4 63e Cavalcade à Pétange

20/03/2018
} 05:00
m Année 2018
317 views

11.03.2018:

De Péitenger Wand, deen huet och dëst Joer nees ganz kräfteg geblosen wéi op Halleffaaschten d’Gecken duerch d’Stroosse gezu sinn. D’Kavalkad hat, ewéi dat schonn eng Traditioun ass, e Mier vu Leit vun no a vu wäit ugelackelt, déi sech zu béid Säite vun der Strooss gutt platzéiert hate fir d’Bonbonen an aner Schnekereien zougeschoustert ze kréien. An de Péitrus schéngt och e Fan vun der Fuesent ze sinn, well de Reen hat sech fir dëse groussen Event am Minett verzunn. Flott Ween, Musiken, Dänzer a Fuesboken hunn sech am Cortège ofgewiesselt, an esou ass kengem d’Zäit laang ginn. Nodeems dee leschte Geck laanscht war, d’Stroosse lues a lues eidel goufen, war am Festzelt op der Maartplaz nach bis spéit an den Owend eng méi lass. Alles an allem e gelongenen Dag. Elo heescht et nees waarden...bis den 11.11. déi nei Fuessaison opgeet. 

Aller au contenu principal