Réponse à la question de M. Chris Bernard (Piraten) du 31 décembre 2023

Question écrite du 31 décembre 2023 :

Betrëfft: Néit Parkkonzept zu Péiteng

Bei der Präsentatioun vum Budget, den 8. Dezember 2023 huet den zoustännege Schäffe, dat néit Parkkonzept zu Péiteng fir d’Haaptstrooss, virgestallt. Insgesamt sollte 6 digital Parkaueren installéiert ginn, déi dem Typ vum Parking « a Rousen » entspriechen. Gewosst ass, dat dëst Parkauere reegelméisseg hors Service sinn, an d’Persounen, déi de Parking benotzen, net ganz zefridde sinn, wat Manipulatioun an de Konzeptionnissmus vun de Parkaueren ugeet.
Ee Motiv fir d’Parkauere laanscht d’Haaptstrooss vu Péiteng ze installéieren ass d’Suppositioun, dat de Schäfferot eng gewësse kriminell Oder observéiert huet wat Parkverhaalen op dëser genannter Strooss ugeet. Gewosst ass dat ee bis dato et och net méiglech war säi Gefier onendlech laang ze stationéieren.
Et ginn eng Zuel vun Betriber déi sécherlech een Nodeel hunn, bei dem néie Konzept vun den digital Parkaueren. Hei sti besonnesch déi Geschäftsleit am Fokus, déi an der Gastronomie, spriech Restauranten an Déngschtleeschtungsbetrib wéi Coiffeursalonen. An deem Zesummenhang an op Basis vum Artikel 25 vum Gemengegesetz, wéilt ech Iech folgend Froe stellen:

Huet sech den zoustännegen Schäffen sech a Verbindung mat eise péitenger Geschäftsleit gesat, fir dëst néit Parkkonzept virzestellen an eventuell Réckmeldungen ze kréien?
Wéi eng Plus value erwaart sech de Schäfferot mat den digitale Parkauere vis-à- vis vun de Parkscheiwen?
Wäert a Zukunft, Pflichtbewosstsenn vu méi Kontrolle ,den « Agents minicipaux » iwwerdroe gi fir déi Oneierlecher ze pëtzen?
Eng Stonn fräi parke bléift och beim néie Parkkonzept bestoen. Wisou kann een, no der Meenung vum zoustännege Schäffen, dëst Stonn net wei gewinnt mat der Parkscheif ugoen?
Ass et richteg dat déi digital Parkaueren d’Nummereschëlder späichert, an dëst iwwer 24h? Wann jo, da kéint eng Persoun net e puer Mol parke kommen, wann säi Stationnement jeeweils ënnert enger Stonn leit?
Wann dëst Parkkonzept dem Parking « a Rousen » änelen soll, géifen dann och Luedstatiounen fir Elektroautoe virgesi ginn?
Op wei vill Meter Distanz wäerten déi jeeweileg Parkaueren installéiert ginn?
Zitt de Gemengerot an Erwägung, d’Digitalparkaueren op aner Stroossen ze erweideren, wou bis elo och mat Parkscheiwen ka geparkt ginn?
Ass sech den Gemengenrot bewosst, dat et Betriiber zu Péiteng ginn, déi op hir eegen Parkplaatzen zerëckgréifen kënnen, woubäi aner Betriiber dat net kennen?
Muss een och bei den Luedestatiounen, digital Parkaueren benotzen fir eng Stonn kënnen gratis ze parken?
Wéi oft sinn digital Parkaueren um Parking « a Rousen » am Schnëtt « hors service » gewiescht (a Stonnen oder an Deeg ausgedréckt)? Wat waren d’Grënn fir den Ausfall vun de Parkaueren?

Réponse écrite du 30 janvier 2024 du collège des bourgmestre et échevins :

1. Mir hu punktuell mat Geschäftsleit aus der Gemeng geschwat, mee leider war et net méiglech mat hinnen All zesummen ze schwätze well et jo bekanntlecherweis keng Union commerciale méi gëtt.
2. Fir an Zukunft Abusen ze evitéieren well Leit am Moment den Disque einfach all Stonn dréie gi wat net den Zweck vun der Saach ass. Deen neie System wäert et de Leit erméigleche méi einfach eng fräi Parkplaz an deene concernéierten Zonen ze fannen.
3. Vu datt de Pool vun eisen Agents Municipaux opgestockt ginn ass, kënne mir an Zukunft méi efficace an effizient Kontrolle maachen.
4. Mir si bei enger Stonn gratis parke bliwwe well ee fir verschidde Geschäftsaktivitéiten eng Stonn brauch. (cf Äntwert N° 2).
5. Jo, d‘Donnéeë ginn effektiv 24 Stonne gespäichert. Pro Plaquenummer huet een 1 Stonn Moies an 1 Stonn Mëttes ze gutt.
6. Um Parking “A Rousen” gëtt et kee Parkkonzept an deem Sënn.
7. An der Regel tëschent 75 an 100 Meter.
8. Momentan ass dëst nach net virgesinn.
9. D’Gemeng weess net wéi eng Betriber en eegene Parking hunn a wéi eng net.
10. Nee, bei Luedestatioune muss een net déi digital Parkauere benotze mee eng Parkscheif. En entspriechend Schëld mat alle Parkinformatioune steet bei all Luedestatioun.
11. Um Parking “A Rousen” sti keng Parkaueren.

Réponse à la question de M. Christian Welter (Piraten) du 17 janvier 2024

Question écrite du 17 janvier 2024 :

Betrëfft: Alerte Rouge 17. Januar – Wiederconditiounen

De 16te Januar 2024 huet d’Regierung eng Alerte Rouge fir de 17te Januar 2024 wéinst de geféierleche Wiederconditiounen ausgeruff. Et ass an der Nuecht extrem geféierlechen Äisree gefall. D’Schoule sinn doduerch zou bliwwen an d’Bevëlkerung gouf dozou opgeruff doheem ze bleiwe wa méiglech. Souguer d’Post huet d’Ausliwwerung vum Courrier deen Dag si gelooss an eng grouss Partie Gemengen am Land hunn och d’Collectes de Déchets annuléiert. An eiser Gemeng goufe wéinst de Wiederconditiounen och dat eent oder anert Evenement ofgesot. Laut Aenzeien (mech selwer inclus), gouf an eiser Gemeng haut de Moien awer eng Collecte de Déchets duerchgefouert.
An deem Zesummenhang an op Basis vum Artikel 25 vum Gemengegesetz, wéilt ech Iech dréngend folgend Fro stellen:

Mat wéi enger Begrënnung gëtt d’Personal vun der Gemeng Péiteng mat engem Poubellescamion bei enger Alerte Rouge a spigelglate Stroossen awer eraus op d’Strooss geschéckt?

Réponse écrite du 16 février 2024 du collège des bourgmestre et échevins :

Fir de 16. Januar hat d’Regierung eng Alerte Rouge wéinst de Wiederconditiounen ausgeruff. De Plan de continuité d’activité communal (PCA) vun der Gemeng gesäit fir dass an esou Fäll eng ganz Rei essentiell Servicer weiderhin assuréiert ginn.

D’Gemengeservicer gi laut uewe genanntem PCA an 3 Kategorien agestuuft. D’Salubritéit gehéiert zu de Gemengeservicer aus der Kategorie A, dat heescht déi Servicer déi absolut essentiell sinn. Aus der Ursaach ass deen Dag an eiser Gemeng, wéi och an deenen anere Gemengen aus dem Süden vum Land déi hir Offallentsuergung mat hiren eegene Servicer assuréieren, wéi z.B. Déifferdeng an Esch/Uelzecht, de Poubelleswon erausgeschéckt an d’Collecte vun de Valorlux-Tuten duerchgefouert ginn.

Zeréckzebehalen ass och datt eis Équipen zu kengem Moment gemellt hunn, datt et bedenklech gewiescht wier d’Collecte duerch ze féieren. Falls esou eng Informatioun vun eisen Équipë komm wier, hätte mir deem selbstverständlech Rechnung gedroen an eise Matbierger eng deementspriechend Informatioun iwwer eis Kommunikatiounskanäl zoukomme gelooss.

Réponse à la question de M. Jean-Pierre Ecker (Piraten) du 1 février 2024

Question écrite du 1 février 2024 :

Betrëfft: Rue Jos Moscardo zu Rodange

An der Rue Jos Moscardo sinn a leschter Zäit eng Partie Mängel opgetrueden. Éischtens ass d’Afaart zur Bushaltestell an engem schlechten Zoustand, de Pavé ass scho labber, kromm an net méi op der selwechter Héicht.

Dat ganz Fundament ass staark beschiedegt. Zweetens gouf de Foussgängerstreifen eréischt virun dréi Méint fäerdeg gestallt an eio sinn d’Plättercher vum Trottoir Iabber, kromm an net méi op der selwechter Héicht.

An deem Zesummenhang an op Basis vum Artikel 25 vum Gemengegesetz, wéiit ech iech folgend Froe stellen:

1. Ech géif gäre wëssen, wat d’Gemeng mecht, fir déi Problemer ze behiewen?
2. D’Strooss an d’Bushaltestell sinn eréischt viru manner ewéi zwee Joer gebaut ginn. Sollt do net d’Firma, déi d‘Aarbechten ausgefouert huet, d’Verantwortung iwwerhuelen, bzw. existéiert eng Garantie oder Versécherung, fir dass net Steiergelder fir d’Reparatur musse benotzt ginn?

Réponse écrite du 1er mars 2024 du collège des bourgmestre et échevins :

1. D’Gemeng ass momentan a Kontakt mat den zoustännegen Entreprisë fir dës Problemer ze behiewen.
2. D’Reparature vun de jeeweilege Plaze ginn nach am Kader vun de verschiddene Chantieren iwwerholl an et wäerte keng zousätzlech Käschte fir d’Gemeng entstoen.

Réponse à la question de M. Jean-Pierre Ecker (Piraten) du 1 février 2024

Question écrite du 1 février 2024 :

Betrëfft: Mängel tëschent dem Parhaus an der Kierch am klengen Haff

Awunner vu Rodange hu mech informéiert, dass erëm Mängel tëschent dem Parhaus an der Kierch am klengen Haff opgetruede sinn. De Pavé ass erëm iwwerall labber. Dëse gouf eréischt am November vun der Gemeng reparéiert a weist elo leider schonn erëm sou vill Mängel op.
An deem Zesummenhang an op Basis vum Artikel 25 vum Gemengegesetz, wéilt ech iech folgend Froe stellen:

1. Wéi plangt d’Gemeng, déi Situatioun ze verbesseren?
2. Wéi eng Schrëtt goufe vun der Gemeng ënnerholl, fir dofir ze suergen, dass de Pavé net méi esou schnell futti geet?

Réponse écrite du 1er mars 2024 du collège des bourgmestre et échevins :

Mir wëlle kloer drop hiweisen dass et sech hei net ëm “Mängel” handelt, mee dass déi betraffe Pavésteng bewosst duerch friem Manipulatioune lass gemaach ginn. Et ass ëmmer erëm traureg musse festzestellen datt esou Plazen an eiser Gemeng dem Vandalismus zum Opfer falen.

Réponse à la question de M. Chris Bernard (Piraten) du 3 février 2024

Question écrite du 3 février 2024 :

Betrëfft: Kräizung (zwëschent der route Longwy, der rue des Jardins an der rue Pierre Grégoire)

Op der Héischt vum grousse Supermarché zu Péiteng, mei genau op der Kräizung zwëschent der rue Pierre Grégoire an der route de Longwy ass een Haus ze verkafen.

Den Terrain vum ugeschwatem Haus, reecht bis an des Kräizung eran, plus mëscht dësen Terrain d’Ugrenzung un d’rue des Jardins, wat parallel Strooss vun der route de Longwy ass.

Gewosst ass dat a Richtung Zone commerciale een néie, weideren, Supermarché geplangt ass an dat op der ongerouter Stroossesäit vun der route de Longwy, säitens vun der Hausnummer 59, rue des Jardins, eventuell eng nei Stroosemündung vum Wunnquartier Projet um fréiere Site Eucosider ugeduecht ass.

Mir Piraten haten eis an der Vergaangenheet dofir ausgeschwat op dëser Platz ee Giratoire unzeleeën. Dës konzeptionell Verkéiersplanung promouvéieren mer, fir op eng ugoen Circulationsdensiteit ze reagéieren.

An deem Zesummenhang an op Basis vum Artikel 25 vum Gemengegesetz, wéilt ech Iech folgend Froe stellen:

1. Huet de Gemengerot sech schonn zukunftlech Gedanken iwwert de Verkéierskonzept vun dëser Kräizung (zwëschent der route Longwy, der rue des Jardins an der rue Pierre Grégoire) gemaach?
2. Kéint de Gemengerot sech virstellen dësen Terrain unzeschafen, fir an noer Zukunft d’Verkéierskonzept op dëser Platz entscheed ze verbesseren a matgestalten ze kennen?

Réponse écrite du 1er mars 2024 du collège des bourgmestre et échevins :

1. All d’Kordall Gemenge schaffen an Zesummenaarbecht mat der Administration des Ponts et Chaussées un engem regionale Mobilitéitskonzept. An deem Kontext ass parallel de Schäfferot mam Bureau Schroeder & Associés a mat den eenzelnen Kordall Gemengen a Verbindung fir gemeinsam e lokaalt Mobitéitskonzept ze gestalte wat an dat globaalt Mobilitéitskonzept mat agebonne gëtt.
2. Als Äntwert op är zweet Fro kläert de Schäfferot gemeinsam mat der Administration des Ponts et Chaussées , ob de Kaf vum Haus eng Plus-value wier a falls et vun der Administration des Ponts et Chaussées erwënscht ass, kann de Schäfferot déi éischt Gespréicher mat de Proprietairë féieren, fir hinnen de Projet virzestellen an den Interesse vum Staat matzedeelen.

Réponse à la question de Mme. Teresa Monteiro (Piraten) du 6 février 2024

Question écrite du 6 février 2024 :

Betrëfft: Liichtmëssdag

De Liichtmëssdag, deen all Joer den 2te Februar stattfënnt, ass dëst Joer op e Freide gefall, wat sécherlech dozou bäigedroen huet, dass d’Participatioun vun eisen jonken Matbierger méi grouss war ewéi an anere Joren. Sëlleg Korteeger um Liichtmëssdag ginn traditionell an den Owesstonnen duerchgezunn.

Elo ass et awer esou, dass wärend de Wanterméint wärend den Owesstonnen d’Fuerkonditiounen fir den Autosfuerer net optimal sinn an doriwwer eraus d’Gemeng Péiteng eng Plaz mat engem staarken Duerchgangsverkéier wärend den Owesstonnen ass. Fir d’Kanner, déi deels ënner Begleedung, deels fräi vun Haus zu Haus zéien, ass dëst natierlech ee Risiko.

Nach d’Iescht Woch gouf an eiser Gemeng zum Beispill ee Foussgänger am Stroossenverkéier ugestouss. Déi Woch virdrun och.
An deem Zesummenhang an op Basis vum Artikel 25 vum Gemengegesetz, wéilt ech lech folgend Fro stellen:

1. Firwat huet d’Gemeng Péiteng keng Schëlder opgestallt, fir d’Autosfuerer drop hin ze weisen, dass wann se duerch eis Gemeng fueren, Kanner ënnerwee sinn?

Réponse écrite du 7 mars 2024 du collège des bourgmestre et échevins :

Stand haut besëtzt d’Gemeng Péiteng keng Verkéiersschëlter fir dëst Evenement. Et ass wuel eng interessant Iddi an dowéinst ass déi och scho vum Schäfferot an Optrag geholl ginn. An dem Kontext gëtt eng Analyse vu sämtlechen offiziellen Ereegnesser gemaach, fir dat déi nächst Joren all Cortège mat Beschëlderung gutt ofgeséchert ass.

Aller au contenu principal