liewen an d’Dynamik vu Péiteng ze kréien.

Duerno stoung e klenge Tour duerch d’Gemeng um Programm, mat Visite beim KORUS, beim Audeo, bei Radio PoA, am Centre QT, an der PiKo Schwämm souwéi beim Wax.
Et goufen interessant Gespréicher gefouert. Eng schéi Geleeënheet fir den Austausch ze stäerken

 

 

1.02.2026

Faarweg Kostümer a vill Laachen um MEGA KANNERBAL vum KaGePe 2026

Lamadelaine

© Commune de Pétange

Sonndes, den 1. Februar, huet de MEGA KANNERBAL vum KaGePe zu Lamadelaine am Centre de Loisirs stattfonnt, wou bei beschter Stëmmung d’Kannerprënzekoppel – Prënz Nicolas I a Prinzessin Chiara I – gewielt ginn ass.
D’Atmosphär war einfach super, an d’Kanner haten immens vill Spaass bei de ville Spiller, déi zesumme gespillt goufen.

 

 

30.01.2026

Assises culturelles et sportives

Péiteng

© Commune de Pétange

An der Maison de la Culture “A Rousen” waren d’Péitenger Veräiner invitéiert, fir iwwer Neierungen an iwwert de Manifestatiounskalenner vun der Gemeng informéiert ze ginn.
Och iwwert de Pakte du Vivre Ensemble konnt een sech informéieren.

 

 

24.01.2026

De Fraesport am Mëttelpunkt

Péiteng

© Commune de Pétange

Am Kader vun der „Journée internationale du sport féminin“ hat d’Gemeng am Sportzenter Bim Diederich Kampfsportveräiner aus der Gemeng Péiteng an doriwwer eraus begréisst, déi sech gezielt dofir engagéieren, datt Fraen sech besser verdeedege léieren. Och d’Police war mat hirem „Self-Defense Club“ mat enger Ekipp op der Plaz vertrueden. Eng flott Aktioun, fir Stäerkt, Selbstvertrauen an Gläichberechtegung duerch de Sport ze fërderen.

 

 

1.01.2026

Cyclocross 2026

Pétange

© Commune de Pétange / UCP

Zu Péiteng ass et um Neijorsdag sportlech hiergaang. Beim Cyclocross hunn d’Coureuren a Coureusë staark Leeschtunge gewisen. Bei den Hommes Juniors huet de Lëtzebuerger Ben Koenig eng gutt 4. Plaz erreecht. An der Kategorie Femmes Elite huet d’Liv Wenzel de 1. Plaz erfueren, virun der Nina Berton op der 2. Plaz – domat waren zwou Lëtzebuergerinnen um Podium vertrueden. Bei den Hommes Elite huet de belsche Coureur Gerben Kuypers gewonnen; de Lëtzebuerger Mil Morang ass op enger staarker 9. Plaz ukomm.

 

 

13.01.2026

Neijoerswënsch an der Seniorie St Joseph an an der Résidence Ronnwiss zu Rodange

Pétange /Rodange

© Commune de Pétange

An der Seniorie St. Joseph zu Péiteng an duerno am Foyer Ronnwiss zu Rodange haten sech Memberen aus dem Schäffenrot vu Péiteng afonnt fir de Pensionären hir Neijoerschwënsch z’iwwerbréngen. Eng gutt Geleeënheet fir e puer Wuert mateneen ze schwätzen an ze gecksen.

Mat eidelen Hänn kommen d’Politiker awer ni heihinner, an esou kruten d’Leit och dëst Joer alleguer e flotte Kaddo fir 2026 gutt unzefänken.

 

 

 

18.01.2026

Télévie Zumbathon 2026

Rodange

© Commune de Pétange / Laurent Blum

Le 18 Janvier s’est tenu un évènement caritatif au profit du Télévie Rodange au Hall Sportif de Rodange, organisé par les Zchicas Luxembourg en collaboration avec la Commune de Pétange.
À cette occasion, nous avons eu l’honneur d’accueillir Kalidou Diallo, présentateur de Zumba venu de Paris, dont l’énergie et l’engagement ont largement contribué au succès de la manifestation.
Des instructeurs de Zumba locaux ont également rejoint l’évènement et se sont mobilisés avec enthousiasme pour soutenir cette noble cause. Leur participation a permis de créer une ambiance conviviale et solidaire, rassemblant de nombreux participants autour des valeurs de partage et de générosité portées par le Télévie.
Cet évènement a été un beau moment de solidarité et d’engagement collectif au service de la lutte contre le cancer.

 

 

Aller au contenu principal