4 Après-midi de loisirs "Vakanzaktioun" - édition 2019

29/08/2019
} 01:47
m Année 2019
50 views

Zënter méi wéi 2 Joerzéngten organiséiert d’Gemeng Péiteng all Joer um Ufank vun der grousser Vakanz eng ganz Rei Aktivitéite fir d’Kanner aus der Grondschoul. Vum Molen iwwer Spillen, Rätsele léisen an eng sëllechen Ausflich ass fir jiddwer Alter eppes derbäi. An d’Zuele vun de Kanner, déi all Joer matmaachen am Laf vun hirer “Carrière” an der Grondschoul ass dee beschte Bewäis, datt dës Nomëtteger den Nol op de Kapp treffen.

Zu Rodange huet dëst Joer och nees dat grousst Ofschlossfest stattfonnt, wou d’Schüler a Schülerinnen zesumme mat hiren Elteren e puer Stonnen an enger flotter Ambiance verbruecht hunn. Selbstverständlech stoungen och e puer Opféierunge vun deene verschiddenen Zyklen um Programm.

Ganz zum Schluss krut d’Fondatioun Kriibskrank Kanner e Scheck iwwer 1.100 Euro iwwerreecht, den Erléis aus de Bastelsaache vun de Kanner aus der Maison Relais an den Dagesprofit vun de Veräiner, déi um Ofschlossfest den 2. August 2019 deelgeholl hunn.

Aller au contenu principal