4 Péitenger Kannergemengerot

05/02/2019
} 01:03
m Année 2019
103 views

Säit 2013 besteet zu Péiteng e Kannergemengerot. Dëst Joer ass en neie Kannergemengerot gewielt ginn, deen elo fir 2 Schouljoer am Asaz ass. De 14. Januar sinn de Kannergemengerot mam Schäfferot an 2 Membere vum Gemengerot eng éischte Kéier zesummekomm.

Nodeems de Buergermeeschter seng Équipe virgestallt huet, hunn d’Kanner sech an hir Projeten, déi hinnen um Häerz leien, virgestallt.

An du koum et och schonn zum grousse Moment vun der Wiel vum Buergermeeschter. Ganz wéi déi Grouss, hunn d’Kanner mat der Urn direkt am éischten Tour den Noa Oliboni zum neie Kannerbuergermeeschter gewielt. Ganz kollegial huet dee grousse Buergermeeschter Pierre Mellina dem Schüler vu Lamadelaine gratuléiert.

Duerno gouf sech schonn um Éierepatt iwwert déi zukënfteg Zesummenaarbecht ausgetosch.

Aller au contenu principal